-
COVID-19: Säll fir d'Feierlechkeete vun Hochzäiten an d’Schléissung vun enger Partnerschaft
De Regierungsrot huet de 4 Mee 2020 eng Ausnamereegelung am Artikel 75 vum Code civil ugeholl, déi et de Standesbeamten vun elo un erlaabt, Hochzäiten net nëmmen an der Gemeng, mee och an anere Gebaier, déi der Gemeng gehéieren, ofzehalen. D’Schléissung vun enger Partnerschaft (PACS) kann och an dëse Gebaier stattfannen.
-
COVID-19: D'Sam Tanson huet un der Reunioun vum Conseil JAI deelgeholl, fir sech op EU-Niveau iwwert d'Krise-Koordinatioun am Beräich Justiz auszetauschen
Méindeg de 6. Abrëll 2020 huet d'Sam Tanson, op Invitatioun vun der kroatescher Presidence, un der informeller Videokonferenz vun den EU-Justizministeren deelgeholl.
-
Presentatioun vun de Mesure, Sanktiounen an d'Ëmsetzungen dovun am Kader vum Nationalen Noutstand
De Livestream fänkt géint 11h Auer un.
-
Nationalfeierdag 2019
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
Nationalfeierdag 2018
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
De Justizminister, Félix Braz, op der 37. Sessioun vum UNO-Mënscherechtsrot
Op dësem Dënschden, 27. Februar, war de Justizminister Félix Braz a Vertriedung vum Aussen- an Europaminister Jean Asselborn zu Genf fir un der 37. Sessioun vum UNO-Mënscherechtsrot deelzehuelen.