Lanceurs d’alerte

        Klickt op de Video

De gesetzleche Kader zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg, gëtt de Schutz vu Whistleblower duerch d’Gesetz fir d'Ëmsetzung vun der Direktiv (EU) 2019/1937 vum Europaparlament a vum Rot vum 23. Oktober 2019 fir de Schutz vu Persounen, déi Verstéiss géint d'Recht vun der Europäescher Unioun mellen, gereegelt.

Dëst Gesetz:

  • erweidert de sachlechen Uwendungsberäich vun der Direktiv op d'Gesamtheet vum nationale Recht.;
  • séchert dem Whistleblower e wierksamen an ausgeglachene Schutz zou, an deem e richtege Statut mat kloer definéierte Flichten a Rechter geschaf gëtt;
  • verréngert déi rechtlech Onsécherheete verréngert, deenen d'Whistleblower zurzäit ausgesat sinn;
  •  dréit dozou bäi, de Respekt vum Rechtsstaat ze stäerken a generéiert Wierkunge vun allgemengem Interessi.

Uwendungsberäich

Obwuel dës Direktiv sech nëmmen op bestëmmten Handlungen an Handlungsberäicher vun der europäescher Unioun bezitt, huet déi Lëtzebuerger Regierung, am Aklang mam Koalitiounsprogramm, decidéiert, de sachlechen Uwendungsberäich op d'Gesamtheet vum nationale Recht ze erweideren. Dës Entscheedung baséiert op der Iwwerleeung e kompletten a kohärente Kader ze garantéieren, dee liicht verständlech an accessibel ass. Artikel 1 preziséiert och, datt d'Whistleblower virun all Form vu Repressalie geschützt gi wann si Handlungen oder Verstéiss mellen, déi illegal sinn, oder déi den Ziler oder dem Zweck vum nationalem oder europäeschem Recht widderspriechen.

Dës Bestëmmunge gëlle wann d'Konditioune fir d'Uwendung vun enger spezifescher Reglementatioun iwwer d'Meldunge vu Verstéiss a fir de Schutz vum Auteur erfëllt sinn, déi gesetzlech oder duerch e sektoriellen Akt vun der europäescher Unioun virgesi sinn, ënnert der Viraussetzung datt dëse System net manner favorabel ass.

  • Esou enthält zum Beispill d'Gesetz vum 5. Abrëll 1993 iwwert de Finanzsecteur a senger geännerter Versioun schonn eegen an unerkannte Meldungsprozeduren déi de Whistleblower änlech Garantie bidden (Artikel 58-1).
  • Dat selwecht gëllt fir d'Geldwäschbekämpfung an d'Finanzéierung vum Terrorismus (Artikel 8-3 vum geännerte Gesetz vum 12. November 2004).

D'Ziler vum Gesetz

D'Haaptzil vum neie Gesetz ass et de Whistleblower e wierksamen an ausgeglachene Schutz duerch kloer definéiert Rechter a Flichten ze bidden, rechtlech Onsécherheeten, deenen d'Whistleblower zurzäit ausgesat sinn ze verréngeren an deemno dozou bäizedroen, de Respekt vum Rechtsstaat ze stäerken.

Wien ass vun dësem Gesetz betraff?

Dëst Gesetz applizéiert sech op Auteure vu Meldungen déi am privaten oder ëffentleche Secteur schaffen an déi an engem beruffleche Kontext Informatiounen iwwer Verstéiss kritt hunn.

Dorënner falen zum Beispill Fräiberuffler, Salariéen, Aktionären a Membere vu Verwaltungsréit, remuneréiert oder net-remuneréiert Benevollen a Stagiairen, Persounen déi ënnert der Opsiicht oder der Leedung vu Vertragspartner, Sous-traitanten a Fournisseure schaffen, Auteure vu Meldungen, deenen hiren Aarbechtsvertrag nach net ugefaangen huet, oder am Fall wou d'Informatiounen iwwer d'Verstéiss wärend dem Rekrutéierungsprozess oder anere Virverhandlungen erhale goufen, mee och Drëtter, déi a Relatioun mam Auteur stinn, wéi zum Beispill Aarbechtskolleegen oder Familljememberen.

