Walrecht bei de Gemengewale fir all d'Residente vum Grand-Duché

D'Ministesch fir Famill an Integratioun, Corinne Cahen, d'Inneministesch Taina Bofferding, an d'Justizministesch, Sam Tanson, begréissen de Vott vu gëschter an der Chamber zum Gesetz fir d'Ännerung vum geännerte Walgesetz vum 18. Februar 2003.

Dës Ännerunge viséiere besonnesch d'Ofschafe vun der Residenzklausel vu fënnef Joer fir auslännesch Staatsbierger, déi sech op de Wallëschte fir d'Gemengewalen aschreiwe wëllen, souwéi d'Verlängerung vum Delai fir sech op dëse Lëschten anzeschreiwen. Dës Ännerunge sollen d'Participatioun vun auslännesche Staatsbierger bei de Gemengewale vereinfachen. Doriwwer eraus solle punktuell Ännerunge gemaach gi fir deenen zwou Haaptännerunge Rechnung ze droen.

Duerch dës Ännerung, kritt all Bierger d'Méiglechkeet un de Gemengewalen deelzehuelen, onofhängeg vu senger Nationalitéit a vu senger Wunndauer an der Gemeng. D'Ofschafe vun der Residenzklausel vu 5 Joer betrëfft all net-Lëtzebuerger Bierger, souwuel aus Europa, wéi och aus Drëttstaaten.

D'Inneministesch Taina Bofferding erhofft sech duerch dës Mesuren "eng méi héich Participatioun vun den auslännesche Matbierger um politesche Geschéie vum Land. Well och wann den Aschreiwungstaux säit 1999 stänneg wiisst, sinn déi 22,8% Participatioun bei de leschte Gemengewale bäi wäitem net zefriddestellend!"

Déi national Sensibiliséierungscampagne "Ech ka wielen" soll zu engem besseren Aschreiwungstaux bäidroen. Dës Campagne huet d'Zil d'Bierger dofir ze sensibiliséieren, wéi wichteg et ass aktiv un den Entscheedunge fir d'Zukunft vu senger Gemeng matzewierken.

De Chiffere vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun a vum CEFIS (Centre d'études et de formations interculturelles et sociales) no, konnten 33% (75.226 Persounen) vun de betraffene Bierger sech virun de Walen 2017 net op d'Wallëschten aschreiwen, well si nach keng 5 Joer am Grand-Duché gelieft hunn.

D'Ministesch fir Famill an Integratioun huet betount wéi wichteg dës Ännerung ass: "D'Leit kréien d'Walrecht soubal si an hirer Gemeng ukommen. Si kënnen esou direkt um politesche Liewen deelhuelen an sech méi einfach integréieren, andeems se sech fir politesch Entscheedungen interesséieren, déi en Impakt op hiert Liewen hunn."

Eng aner wichteg Ännerung, déi zur politescher Bedeelegung bäidréit, betrëfft den Delai fir d'Aschreiwung op d'Wallëschte fir net-lëtzebuergesch Bierger. Fir d'Bedeelegung vun net-Lëtzebuerger bei de Gemengewalen nach weider ze fërderen, gesäit dat neit Gesetz eng Verlängerung vun 32 Deeg fir den Delai fir d'Aschreiwung vun net-lëtzebuergesche Bierger op de Wallëschten. Domat gëtt de leschten Delai fir sech op de Wallëschten anzeschreiwen, an deemno de provisoreschen Arrêt vun de Lëschten, vum 87. Dag op de 55. Dag virun de Wale verluecht.

D'Justizministesch huet ënnerstrach wéi wichteg dës Ännerung vun den Delaien ass: "Fir d'Aschreiwung vun net-lëtzebuergesche Bierger op de Wallëschte beschtméiglech ze vereinfachen, hu mir eng acceleréiert Prozedur beim Verwaltungsgeriicht agefouert. Duerch dës Moossnam gewanne mir bei der Aschreiwungsprozedur vill Zäit. Eist Zil ass et eis net-lëtzebuergesch Matbierger beim demokratesche Prozess mat anzebezéien, well mir der Meenung sinn, dass d'Walrecht e wichtegen Integratiounsfacteur ass."

Communiqué vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun, dem Inneministère an dem Justizministère

Aktualiséiert