Attributiounen
De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
Noriichten
De Ministère op Facebook

An den Ateliere vum Kënschtler FrankJons.com, am 1535 Creative Hub, goufen d'Objeten "Jailbird" der Ëffentlechkeet presentéiert. Dës Objete goufe vu Prisonéier a semi-liberté zu Giwenich, déi fir d'Asbl Défi-Job schaffen, an Zesummenaarbecht mat Handwierker, Kënschtler an Designer, realiséiert D'Justizministesch Elisabeth Margue huet d'Ausstellung besicht an dës Initiativ fir d'sozioprofessionell Reintegratioun vun de Prisonéier encouragéiert. "D'Iddi, datt all Eenzelpersoun iwwer Ressourcë verfüügt sech nei Fäegkeeten un ze eegenen, läit mir um Häerz", huet d'Ministesch betount. „ D‘Resozialiséierung an d'Preventioun vu Réckfäll duerch eng bezuelte Beschäftegung fir Prisonéier ass eng Initiativ, déi der Gesellschaft als Ganzt zegutt kënnt.“ D'Aarbecht am Prisong zu Giwenich, erméiglecht et de Prisonéier mat Handwierker, Kënschtler an Designer zesummenzeschaffen, déi hir Expertise mat hinnen deelen, an doduerch eng fundamental Ännerung an der Astellungen am Verhale vun de Prisonéier bewierkt. 📸Sabine Garrot

Den 13. Oktober huet d’@Elisabeth Margue um Conseil vun den europäesche Justizminister zu Lëtzebuerg deelgeholl. Am Mëttelpunkt stoung virun allem d’Zukunft vun der europäescher Agence, Eurojust, wou d’Ministesch ënnerstrach huet: « Mat der Entwécklung vun der grenziwwerschreidender Kriminalitéit an der Komplexitéit vun de Fäll wiisst d'Relevanz vun der operationeller Roll vun Eurojust weider. Den Erfolleg vun Eurojust ass onbestreitbar.“ Dodernieft stoungen awer och op der Dagesuerdnung vum Conseil: - D’Entwécklunge ronderëm de Rechtsstaat - Den Ugrëffskrich vu Russland géint d’Ukrain 📸European Union #eu2025dk 🔗 Méi Infos: https://gd.lu/6rDz7R

D’Justizministesch Elisabeth Margue huet haut déi nei Ombudsman du Grand-Duché de Luxembourg - Médiateur Claudine Konsbruck, getraff. 🤝 Si ass en neutrale Vermëttler bei Konflikter vun de Bierger mam Staat oder mat de Gemengen – ouni Geriichtsprozedur. 🔒 Si iwwerwaacht ënnert anerem och d’Zoustänn an de Prisongen, fir d’Rechter vun de Prisonéier ze schützen. 📑 De Joresrapport vum Ombudsman ass eng wichteg Basis, fir Verbesserungen an der Verwaltung unzegoen.

D’Justizministesch Elisabeth Margue huet haut zesumme mam Generalstaatsanwalt John Petry de Service central d’assistance sociale (SCAS) besicht, e wichtege Service vum Parquet général a soumat Deel vun der Justizverwaltung, dee beim Suivi an der Resozialiséierung vu Verurteelten a Prisonéier, beim Schutz vun den Affer, an och speziell beim Schutz vu Jugendlechen haut eng zentral Roll spillt. Den SCAS besteet aus engem interdisziplinären Team vu spezialiséierten Agenten – ënnert anerem Sozialaarbechter, Psychologen a Kriminologen. Mat der Reform vum Jugendschutzgesetz, déi um Instanzewee ass, an der Aféierung vun engem Jugendstrofrecht, steet och de SCAS virun neien Erausfuerderungen, grad an der Begleedung vu Jugendlechen, déi mam Gesetz a Konflikt gerode sinn.
Aktualiséiert den