Intern an extern Kanäl fir Meldungen an ëffentlech Bekanntmaachung

Intern Kanäl

Juristesch Entitéiten aus dem Privatsecteur an dem ëffentleche Secteur si verflicht Kanäl a Prozedure fir intern Meldungen an d'Weiderverfollegen dovunner anzeriichten.

Juristesch Entitéiten aus dem ëffentleche Secteur ëmfaassen all Entitéit déi hinne gehéiert oder vun hinne kontrolléiert gëtt. Dorënner falen och d'Administratioune vun de Gemenge vu méi wéi 10.000 Awunner.

Juristesch Entitéiten aus dem Privatsecteur sinn nëmmen da betraff, wann se op mannst 50 Salariéë beschäftegen.

Wann an de Bestëmmungen, déi am Deel II vun der Annex vun der Direktiv 2019/1937 opgefouert sinn (iwwer Finanzdéngschtleeschtungen, Geldwäsch an Terrorismusfinanzéierung, Verkéierssécherheet oder nach Ëmweltschutz), spezifesch Virschrëfte fir d'Ariichtung vu Kanäl fir intern Meldunge virgesi sinn, gëllen déi gesetzlech Bestëmmungen nëmme fir déi Froen, déi duerch dës Bestëmmunge gereegelt sinn.

Juristesch Entitéiten aus dem Privatsecteur mat tëschent 50 an 249 Beschäftegten, sinn dozou verflicht, dës intern Kanäl bis zum 17. Dezember 2023 anzeriichten.

Fir rechtlech Entitéiten aus dem Privatrecht mat méi wéi 250 Beschäftegte gëllt d'Verflichtung fir intern Kanäl anzeriichten ab elo.

D'Kanäl fir d'Meldunge kënnen entweder intern vun enger Persoun oder engem Service, dee fir dësen Zweck bestëmmt gouf, geréiert oder extern vun engem Drëtte bereetgestallt ginn.

Déi zoustänneg Autoritéiten iwwerpréiwe bei de juristeschen Entitéiten aus dem Privatsecteur an hirem respektiven Zoustännegkeetsberäich, ob d'Kanäl fir intern Meldunge korrekt ageriicht gi sinn. Zu dësem Zweck kënne si vun de juristeschen Entitéiten aus dem Privatsecteur verlaangen, hinnen all néideg Informatiounen zoukommen ze loossen.

Prozedur, Suivi a Sanktiounen

D'Kanäl fir d'Meldunge mussen esou ageriicht, opgestallt a verwalt ginn, datt d'Geheimhaltung vun der Identitéit vum Auteur vun der Meldung grad ewéi vun allen Drëtten, déi an der Meldung erwäänt ginn, séchergestallt ass an datt Mataarbechter déi keng Erlabnis dozou hunn, keen Zougang zu dëse Kanäl hunn.

No senger Meldung kritt den Auteur innerhalb vu siwen Deeg eng Empfangsbestätegung geschéckt.

Déi Persoun oder dee Service, dee fir den Empfang vun de Meldunge verantwortlech ass, muss onparteiesch a kompetent si fir de Suivi duerchzeféieren (juristesche Service dee fir den Dateschutz verantwortlech ass, eng Persoun, déi spezifesch heifir beoptraagt ginn ass, asw.).

Et muss séchergestallt ginn, datt den Auteur innerhalb vun dräi Méint eng Réckmeldung kritt.

