Aufgabenbereiche
Der Zuständigkeitsbereich des Ministeriums ist durch die Geschäftsordnung der Regierung geregelt.
Das Ministerium auf Facebook
D'Justizministesch Elisabeth Margue huet sech mat Vertrieder vum Groupement des magistrats luxembourgeois (GML) getraff, fir iwwer d’Aarbechtskonditiounen an der Magistratur, ewéi och iwwer d’Erausfuerderunge vum Rekrutement an iwwer d’Modalitéite vun der Formatioun ze diskutéieren. Dat gemeinsaamt Zil ass eng Justiz, déi gutt fonktionnéiert mat motivéierten an engagéierte Riichter.
D’Justizministesch Elisabeth Margue an de Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, hu sech iwwer d’Prioritéiten aus dem Joresrapport 2025 vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher - OKaJu ausgetosch – virun allem iwwer e bessere Schutz vu Kanner an Jonker am Internet. Well ëmmer méi Jonker mat schiedlechen Online Inhalter a Kontakt kommen, ass e sech eenz, datt de Schutz vu Mannerjäregen am digitale Raum muss gestäerkt ginn. Fir d’Justizministesch ass et kloer: Kanner musse besser géint schiedlech Inhalter geschützt ginn – géint eng ze fréi Expositioun vu pornographeschem Material, Grooming, Sextortion a Cybermobbing. Awer och géint schiedlech Funktionalitéiten op grousse Plattformen, déi z.B. drop ausgeriicht sinn, fir d’Notzer süchteg ze maachen a méiglechst laang virun Ecran ze halen. Dofir sollen e.a. ëmgesat ginn : ✔️ eng wierksam Altersverifikatiounen ✔️ eng gesetzlech Alterslimitt fir sozialen Netzwierker De Justizministère schafft dann awer och un engem Gesetzesprojet géint Cybergewalt. Ausserdeem sinn d’Gespréicher och iwwert d’Ännerungsvirschléi vum OKAJU zum Gesetzesprojet 7991 gaang, deen d’Aféierung vun engem Jugendstrofrecht virgesäit.
D’Justizministesch an delegéiert Medieministesch, Elisabeth Margue, huet d’Ambassadrice vun de Vereenegte Staaten, Stacey Feinberg, fir en Untrëttsbesuch empfaang. Beim Austausch goung et dobäi ëm d’Justiz, wéi virun allem och ëm déi aktuell Entwécklungen am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz an der Weltraumindustrie. U.S. Embassy Luxembourg
La ministre de la Justice, Elisabeth Margue, a reçu l’ambassadrice d’Irlande, S.E.Mme Jean McDonald, pour une visite de courtoisie ⚖️ Embassy of Ireland, Luxembourg
Zum letzten Mal aktualisiert am