Attributiounen
De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
Noriichten
De Ministère op Facebook
Den 10. Dezember feiere mir den Dag vun de Mënscherechter. Beim Thema vun dësem Joer geet et drëm ze weisen, wéi d'Mënscherechter eisen Alldag prägen, dacks ouni datt mir et iwwerhaapt mierken. D'Mënscherechter ginn oft als selbstverständlech oder abstrakt ugesinn, mee si sinn feste Bestanddeel an eisem Liewen, op déi mir eis all Dag verloossen. Bei dëser Geleeënheet huet d'Justizministesch, Elisabeth Margue, zu Stroossbuerg dat fest Engagement vu Lëtzebuerg fir d'Grondwäerter a Prinzippie vun der Europäescher Konventioun zum Schutz vun de Mënscherechter a Grondfräiheeten betount. Council of Europe Représentation permanente du Luxembourg auprès du Conseil de l'Europe 📸Conseil de l'Council of Europe Communiqué de presse ➡️https://gd.lu/c15g6K
Den 9. Dezember huet d’Justizministesch EElisabeth Margueum Conseil vun den europäesche Justizminister zu Bréissel deelgeholl. Am Mëttelpunkt stoung virun allem de russeschen Ugrëffskrich géint d’Ukrain. An dësem Kontext huet d’Justizministesch ënnerstrach: “Ech wëll nach eng Kéier betounen, dass d’Bekämpfung vun der Impunitéit vun immenser Bedeitung fir d’Zukunft vum internationale Recht ass.” Weider Punkten op der Dagesuerdnung waren: 🔸 Extraditioun an international geriichtlech Zesummenaarbecht 🔸Bekämpfung vum Drogenhandel an der organiséierter Kriminalitéit 🔸De Bilan iwwer d’Ëmsetzung vun der Charta vun de Grondrechter 👉Méi Infos hei: https://gd.lu/3KcQkm #eu2025dk © EUROPEAN UNION
D'Charta vun de Grondrechter vun der Europäescher Unioun feiert dëst Joer hire 25. Anniversaire, si gouf de 7. Dezember 2000 um Europäesche Conseil zu Nice proklaméiert. D'Charta garantéiert eng Rei vu Grondrechter, dorënner zivil, politesch, wirtschaftlech a sozial Rechter, déi iwwer déi erausginn, déi vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun ofgedeckt sinn. Council of Europe Représentation permanente du Luxembourg auprès du Conseil de l'Europe
De Kampf géint organiséiert a schwéier Kriminalitéit ass eng politesch Prioritéit. D’Justizautoritéiten brauchen nieft de personelle Ressourcen och déi passend prozedural Instrumenter, fir effektiv dogéint virzegoen. Hannert all schlëmmer Strofdot verstoppt sech d’Leed vun Affer, wou et wichteg ass, datt dës Verbrieche konsequent kënnen opgekläert an d’Täter bestrooft ginn. Fir dëse Kampf ze stäerken, huet d’Chamber gëschter de Gesetzesprojet 8515 gestëmmt, deposéiert vun der Justizministesch Elisabeth Margue. Dëst Gesetz erweidert d’Instrumenter vun den Untersuchungsriichter: Et erlaabt elo den Asaz vun Oflauschtermoossnamen an d’Saisie vun informateschen Donnéeën – Mesuren, déi virdrun nëmme bei Terrorismus oder nationaler Sécherheet erlaabt waren – och bei anere schwéiere Strofdoten. Déi nei Bestëmmunge betreffen ënner anerem de Mënschenhandel, den Drogentraffic oder d‘Verbreede vu pädopornografeschem Material. Mä och an Zukunft däerfen dës Moossnamen nëmme geziilt am Kader vun engem konkrete Verdacht an ënnert streng kontrolléierter Zoustëmmung vum Untersuchungsriichter ugewannt ginn. Domat stäerke mir eis Sécherheet – mat den néidege Garantië fir de Schutz vun der Privatsphär.
Aktualiséiert den