Iwwer intern Kanäl kënne Meldunge schrëftlech oder mëndlech, oder béides, an enger vun den dräi administrative Sproochen eragereecht ginn, laut geännertem Gesetz vum 24. Februar 1984 iwwer d'Reegelung vun de Sproochen oder all aner Sprooch, déi vun der juristescher Entitéit zougelooss ass. D'Meldunge kënnen iwwer Telefon oder aner Voice-Mail-Systemer, an op Wonsch vum Auteur vun der Meldung, duerch e perséinlecht Treffen an engem raisonnabelen Delai, erfollegen.

Falls dës Dispositiounen net agehale ginn, kënnen déi zoustänneg Autoritéiten eng administrativ Geldstrof vun 1.500 bis 250.000 Euro géint déi juristesch Entitéit aus dem Privatsecteur verhänken, déi bei enger Widderhuelung an engem Zäitraum vu 5 Joer verduebelt ka ginn.

Extern Kanäl, Prozedur a Suivi

Whistleblower kënne fräi entscheeden ob si eng Meldung intern oder extern, d.h. un eng zoustänneg Autoritéit wëllen iwwermëttelen.

Déi zoustänneg Autoritéite sinn am Artikel 18 vum Gesetz opgelëscht:

  • d'Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur - CSSF;
  • de Versécherungskommissariat - CAA;
  • d'Autorité de la concurrence;
  • den Enregistrement - AED;
  • d'Aarbechtsinspektioun - ITM;
  • déi national Dateschutzkommissioun - CNPD;
  • de Centre pour l'égalité de traitement - CET;
  • den Ombudsman am Kader vu senger externer Kontrollmissioun an Ariichtunge fir de Fräiheetsentzuch;
  • den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher;
  • d'Lëtzebuerger Reguléierungsinstitut - ILR;
  • déi onofhängeg lëtzebuergesch Autoritéit fir audiovisuell Medien - ALIA;
  • de Barreau vu Lëtzebuerg an de Barreau vun Dikrech;
  • d'Chambre des notaires;
  • de Collège médical;
  • d'Naturverwaltung - ANF;
  • d'Waasserverwaltung - AGE;
  • d'Fluchsécherungsverwaltung - ANA;
  • den Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun;
  • den Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils – OAI;
  • den Ordre des experts-comptables - OEC;
  • den Institut vun de Wirtschaftspréiwer - IRE;
  • d'Steierverwaltung - ACD.

D'Prozedur an de Suivi vun de Meldungen déi un eng zoustänneg Autoritéit iwwermëttelt gi sinn, si substanziell déi selwecht, wéi am Fall vun engem interne Kanal, ofgesi vun e puer Ausnamen:

  • Déi zoustänneg Autoritéite kënnen entscheeden, datt e Verstouss dee gemellt ginn ass, eendeiteg geréng ass, a kee weidere Suivi néideg ass, ausser de Fall ze clôturéieren.
  • Bei sech widderhuelende Meldungen, déi keng nei Informatiounen enthalen, kënnen déi zoustänneg Autoritéiten decidéieren de Fall net weider ze suivéieren.

Gemeinsam Dispositiounen

Déi intern an extern Kanäl mussen d'Identitéit vum Auteur vun der Meldung streng vertraulech behandelen, ausser et handelt sech em eng noutwendeg a verhältnisméisseg Flicht, déi duerch direkt Uwendung vum nationalen oder europäeschem Recht am Kader vun Ermëttlungen imposéiert gëtt, besonnesch fir d'Verteidegungsrechter vun der betraffener Persoun ze sécheren.

Déi intern an extern Kanäl mussen d'Gesetzgebung iwwer den Traitement vun de perséinlechen Donnéeë respektéieren.

D'Meldunge ginn net méi laang gespäichert, wéi et gesetzlech noutwendeg an ubruecht ass.

Ëffentlech Bekanntmaachung

D'Persoun déi eng ëffentlech Bekanntmaachung mécht ass gesetzlech geschützt, wann eng vun de folgende Bedéngungen erfëllt ass:

D'Persoun huet eng intern an eng extern Meldung agereecht, oder direkt eng extern Meldung agereecht, mee et gouf keng entspriechend Moossnam an deem Zäitraum ergraff, deen dofir virgesi war.

