The Ministry on Facebook

👑Gëschter war d’Justizministesch an delegéiert Ministesch fir Medien a Connectivitéit Elisabeth Margue an enger Audienz mam Grand-Duc am Palais, wou si sech iwwer hir Ressorten an d’Erausfuerderungen an de Beräicher Justiz, Medien a Connectivitéit ausgetosch hunn. Cour Grand-Ducale 📸Maison du Grand-Duc

Zesumme mam Martine Deprez, Gesondheetsministesch, konnt ech den neien CT-Scanner am LNS aweien. Dëse Scanner erméiglecht et der Geriichtsmedezin méi séier a präzis ze schaffen – besonnesch a komplexe Fäll. Dëst ass e wichtege Schrëtt fir eng effizient a technologesch fortschrëttlech Geriichtsmedezin. 📸 mBrumat

An den Ateliere vum Kënschtler FrankJons.com, am 1535 Creative Hub, goufen d'Objeten "Jailbird" der Ëffentlechkeet presentéiert. Dës Objete goufe vu Prisonéier a semi-liberté zu Giwenich, déi fir d'Asbl Défi-Job schaffen, an Zesummenaarbecht mat Handwierker, Kënschtler an Designer, realiséiert D'Justizministesch Elisabeth Margue huet d'Ausstellung besicht an dës Initiativ fir d'sozioprofessionell Reintegratioun vun de Prisonéier encouragéiert. "D'Iddi, datt all Eenzelpersoun iwwer Ressourcë verfüügt sech nei Fäegkeeten un ze eegenen, läit mir um Häerz", huet d'Ministesch betount. „ D‘Resozialiséierung an d'Preventioun vu Réckfäll duerch eng bezuelte Beschäftegung fir Prisonéier ass eng Initiativ, déi der Gesellschaft als Ganzt zegutt kënnt.“ D'Aarbecht am Prisong zu Giwenich, erméiglecht et de Prisonéier mat Handwierker, Kënschtler an Designer zesummenzeschaffen, déi hir Expertise mat hinnen deelen, an doduerch eng fundamental Ännerung an der Astellungen am Verhale vun de Prisonéier bewierkt. 📸Sabine Garrot

Den 13. Oktober huet d’@Elisabeth Margue um Conseil vun den europäesche Justizminister zu Lëtzebuerg deelgeholl. Am Mëttelpunkt stoung virun allem d’Zukunft vun der europäescher Agence, Eurojust, wou d’Ministesch ënnerstrach huet: « Mat der Entwécklung vun der grenziwwerschreidender Kriminalitéit an der Komplexitéit vun de Fäll wiisst d'Relevanz vun der operationeller Roll vun Eurojust weider. Den Erfolleg vun Eurojust ass onbestreitbar.“ Dodernieft stoungen awer och op der Dagesuerdnung vum Conseil: - D’Entwécklunge ronderëm de Rechtsstaat - Den Ugrëffskrich vu Russland géint d’Ukrain 📸European Union #eu2025dk 🔗 Méi Infos: https://gd.lu/6rDz7R
Last update