François Biltgen au sujet de l'asbl ProActif

Umoderatioun: Et interesséiert awer natierlech och de penale Volet an dësem Kontext, nodeems den Audit jo d'lescht Woch public gemaach gouf. De Justizminister Fränz Biltgen:

François Biltgen: Ech hunn als Justizminister dat gemaach wat ech an deene Fäll ëmmer maachen. Ech hunn nämlech an der Zeitung gelies, datt verschidden Deputéierten sech hei d'Fro gestallt hunn, ob Faits pénaux dra wären an deem Dossier oder net. All Kéiers wann esou Froen an der Ëffentlechkeet gestallt ginn, maachen ech als Justizminister Folgendes: ech saiséieren d'Autorité judiciaren, mat der Fro, z'analyséieren ob do muss poursuivéiert ginn oder net. Dat ass nëmmen d'Autorité judiciare déi dat kënne maachen. A ce stade hunn ech de Procureur général dofir de Moien ee Bréif geschéckt, hie soll dat dote maachen.

Guy Kaiser: Elo sidd Dir selwer, Här Biltgen, jo och mat en cause, wann ech esou ka soen, als fréieren Aarbechtsminister. Wat hutt Dir dozou ze soen?

François Biltgen: Als fréieren Aarbechtsminister ass et esou, datt ech de Moien och ee Schrëtt gemaach hunn, dee mir logesch schéngt, deen hunn ech natierlech als Privatpersoun gemaach, et muss een ëmmer d'Titelen auserneenhalen. Ech hu jo keng Qualitéit méi, fréieren Aarbechtsminister ass keng juristesch Qualitéit, ech hunn dunn als Privatpersoun dem Chamberpresident de Moien ee Bréif geschéckt, wou ech e gebieden hu mech an d'Comexbu ze froen, an d'Budgetskontrollkommissioun ze froen, déiselwecht Budgetskontrollkommissioun mat där ech, wéi ech nach Aarbechtsminister war esouwuel am November 2007, wéi am Juli 2008 och schonn deemools iwwert d'Problematik ProActif am Detail diskutéiert hunn, op Grond vun Auditen déi mir gemaach hunn, op Grond vun Auditen déi anerer gemaach hunn, wou och deemools Conclusioune getraff goufen. Ech hunn allerdéngs de Chamberpresident awer och gebieden e soll mir dann deen Audit, deen da jo de leschte Freiden an enger anerer Kommissioun mengen ech war vun der Chamber, dee jo d'Deputéierte kritt hunn, datt dee mir och géing zougestallt ginn, well ech hunn deen Audit ni zougestallt kritt.

Guy Kaiser: Dir schwätzt vun Auditen déi gemaach goufen an där Zäit wou Dir selwer Aarbechtsminister waart. Sidd Dir dann och kontaktéiert ginn am Kader vun deem leschten Audit dee gemaach gouf, deen Ament natierlech net méi als Aarbechtsminister faisant fonction?

François Biltgen: Nee ech sinn ni am Kader vun deem leschten Audit kontaktéiert ginn. Ech stellen dat einfach esou fest. Ech weess net ob ech hätt misse kontaktéiert ginn, et wär vläicht méi einfach gewiescht, mä Här Kaiser, ech wëll elo, bis datt ech gehéiert gi si vun der Comexbu, also der Budgetskontrollkommissioun, an ech hunn de Chamberpresident gebieden dat nach dës Woch ze maachen, well ech mengen et ass awer urgent, datt Kloerheet kënnt, wëll ech elo net iwwert meng Aktivitéiten als Aarbechtsminister ëffentlech schwätzen, mä ech wäert dat maachen, esoubal déi Budgetskontrollkommissioun dës Woch getaagt huet. Wa si net kéint dës Woch tagen, dann ass et awer kloer, datt ech selbstverständlech awer kommunikéieren.

Dernière mise à jour