The Ministry on Facebook
Digital Gewalt ass richteg Gewalt an dofir gëllt och hei null Toleranz. 👉 Méi Schutz fir Affer. #LëtzebuergStäerken #AfferSchützen
Eise Rechtsstaat muss wierksam schützen – och online. Dofir leet d'Justizministesch Elisabeth Margue dem Regierungsrot e Projet de loi géint Cybergewalt vir. Fir effikass géint Täter virzegoen, gëtt am Strofgesetz nogebessert: beim Kampf géint d’Diffusioun vun intimem Material ouni Awëllegung, géint sexualiséiert Deepfakes, Sextortion an allgemeng Cyberharcelement. Op EU-Niveau huet Lëtzebuerg sech mat Erfolleg déi lescht Méint mat dofir agesat, datt d’Präventioun, e.a. bei AI-Programmer, duerch méi streng Obligatioune wäert gestäerkt ginn. Well Innovatioun a Schutz mussen Hand an Hand goen. #LëtzebuergStäerken #MënscheSchützen
E Freide war d'Première vum Theaterstéck "Prima Facie" an de Raimlechkeete vun der Cité judiciaire a Presenz vun der Justizministesch Elisabeth Margue. D’Stéck erzielt d’Schicksal vun enger jonker Affekotin, déi an hirem Beruff presuméiert sexuell Stroftäter verdeedegt. Si selwer gëtt Affer vu sexueller Gewalt a gesäit sech duerno mat de grousse Schwieregkeete konfrontéiert, dëst Verbriechen als Affer viru Geriicht beweisen ze kënnen. E Sujet, deen och haut näischt u senger Drénglechkeet verluer huet, a wou mir och zu Lëtzebuerg weider Efforten a punkto Sensibiliséierung a beim Afferschutz wëlle maachen. All Respekt fir d’Schauspillerin Carolin Freund fir eng beandrockent One-Woman-Show! Théâtre National du Luxembourg - TNL | Theater Trier #AfferSchützen
Mir brauche séier Prozedure fir schnell Äntwerten op strofrechtlech Situatiounen ze ginn. Dofir gëtt eng procédure accélérée, besonnesch bei klore Fäll wéi Déifstall oder Drogen agefouert. Lescht Joer krut de Parquet mat der Mini-Instruktioun scho méi effizient Meiglechkeete fir ze handelen. 👉 Eist Zil: Eng méi séier an effikass Justiz. #LëtzebuergStäerken
Last update