Félix Braz en tant qu'invité à l'émission "Background am Gespréich"

"Et geet drëms wéi mir eist Zesummeliewen organiséieren"

"Et ass genau dat wat ech och probéieren de Leit ze soen. Dat ass, datt mir e Problem hunn. Iert een iwwert d’Léisung diskutéiert muss een sech mol vläicht drop eenegen wou de Problem ass. An de Problem ass, an Dir hutt dat a mengen Aen richteg beschriwwen, deen datt mir haut am Fong keng Debatt iwwert d’Auslännerwahlrecht misste féieren. Dat ass een adäquaten Terme an engem Land wou vläicht 5, oder 7 oder 8% Auslänner liewen. Da kann ee soen, soll een do eng Ouverture maachen op déi méi kleng Zuel do vu Leit. Mir si jo am Fong an der Situatioun wou praktesch d’Halschent vun de Leit, vun den erwuessene Leit déi hei liewen ausgeschloss vun deem dote Recht bleiwen."

Roy Grotz: Här Braz, mir hu lo grad d’Opstellung vun der CSV fir d’Europawahlen am Mee héieren. Ouni EVP Spëtzekandidat Juncker, och soss ouni weider Ministeren. Komme mir op den Här Juncker kuerz ze schwätzen. Ass et fir Iech eng legitim Saach wann e Spëtzekandidat ass an allen EU-Memberstaaten an a sengem eegenen net mat an d’Wahle geet?

Félix Braz: Ech mengen egal wéi den Här Juncker et hei gemaach hätt, wier et wahrscheinlech e bësse falsch gewiescht. Wann en net op der Lëscht ass, da gëtt natierlech gesot, net ouni Begrënnung, datt et awer gelungen ass, datt en sech net engem demokratesche Vote stellt a gläichzäiteg e ganz héijen, fir net ze soen den héchste Posten an deem heite Fall vun der europäescher Kommissioun ustrieft. Wier en op der Lëscht gewiescht, da géing gesot ginn, e kandidéiert fir e Land am Europaparlament, dat en net ustrieft, vu datt e wëll President vun der Kommissioun ginn. Ech mengen den Här Juncker huet hei seng Döcisioun geholl an d’CSV mat. Ech denken an den nächste puer Wochen haaptsächlech un déi gréng Lëscht un eise Spëtzekandidat de Claude Turmes an d’Spëtzekandidatin d’Tilly Metz an ech wäert mech mat duerfir beméien, datt déi Gréng d’Europawahlen zu Lëtzebuerg an och an Europa gewannen a gestäerkt aus hir erausginn.

Roy Grotz: Eng aner Decisioun huet den Här Juncker och net geholl, nämlech déi net méi an der Regierung ze sinn. Déi hutt Dir mat den 3 Parteien geholl déi u sech jo elo dann déi nei Regierung zanter 100 Deeg ausmaachen. Déi sinn eriwwer. Wat gouf et Opweises freet sech d’Land natierlech. Och Roum gouf net an engem Dag gebaut, sou heescht et jo sou schéin. Ma dach laascht natierlech den Drock vun der Erwaardung op Ärer Aarbecht. Spiert Dir deen?

