Attributiounen
De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
Noriichten
De Ministère op Facebook
Am Kader vum Europäeschen Dag vun den Affekoten, war d'Justizministesch Elisabeth Margue an d‘Cité Judiciaire, wou de Ordre des Avocats du Barreau de Luxembourg gratis juristesch Berodung ugebueden huet. De ganzen Dag iwwer hunn Affekote benevol Froe vu Bierger beäntwert, dat an de Beräicher vum Familljerecht, Aarbechtsrecht, Loyersverträg an Immigratiounsrecht. Den Zougang zu der Justiz muss fir all d’Bierger am Land garantéiert sinn - onofhängeg vum Revenu. D'Ministesch engagéiert sech och fir den néidege Schutz vum Beruff vum Affekot, als wichtegen Acteur am Rechtsstaat an natierlech bei der Verdeedegung vun de Rechter vun de Bierger. 📸SCPJustice
Elisabeth Margue huet um Treffe vun den däitschsproochege Justizministeren a Liechtenstein deelgeholl. Op Invitatioun vum Liechtensteiner Justizminister, Dr. Emanuel Schädler, hunn sech d'Justizministeren aus Däitschland, Éisträich, der Schwäiz a Lëtzebuerg fir hiren alljärlechen Austausch, dëst Joer zu Vaduz getraff fir follgend Themen ze diskutéieren: • D'Widderstandsfäegkeet vun demokratesche Strukturen an Zäite vu globaler Kris • D'Méiglechkeeten a Risike vun der Notzung vu kënschtlecher Intelligenz • Bekämpfung vu geschlechtsspezifescher Gewalt • Eng zäitgenëssesch Adaptatioun vum Familljerecht Mehr Informationen: https://gd.lu/28bKfD BMJ ‐ Bundesministerium für Justizministerium für Justiz Bundesministerium der Justiz und für Verbraucherschutz Emanuel Schädler Beat Jans ©regierung.li
Justizministesch Elisabeth Margue
D’Justizministesch Elisabeth Margue, déi och delegéiert Ministesch beim Premierminister fir d'Relatioune mam Parlament ass, huet un der 80 Joer Feier vum Retour vum Parlament a vun den éischte legislative Walen no der Liberatioun vum Land, deelgeholl. An dëse fir d’Demokratie schwieregen Zäiten ass dës Commemoratioun, déi eis parlamentaresch Demokratie an de Retour vun dem konstitutionelle, politesche Liewen éiert, méi wichteg ewéi jee. „Selwer kënnen ze entscheede vu wiem ee wëll representéiert ginn a wéi eng Wäerter op politeschem Niveau vertruede ginn, ass e Privileeg dee mir als Wieler an engem demokratesche Staat genéissen. Mee e Liewen an engem demokratesche Staat ass keng Selbstverständlechkeet a mir mussen eis onermiddlech dofir asetzen. Dem Chamberpresident e grousse Merci fir säin Engagement an all déi Initiativen, déi hien ënnerhëlt, fir d‘Demokratie an d’Roll vum Parlament ze stäerken.“ Chambre des Députés Grand-Duché de Luxembourg Gouvernement luxembourgeois Lycée Aline Mayrisch Luxembourg Zentrum fir politesch Bildung 📸 Chambre des Députés Grand-Duché de Luxembourg https://www.chd.lu/fr/21-octobre-2025-journee-historique-democratie-parlementaire
Aktualiséiert den