The Ministry on Facebook
D'Justizministesch, Elisabeth Margue huet d’lescht Woch d'Baroness Theresa May, Presidentin vun der Global Commission on Modern Slavery and Human Trafficking, am Justizministère begréisst. Am Mëttelpunkt vun de Gespréicher stoung de weltwäite Kampf géint modern Sklaverei a Mënschenhandel. Dobäi gouf d'Wichtegkeet vun der internationaler Zesummenaarbecht, dem Schutz vun den Affer an effikass Moossname fir dës schwéier Verbriechen ze bekämpfen ënnerstrach.
Méi séier handelen, besser schützen. De Regierungsrot huet haut, op Virschlag vun der Justizministesch Elisabeth Margue, e Gesetzesprojet ugeholl, deen eng Comparution accélérée aféiere soll.⚖️ D’Zil ass et, datt d’Justiz méi séier, méi effikkas a méi geziilt op verschidde Forme vu Kriminalitéit reagéiere kann, besonnesch am Beräich vun den Drogedelikter, der Gewalt am Stot oder och nach gewaltsamen Déifställ. Déi nei Prozedur erlaabt et eng Affaire direkt viru Geriicht ze bréngen, ouni Instruction préparatoire, wann d’Scholdindizien dëst erlaben. Dobäi bleiwen d’Verdeedegungsrechter a wichteg prozedural Garantien erhalen. Mat dëser Reform wëll d‘Regierung d'Effikassitéit vun der Justiz stäerken, d'Kriminalitéit konsequent bekämpfen an de Schutz vun de Bierger verbesseren – am Aklang mat de Grondprinzipie vum Rechtsstaat. 👉🏻 Pressematdeelung: https://gd.lu/1Nmqdv
Photos from Elisabeth Margue's post
Last update