Attributiounen
De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
Noriichten
De Ministère op Facebook
Um Neijoerschpatt vun de Justizautoritéiten huet d’Justizministesch Elisabeth Margue dem Procureur général d’État, John Petry, an dem President vum Ieweschte Geriichtshaff, Thierry Hoscheit – perséinlech an och stellvertrietend fir hir Ekippen – e grousse Merci fir déi gutt a konstruktiv Zesummenaarbecht am Laf vum leschte Joer ausgedréckt. Zesumme bleift d’Zil fir 2026 kloer: eng Justiz, déi méi séier an effikass schaffe kann – am Déngscht vum Bierger an engem staarke Rechtsstaat. Eng Justiz, déi gutt funktionéiert, brauch déi néideg Moyenen. D’grondleeënd Erausfuerderungen – méi Personal, méi Plaz, méi Tempo bei der Digitaliséierung a bessere Prozeduren – gi bis 2028 konsequent weider ugaangen: ✅ Personal: An de leschte Joren hu mir d’Justiz schonns massiv opgestockt – souwuel bei de Magistraten, wéi beim administrative Personal. Vun 2024 bis 2027 wäert d’Unzuel u Magistraten mat iwwer 100 neie Posten ëm méi wéi 30 % klammen. Den Accès op d’Magistratur hu mir méi breed opgemaach an d’Formatioun gëtt iwwerschafft. ✅ Digitaliséierung: 2025 hu mir fir méi Tempo gesuergt an d’Koordinatioun tëschent de wichtegen Acteuren – Justizautoritéiten, Barreauen, Notairen, Huissieren an dem Ministère – verbessert. ✅ Infrastruktur: Nei Surface fir déi kuerz- a mëttelfristeg Besoine goufe fonnt. 2026 analyséiere mir d’laangfristeg Besoinen am Detail en vue vum Bau vun enger neier Cité judiciaire. ✅ Effikass Prozeduren & Sécherheet: Mir hunn der Justiz nei Instrumenter am Kampf géint organiséiert Kriminalitéit a Gewaltverbrieche ginn an éischt Projeten fir méi séier Prozeduren ëmgesat. 2026 deposéiere mir d’„Procédure accélérée“ a gesi wieder gréisser gesetzlech Fortschrëtter am Kampf géint geschlechtsbaséiert Gewalt vir. Mat dësen Efforte gëtt d’Vertraue vun de Biergerinnen a Bierger an eise Rechtsstaat an eis Justiz gestäerkt. #LëtzebuergStäerken #effikassJustiz #staarkeRechtsstaat ©SCPJ
Déi ganz Ekipp vum Justizministère wënscht Iech an ärer Famill ganz schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer. A jidderengem, mat dem mir iwwert dëst Joer 2025 zesummegeschafft hunn, e grousse Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht am Interêt vun der Allgemengheet! Mir freeën eis drop, dës Zesummenaarbecht och am neie Joer weiderzeféieren.
“E grousse Merci der Chorale “Les Villageois” fir d’Nominéierung an hinne ganz schéi Gréiss op Conter! E besonnesche Merci dem Direkter vum hallefoppene Strofvollzuch vu Giwenech Claude Lentz fir de flotten Teamwork a virun allem fir déi interessant Visitt vun den neie Ställ an Installatiounen! Zu Giwenech wäert sech gutt ëm de Bam gekëmmert an d’Mirabelle sënnvoll verschafft ginn. Fir elo da kee méi sou kuerz virun de besënnleche Feierdeeg ze stressen, nominéieren ech den Ëmweltminister Serge Wilmes fir einfach nächst Joer 3 Beem ze planzen. Iech all an äre Famillje wënschen ech ganz schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch!” -Elisabeth Margue
D’Justizministesch Elisabeth Margue huet sech mat der ANELD - Association Nationale des Étudiants Luxembourgeois en Droit iwwert d’Reform vum Zougang zu de Beruffer vum Affekot, Notaire a Huissier de Justice ausgetosch. Dës Reform ass eng wichteg Etapp fir dës Beruffer ze moderniséieren an méi accessibel ze maachen, an dobäi awer d’Qualitéit an d’Integritéit vun der Justiz ze garantéieren.
Aktualiséiert den