Aufgabenbereiche
Der Zuständigkeitsbereich des Ministeriums ist durch die Geschäftsordnung der Regierung geregelt.
Das Ministerium auf Facebook
Déi ganz Ekipp vum Justizministère wënscht Iech an ärer Famill ganz schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer. A jidderengem, mat dem mir iwwert dëst Joer 2025 zesummegeschafft hunn, e grousse Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht am Interêt vun der Allgemengheet! Mir freeën eis drop, dës Zesummenaarbecht och am neie Joer weiderzeféieren.
“E grousse Merci der Chorale “Les Villageois” fir d’Nominéierung an hinne ganz schéi Gréiss op Conter! E besonnesche Merci dem Direkter vum hallefoppene Strofvollzuch vu Giwenech Claude Lentz fir de flotten Teamwork a virun allem fir déi interessant Visitt vun den neie Ställ an Installatiounen! Zu Giwenech wäert sech gutt ëm de Bam gekëmmert an d’Mirabelle sënnvoll verschafft ginn. Fir elo da kee méi sou kuerz virun de besënnleche Feierdeeg ze stressen, nominéieren ech den Ëmweltminister Serge Wilmes fir einfach nächst Joer 3 Beem ze planzen. Iech all an äre Famillje wënschen ech ganz schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch!” -Elisabeth Margue
D’Justizministesch Elisabeth Margue huet sech mat der ANELD - Association Nationale des Étudiants Luxembourgeois en Droit iwwert d’Reform vum Zougang zu de Beruffer vum Affekot, Notaire a Huissier de Justice ausgetosch. Dës Reform ass eng wichteg Etapp fir dës Beruffer ze moderniséieren an méi accessibel ze maachen, an dobäi awer d’Qualitéit an d’Integritéit vun der Justiz ze garantéieren.
D'Justizministesch Elisabeth Margue huet Vertrieder vun der Plattform Voĉo empfaange fir en Austausch iwwert d’Ëmsetzung um Terrain vum neien ASBL-Gesetz. Bannent Voĉo hu sech d'Stëmme vu verschiddenen zivilgesellschaftlechen Organisatiounen (OSC), déi Ëmwelt-, Sozial-, Mënscherechts- an international Solidaritéitsfroen vertrieden, vereent.
Zum letzten Mal aktualisiert am