Félix Braz: Also et hu jo net nëmmen 3 Parteien duerfir gesuergt, datt den Här Juncker net méi Premier ass, mä och d’Wielerinnen an d’Wieler hei am Land. Ech wëll dat och gären nach eng Kéier präziséieren, well dat ëmmer nees esou duergestallt gëtt, wéi Dir Är Fro och elo ugefaangen hutt, a sou ass et awer net. Déi 3 Parteien déi elo d’Majoritéit an der lëtzebuerger Chamber stellen, déi hate virun de Wahlen vum 20. Oktober zesummen 29 Sëtz. Den Här Juncker huet mat senger Partei an de Wahlen virdru gewarnt, datt et kéint eng Dräierkoalitioun ouni CSV zu Lëtzebuerg ginn. A mat all deene Warnungen hunn d’Wielerinnen an d’Wieler duerfir gesuergt, datt déi 3 Parteien elo 32 Sëtz hunn, nämlech eng Majoritéit déi se virdrun net haten. D’CSV huet gläichzäiteg 3 Sëtz verluer an domat och d’Wahle verluer an déi Koalitioun déi sech do gebilt huet, ass also a mengen Aen net nëmmen duerch de Wëllen schlussendlech vun de Parteien zustan komm, mä als alleréischt duerch een demokratesche Vote an dat soll een net vergiessen an déi Legitimitéit a Fro ze stellen ass eigentlech eppes wou déi eegen Kredibilitéit schwächt vun deene Leit déi dat maachen. Fir Är Fro dann ze beäntwerten. Den Drock ass selbstverständlech do, well d’Responsabilitéit och grouss ass. Et ass keen Drock ënnert deem een ënnergeet. Et ass keen Drock deen een net packt, mä et ass een Drock deen ee stimuléiert an een Drock deen een all Dag drun erënnert, datt ee Responsabilitéit dréit fir aner Leit, fir vill aner Leit an dësem Fall. Fir e Land. An dann ass e gewëssenen Drock och a mengen Aen ganz gutt fir besser ze schaffen.

Roy Grotz: War et den Drock oder net, mä e bëssen holpereg huet jo alles awer ugefaangen mat CD-Plaquen an d’Vakanz, falsch Téin bei der Militärmusek, ënnerbelaascht Fonctionnairen an de Ministèren. Huet sech d’Équipe elo gefaangen? Si mir iwwert deen do Stadium elo raus, oder?

Félix Braz: Ech mengen d’Équipe war vun Ufank un gefaangen. Dat do sinn elo sou puer Épisoden déi an der Ëffentlechkeet tatsächlech fir vill Gespréich gesuergt hunn. Parallel dozou ass awer geschafft ginn. Mir souze jo net dee ganzen Dag op eise Büroen ze kucken wat fir Commentairen op RTL.lu gepost ginn oder wat soss nach an den Zeitunge steet.

Roy Grotz: Dat bréngt een net ëmmer weider, onbedéngt och.

Félix Braz: Wann Dir et scho sot. Mä mir hu parallel dozou eis Aarbecht gemaach an all där Zäit. Mir hunn eis ageschafft, déi berühmten 100 Deeg vun deene riets geet a wou vill och Journaliste wëlle schonn e Bilan maachen, si jo eigentlech net do fir op e Bilan hinzeschaffen. Déi sinn do fir sech anzeschaffen. An da fänkt d’Aarbecht un. Et gëtt och ëmmer da geschwat vun enger Schounfrist déi een hätt. Ech hunn ni d’Gefill gehat, datt mir eng Schounfrist hätten. Mir brauchen och net geschount ze ginn. Mir solle just kënnen eis aschaffen an eis Dossieren, iert mir Ried an Äntwert op all den Detailer musse stoen. Méi ass dat eigentlech net, mä d’Aarbecht ass vum éischten Dag un intern op Héichtouren och gelaf.

Roy Grotz: Komme mir mol op Är Aarbecht dann ze schwätzen. Um Bord vun der juristescher Chamberkommissioun, déi war dës Woch zesummen, hunn ech verlauschtert, et wier da liicht elo Politik ze maachen wann d’Texter schonn all an den Tiräng zum Deel an zum groussen Deel prett géife leien. War deem sou? Hutt Dir vill missten sënneren? Ech denken elo zum Beispill an anere Ministèren wou d’Texter jo zeréckgezu goufen. SREL Accès zu Informatiounen. War dat och bei Iech am Ministère esou?