D'Persoun huet räsonabel Grënn fir ze mengen datt:

  • de Verstouss eng onmëttelbar oder offensichtlech Gefor fir d'Wuel vun der Allgemengheet duerstelle kann, z.B. wann eng Noutsituatioun oder eng Gefor vun engem irreversibele Schued besteet;
  • am Fall vun enger externer Meldung e Risk vu Repressalie besteet oder datt et wéineg Chancë ginn, datt de Verstouss, opgrond vun de besonneschen Ëmstänn vun der Affär, tatsächlech ënnerbonne gëtt, z.B. wa Beweiser ënnerschloen oder vernicht ginn oder wann eng Autoritéit mam Täter kollaboréiert oder an de Verstouss verwéckelt ass.

De Büro fir Whistleblower (Office des signalements)

De Whistleblower Büro, deen dem Justizministère ënnersteet, huet follgend Aufgaben:

  • Informatioun an Ënnerstëtzung vun all Persoun, déi eng Meldung maache wëll, besonnesch duerch eng Berodung bei den Demarchen;
  • Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet fir d'Gesetzgebung iwwer de Schutz vun de Whistleblower;
  • déi jeeweils verantwortlech Autoritéiten informéieren iwwer Verstéiss géint hir Verflichtung fir d'Ariichtung vun interne Kanäl fir Meldungen, déi dem Büro virleien;
  • bei den zoustännegen Autoritéiten an de Justizorganer déi Informatioune sammelen, déi néideg si fir e Joresrapport ze erstellen;
  • Ausschaffe vu Recommandatiounen op sämtlech Froen, déi d'Uwendung vun dësem Gesetz betreffen;
  • Erfëlle vun Opträg, déi him wärend externe Prozedure vu Meldungen zougewise goufen.

De Whistleblower

De Statut vum Whistleblower an d'Schutzbedéngungen

D'Gesetz huet de Statut vum "Whistleblower" agefouert, deen ënner zwou Bedéngunge geschützt gëtt:

  1. den Auteur vun enger Meldung muss raisonnabel Grënn hunn, fir ze mengen, datt déi matgedeelten Informatiounen iwwer Verstéiss zum Zäitpunkt vun der Meldung wouer waren an datt se an den Uwendungsberäich vun dësem Gesetz falen, an
  2. d’Meldung gouf schonn intern oder extern iwwer déi Kanäl matgedeelt, déi heifir virgesi sinn oder d’Informatioun gouf schonn, entspriechend den zoutreffende Bestëmmungen, ëffentlech bekanntgemaach.

Persounen déi Informatiounen iwwer Verstéiss anonym gemellt oder weiderginn haten, mee déi spéider identifizéiert goufen a Repressalie riskéieren, falen ënnert de Schutz vum dësem Gesetz. Dat selwecht gëllt fir Persounen déi Verstéiss bei den zoustännegen Institutiounen, Organer oder Organisatioune vun der Europäescher Unioun mellen.

Schutzmoossnamen

All Form vu Repressalien, dorënner och Menacen a Vergeltungsversich, opgrond vun enger Meldung, déi laut de Konditioune vun dësem Gesetz gemaach ginn ass, si verbueden.

Zum Beispill eng Entloossung oder änlech Moossnamen, eng Zréckstufung, en Transfert vun Tâchen, e Wiessel vun der Aarbechtsplaz, disziplinaresch Moossnamen, eng benodeelegt oder ongerecht Behandlung, eng negativ Evaluatioun vun der Leeschtung oder eng schlecht Aarbechtsattestatioun oder eng fréizäiteg Kënnegung oder Annulatioun vun engem Kontrakt iwwer Wueren oder Déngschtleeschtungen.

