COVID-19: D'Sam Tanson huet un der Reunioun vum Conseil JAI deelgeholl, fir sech op EU-Niveau iwwert d'Krise-Koordinatioun am Beräich Justiz auszetauschen

Méindeg de 6. Abrëll 2020 huet d'Sam Tanson, op Invitatioun vun der kroatescher Presidence, un der informeller Videokonferenz vun den EU-Justizministeren deelgeholl. 

©MJUST
Sam Tanson, Justizministesch

 

Den Austausch vun "gudde Praktiken a Krisenzäiten" huet sech op de Fonctionnement vum Justizsystem an d'Erausfuerderunge vun der grenziwwerschreidenden Zesummenaarbecht konzentréiert. Donieft goung et ëm d'Suspensioun vu Vollstreckungs- an Insolvenzprozeduren, d'Prozedural-Rechter a penale Matièren an d'Ausféierung vu Fräiheetsstrofen mat Bléck op déi aktuell Situatioun an de Prisongen am Zesummenhang mat de Gefore vun der Covid-19-Epidemie.

Den Austausch goung och ëm d'Rechtsstaatlechkeet an déi aussergewéinlech Moossnamen, déi am Kontext vun der Kris getraff ginn.

"Ech géing gäre kloerstellen, datt déi vun de Memberstaaten, Lëtzebuerg abegraff, ergraffen Direktmoossnamen mussen zäitlech begrenzt a streng op dat Noutwendegst beschränkt bleiwen, se musse proportionéiert sinn a reegelméisseg analyséiert ginn. ​ D'Meenungs- an d'Pressefräiheet duerf duerch dës Moossnamen net behënnert ginn. ​ D'Rechtsstaatlechkeet an de Schutz vun de Grondrechter duerfen net ausser Uecht gelooss ginn. Donieft duerf d'Solidaritéit tëschent de Memberstaaten net beanträchtegt ginn. ​ Aus dëse Grënn ënnerstëtze mir d'Initiativ vun der Europäescher Kommissioun, d'Direktmoossnamen an hir Ëmsetzung z'iwwerwaachen, fir d'Grondwäerter vun der Europäescher Unioun ze garantéieren an sech wann néideg un de Conseil des affaires générales z'adresséieren", betount d'Justizministesch Sam Tanson.

Communiqué vum Justizminsitère

Aktualiséiert