The Ministry on Facebook

D’Justizministesch Elisabeth Margue, déi och delegéiert Ministesch beim Premierminister fir d'Relatioune mam Parlament ass, huet un der 80 Joer Feier vum Retour vum Parlament a vun den éischte legislative Walen no der Liberatioun vum Land, deelgeholl. An dëse fir d’Demokratie schwieregen Zäiten ass dës Commemoratioun, déi eis parlamentaresch Demokratie an de Retour vun dem konstitutionelle, politesche Liewen éiert, méi wichteg ewéi jee. „Selwer kënnen ze entscheede vu wiem ee wëll representéiert ginn a wéi eng Wäerter op politeschem Niveau vertruede ginn, ass e Privileeg dee mir als Wieler an engem demokratesche Staat genéissen. Mee e Liewen an engem demokratesche Staat ass keng Selbstverständlechkeet a mir mussen eis onermiddlech dofir asetzen. Dem Chamberpresident e grousse Merci fir säin Engagement an all déi Initiativen, déi hien ënnerhëlt, fir d‘Demokratie an d’Roll vum Parlament ze stäerken.“ Chambre des Députés Grand-Duché de Luxembourg Gouvernement luxembourgeois Lycée Aline Mayrisch Luxembourg Zentrum fir politesch Bildung 📸 Chambre des Députés Grand-Duché de Luxembourg https://www.chd.lu/fr/21-octobre-2025-journee-historique-democratie-parlementaire

Journée européenne de lutte contre la traite des êtres humains – 18 octobre 2025 Au Luxembourg, 29 victimes de la traite des êtres humains sont actuellement accompagnées par InfoTraite et la Police Judiciaire. 📍 Rendez-vous à la Cloche d’Or, de 9h à 18h pour : • Découvrir la réalité de la traite au Luxembourg • Échanger avec nos psychologues et équipes • Apprécier les créations issues d’ateliers artistiques et créatifs • Repartir avec un objet symbolique de résilience : totebags, porte-clés ou cartes postales créés par des victimes 📍 À 12h15, ne manquez pas notre conférence : « La traite des êtres humains : de la bienveillance à la malveillance »

👑Gëschter war d’Justizministesch an delegéiert Ministesch fir Medien a Connectivitéit Elisabeth Margue an enger Audienz mam Grand-Duc am Palais, wou si sech iwwer hir Ressorten an d’Erausfuerderungen an de Beräicher Justiz, Medien a Connectivitéit ausgetosch hunn. Cour Grand-Ducale 📸Maison du Grand-Duc

Zesumme mam Martine Deprez, Gesondheetsministesch, konnt ech den neien CT-Scanner am LNS aweien. Dëse Scanner erméiglecht et der Geriichtsmedezin méi séier a präzis ze schaffen – besonnesch a komplexe Fäll. Dëst ass e wichtege Schrëtt fir eng effizient a technologesch fortschrëttlech Geriichtsmedezin. 📸 mBrumat
Last update