Aufgabenbereiche
Der Zuständigkeitsbereich des Ministeriums ist durch die Geschäftsordnung der Regierung geregelt.
Das Ministerium auf Facebook
E Freide war d'Première vum Theaterstéck "Prima Facie" an de Raimlechkeete vun der Cité judiciaire a Presenz vun der Justizministesch Elisabeth Margue. D’Stéck erzielt d’Schicksal vun enger jonker Affekotin, déi an hirem Beruff presuméiert sexuell Stroftäter verdeedegt. Si selwer gëtt Affer vu sexueller Gewalt a gesäit sech duerno mat de grousse Schwieregkeete konfrontéiert, dëst Verbriechen als Affer viru Geriicht beweisen ze kënnen. E Sujet, deen och haut näischt u senger Drénglechkeet verluer huet, a wou mir och zu Lëtzebuerg weider Efforten a punkto Sensibiliséierung a beim Afferschutz wëlle maachen. All Respekt fir d’Schauspillerin Carolin Freund fir eng beandrockent One-Woman-Show! Théâtre National du Luxembourg - TNL | Theater Trier #AfferSchützen
Mir brauche séier Prozedure fir schnell Äntwerten op strofrechtlech Situatiounen ze ginn. Dofir gëtt eng procédure accélérée, besonnesch bei klore Fäll wéi Déifstall oder Drogen agefouert. Lescht Joer krut de Parquet mat der Mini-Instruktioun scho méi effizient Meiglechkeete fir ze handelen. 👉 Eist Zil: Eng méi séier an effikass Justiz. #LëtzebuergStäerken
Visite chez Casa Ferrero au Senningerberg, siège international du groupe Ferrero – pour découvrir comment les objectifs de durabilité, de transparence et de reporting sont mis en œuvre dans l’entreprise.
D'Justizministesch Elisabeth Margue huet den Ambassadeur vun der Republik Tierkei fir en Untrëttsbesuch um Justizministère empfaangen. D’Gespréich huet de Wäert vun engem kontinuéierlechen Dialog an der Kooperatioun tëscht béide Länner ënnerstrach.
Zum letzten Mal aktualisiert am