Pressebriefing: Weltforum a ministeriell Reunioun vun der OECD

Ënnert dem Virsëtz vun der Justizministesch Sam Tanson, treffen sech den 18. November zu Lëtzebuerg Ministeren an héichrangeg Vertrieder vun den 38 OECD-Länner esou wéi OECD-Bäitrëttskandidate fir d'ministeriell Reunioun vun der OECD iwwert d'Gouvernance publique, fir konkreet Moossname fir déi dréngend Erausfuerderungen ze proposéieren, déi sech den Demokratien haut stellen. Kolumbien, Frankräich, Litauen an d'USA iwwerhuelen d'Co-Presidence vum Ministertreffen. 

Eng ministeriell Erklärung a weider wichteg Erkenntnisser ginn no der Reunioun op enger Pressekonferenz mam Sam Tanson, Justizministesch a Kerri-Ann Jones, stellvertriedend Generalsekretärin vun der OECD, virgestallt.

De Livestream fänkt géint 14:15 Auer un.

Wann Dir Problemer hutt de Video ofzespillen, da probéiert folgende Link

De Video ass kuerz drop op youtube disponibel.

 

Aktualiséiert