Aufgabenbereiche
Der Zuständigkeitsbereich des Ministeriums ist durch die Geschäftsordnung der Regierung geregelt.
Das Ministerium auf Facebook
D'Justizministesch Elisabeth Margue zesumme mam Minister fir Educatioun Claude Meisch hunn un der Iwwerreechung vun der "Rucksakbibliothéik" deelgeholl. "Rucksakbibliothéik. Vun de Schoule fir d'Schoulen", gouf vum Aarbechtsgrupp "Pédagogie et Sensibilisation" vum Comité fir d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich (CM2GM) an d’Liewe geruff. Et ass en interdisziplinäre Projet, deen et Schüler aus der Grondschoul a vum Lycée erméiglecht, sech besser mam Zweete Weltkrich vertraut ze maachen. D’Elisabeth Margue huet an hirer Usprooch en Appell un déi Jonk lancéiert ze handelen, fir eng Welt wou Fridden, net just e Wuert ass, mee eng Realitéit. Fir eng Gesellschaft, wou jiddereen seng Plaz huet. Fir eng Zukunft, déi aus der Vergaangenheet léiert. Gouvernement luxembourgeois 📸MenJe et elenakystudios
Um 20. Gebuertsdag vun der Spidolswäscherei vum Prisong zu Schraasseg huet d’Justizministesch Elisabeth Margue zesumme mat der Gesondheetsministesch Martine Deprez deel geholl. D’Elisabeth Margue huet d’Bedeitung vun dësem Projet ënnerstrach, deen zanter zwee Joerzéngte logistesch Effizienz mat staarkem sozialen Engagement verbënnt. Dës Wäscherei bitt virun allem de Prisonéier d’Méiglechkeet, an engem strukturéierte Kader ze schaffen – engem Kader, deen de Conditiounen vun enger reeller Entreprise ganz no kënnt. Dës Aarbecht spillt eng wichteg Roll an der sozialer Reintegratioun vun de Prisonéier, well si et hinnen erlaabt, sech op en aktiivt Liewen no der Detentioun virzebereeden. D’Zil vun dësem Projet ass kloer: Eng nohalteg a mënschlech Resozialisatioun vun de Prisonéier an eis Gesellschaft. Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale Luxembourg 📸Spidolswäscherei
Am Kader vum Europäeschen Dag vun den Affekoten, war d'Justizministesch Elisabeth Margue an d‘Cité Judiciaire, wou de Ordre des Avocats du Barreau de Luxembourg gratis juristesch Berodung ugebueden huet. De ganzen Dag iwwer hunn Affekote benevol Froe vu Bierger beäntwert, dat an de Beräicher vum Familljerecht, Aarbechtsrecht, Loyersverträg an Immigratiounsrecht. Den Zougang zu der Justiz muss fir all d’Bierger am Land garantéiert sinn - onofhängeg vum Revenu. D'Ministesch engagéiert sech och fir den néidege Schutz vum Beruff vum Affekot, als wichtegen Acteur am Rechtsstaat an natierlech bei der Verdeedegung vun de Rechter vun de Bierger. 📸SCPJustice
Elisabeth Margue huet um Treffe vun den däitschsproochege Justizministeren a Liechtenstein deelgeholl. Op Invitatioun vum Liechtensteiner Justizminister, Dr. Emanuel Schädler, hunn sech d'Justizministeren aus Däitschland, Éisträich, der Schwäiz a Lëtzebuerg fir hiren alljärlechen Austausch, dëst Joer zu Vaduz getraff fir follgend Themen ze diskutéieren: • D'Widderstandsfäegkeet vun demokratesche Strukturen an Zäite vu globaler Kris • D'Méiglechkeeten a Risike vun der Notzung vu kënschtlecher Intelligenz • Bekämpfung vu geschlechtsspezifescher Gewalt • Eng zäitgenëssesch Adaptatioun vum Familljerecht Mehr Informationen: https://gd.lu/28bKfD BMJ ‐ Bundesministerium für Justizministerium für Justiz Bundesministerium der Justiz und für Verbraucherschutz Emanuel Schädler Beat Jans ©regierung.li
Zum letzten Mal aktualisiert am