Laut dem Gesetz si Vergeltungsmoossnamen net zoulässeg.

Déi Persoun, déi vu Vergeltungsmoossname betraff ass, ka beim zoustännege Geriicht d'Onzoulässegkeet vun dëse Moossname feststelle loossen an unuerdnen datt se ënnerlooss ginn.

Eng Persoun déi d'Onzoulässegkeet vun dëser Moossnam net invoquéiert huet, kann nach eng Klo op Schuedenersatz erhiewen.

Bei enger Vergeltungsmoossnam geet een dovunner aus, datt et eng ass. Deemno ass et un der Persoun, déi dës benodeelegend Moossnam ergraff huet, d'Grënn heifir nozeweisen, woubäi d'Beweisflicht zu de Gonschte vum Whistleblower ëmgedréint gëtt.

Wann eng Meldung no de Richtlinnen ausgefouert ginn ass, sou gëllt se net als e Verstouss géint d'Meldungsrestriktioun an de Whistleblower kann net dofir haftbar gemaach ginn, wann hie raisonnabel Grënn hat fir ze mengen, datt seng Meldung oder déi ëffentlech Bekanntmaachung vun dësen Informatiounen néideg ware fir e Verstouss am Aklang mat dësem Gesetz opzedecken.

D'Auteure vu Meldunge kënnen net dofir haftbar gemaach gi wat d'Beschafe vun Informatiounen, déi gemellt oder ëffentlech bekanntgemaach gi sinn, oder wat den Zougang zu dësen Informatioune betrëfft, virausgesat dat d'Beschafen oder den Zougang keng eegestänneg Strofdot duerstellen.

A Geriichtsprozeduren, dorënner och Prozedure wéinst Diffamatioun, Violatioun vum Droit d'Auteur, Verletzung vun der Geheimhaltungsflicht, ëffentlech Bekanntmaache vu Geschäftsgeheimnisser oder vun Ufroe fir Schuedenersatz déi op Privatrecht, ëffentlechem Recht oder kollektivem Aarbechtsrecht berouen, kënnen déi am Artikel 2 genannte Persounen net fir Meldungen oder ëffentlech Bekanntmaachungen haftbar gemaach ginn, déi no de Richtlinne vun dësem Gesetz erfollegt sinn. Dës Persounen hunn d'Recht dës Meldung oder ëffentlech Bekanntmaachung z'invoquéiere fir d'Astellung vun der Prozedur ze verlaangen, ënnert der Viraussetzung, datt se raisonnabel Grënn hate fir ze mengen, datt d'Meldung oder d'ëffentlech Bekanntmaachung néideg war fir e Verstouss laut dësem Gesetz ze mellen.

Sanktiounen am Fall vu Falschmeldungen

Géint den Auteur vun enger Meldung dee wëssentlech falsch Informatioune matgedeelt oder ëffentlech bekanntgemaach huet, kënnen eng Prisongsstrof vun 8 Deeg bis 3 Méint oder eng Geldstrof vun 1.500 bis 50.000 Euro verhaange ginn.

Den Auteur vun enger falscher Meldung kann haftbar gemaach ginn. D'Entitéit déi geschiedegt ginn ass ka virum zoustännege Geriicht Schuedenersatz fuerderen.

Dës Reegelung ass néideg fir ze verhënneren, datt et zu falsche Meldunge kënnt, déi eenzeg zum Zil hunn sech ze "rächen" oder fir vun enger Schutzmoossnam ze profitéieren, esouguer am Fall vun enger rechtméisseger Entloossung.

De Büro fir Whistleblower ass säit dem 1. September 2023 a Betrib.
Froe kënnen u follgend Adress geschéckt ginn:

Office des signalements
13, rue Erasme, Centre administratif Werner
L-1468 Luxembourg
Tél. (+352) 247-88564
francis.maquil@mj.etat.lu | ods.info@mj.etat.lu

Aktualiséiert