François Biltgen au sujet des propos du procureur général d'État Robert Biever sur les effectifs de la police grand-ducale

Umoderatioun: De Justizminister François Biltgen reagéiert op d’Reprochë vum Procureur général d’État Robert Biever gëschter am RTL-Interview. De Procureur hat do kritiséiert, datt méi schwéier Affairen, virop d’Finanzdelikter, net genuch traitéiert ginn, an déi méi kleng Delikter, wéi déi am Stroossentraffic ze vill.

De Justizminister deelt déi Kritiken, an ass och bereet eppes um System ze änneren.

Reportage vum Pierre Reyland: Woubäi de Minister virop betount, datt et net drëms geet d’Verkéiersdelikter manner ze bestrofen.

François Biltgen (O-Toun): Dee wéi en Déier am Verkéier sech behëllt, dee gehéiert net méi an de Verkéier. Et muss een de Führerschäin zum Beispill ewech huelen.

Pierre Reyland: Mä muss dofir all Kéier eng Geriichtssëtzung kommen? Neen, mengt och den Här Biltgen. Hie wier amgaangen ze kucken, wéi de Code pénal ka reforméiert ginn.

François Biltgen (O-Toun): Ech sinn der Meenung, datt muss d’Stroofrecht zréckgebaut ginn. Et kann een och am Verkéier repressiv virgoen, do wou ee muss repressiv virgoen, ouni datt alles virun de Riichter kënnt. Et kann een zum Beispill Saachen, wann ech de Führerschäin huelen, kann een deen iwwer den administrative Wee anzéien, ouni datt et zu enger Geriichtsverhandlung gëtt.

Pierre Reyland: Beim Délit de grande vitesse, deen den Ament virun de Strofriichter muss kommen.

François Biltgen (O-Toun): Stellt sech dann d’Fro, déi den Här Biever opbruecht huet, ob een deen net als Delikt hëllt, mä datt een da seet, iwwer Ordonnance pénale, oder en anere Wee, iwwer dee mir amgaange sinn ze diskutéieren: Transactions pénales, seet een, gutt, ech si bereet, ech gi meng Schold zou, an dat an dat sinn ech bereet ze bezuelen, datt een iwwer dee Wee och dat zréckschrauft.

Pierre Reyland: Duerch esou Ännerunge kéint ee sech da méi op d’Finanzdelikter konzentréieren, well, gëtt och de Justizminister zou, et géifen ze vill Finanzaffairen net traitéiert ginn, notamment frauduléis Failliten. Dofir wier dat Gesetz amgaange reforméiert ze ginn. Wat déi grouss Finanzdelikter, Blanchiment a Finanzement vum Terrorismus, ugeet, do hat de GAFI jo mam Fanger op Lëtzebuerg gewisen. An et gouf reagéiert, seet den Här Biltgen, mam neien Anti-Blanchimentsgesetz, wouduerch och d’Parquete mat Personal opgestockt goufen.

François Biltgen (O-Toun): Nach virun zwou Wochen huet de Parquet économique, also d’Cellule de renseignements financiers, zwee Spezialiste vu baussen plus e Secrétaire weider kritt.

Pierre Reyland: Wou de Minister nach e Problem gesäit, dat ass mat der Police judiciaire.

François Biltgen (O-Toun): De Problem ass, datt och an de Joere virdrun dauernd Spezialiste gesicht goufen, agestallt goufen, an déi net méi do sinn.

Pierre Reyland: Well se zum Deel zréck an de Privatsecteur goungen, oder an der Police eng aner Carrière gemaach hunn. D’Police judiciaire misst dofir en anere Statut kréien, fir méi efficace mam Parquet an der Finanzkriminalitéit kënnen zesummenzeschaffen.

Dernière mise à jour