Félix Braz: Also bei eis wäerten och Texter duerch en neien Text ersat ginn. Et sinn eng ganz Rei Projeten déposéiert an dat ass an all de Ministèren de Fall. Am Fall vun engem Regierungswiessel ass dat och sou en üblecht Spillchen, datt déi di net méi an der Regierung sinn, dann ëmmer nees soen, datt déi éischt Texter déi ee stëmmt, hirer sinn. Mais bien entendu sinn dat hirer. Déi sinn ënnerwee, déi sinn aviséiert, déi si praktesch schrëfträif. A ganz oft gëtt et jo um Enn e ganz breede Konsens doriwwer, datt déi Texter gutt sinn. Ech kann Iech just soen, ech hunn elo 3 Texter an der Chamber aus mengem Ministère schonn votéiert kritt. Dat war dräi mol eestëmmeg. Dat läit un deenen déi se ausgeschafft hunn. Et läit awer och un deenen déi se zesummen amendéiert hunn an der Kommissioun fir se dann als Konsenstext doran ze bréngen. Mä déi Texter déi déposéiert sinn, do sinn der dobäi déi ech ëmmer ausdrécklech ënnerstëtzt hunn, well se als Reform an déi richteg Richtung ginn an déi wäert ech och weider ënnerstëtzen. Déi wäerte manner ofgeännert ginn. Aner wäerte méi ofgeännert ginn. Aner wäerte carrément duerch en neien Text ersat ginn. Anerer wäerten dann vu mir selwer déposéiert ginn. Wësst Dir, dat do ass an den éischte 6 Méint de Standard Discours dee verflitt elo ganz séier an dann hu mir kloer Verhältnisser.

Roy Grotz: Da komme mir nach op déi Texter ze schwätzen déi Dir ofännert, respektiv nei. Wann een d’Behuele vun de Leit, an Dir hutt se ugeschwat, via Gesetzer bestëmmt, respektiv d’Justiz dann d’Behuele sanktionéiert, da mussen natierlech Décideuren propper, kredibel an irreprochabel do stoen. Ech schwätzen natierlech vun de Volleksvertrieder an de Ministeren. Dir hutt elo den, quasi identeschen, Deontologiecodex publizéiere gelooss wéi en de Minister Biltgen preparéiert hat. Bleift et dobäi? Kënnt nach eppes no? De Staatsminister sot eis dës Woch, en hätt och eng éischt Ébauche vun engem Text krut deen direkt dann also d’Regierung concernéiert.

Félix Braz: Also den Text, deen elo am Memorial publizéiert ginn ass, ass net quasi identesch. Et ass deen Text. Dat hate mir och esou ugekënnegt. Déi virecht Regierung hat am Mäerz 2013 en Text ugeholl dee spéitstens den 1. Januar 2014 a Kraaft soll trieden. Mir hunn an der Regierungserklärung jo och gesot an am Koalitiounsaccord, datt mir der Meenung wieren, datt deen Text nach perfektibel wier. Datt mir also e besseren Text wéi dee wëlle maachen. Mir haten dunn 2 Optiounen. Dee vun der virechter Regierung am Fong ze annuléieren oder caduc ginn ze loossen wat eis méiglecherweis de Reproche abruecht hätt, datt mir do während enger Zäitchen manner hätte wëlle maachen, wat awer net de Fall ass. An duerfir hu mir geduecht, nee mir loossen dee wéi virgesinn a Kraaft trieden. Déi Dispositiounen déi gëllen also am Moment. Et ass och duerfir am Moment publizéiert ginn. An d’Formalitéiten déi di eenzel Ministeren ze respektéieren haten sinn och alleguerte mëttlerweil realiséiert. Mä deen Text bleift nëmmen esou laang en Vigueur bis en neien Text vun dëser Regierung ugeholl gëtt. Deen a mengen Aen och op enger Rei vu Punkten dee bestehenden Text präziséiert a verbessert.

Roy Grotz: Wat ass dat zum Beispill. Ganz konkret. Wat fir eng Punkte sinn dat?

Félix Braz: Nee, dat gesi mir wann den Text fäerdeg ass. Ech mengen, datt et grad an dëser Matière ubruecht ass fir net mat eenzelne Meenungen an der Ëffentlechkeet opzedauchen, dat bréngt näischt. Mir sollen hei een Text fir d’Gesamtregierung kréien, deen och duerno vun all de Membere vun der Regierung zesumme gedroe gëtt. Wien do zu wéi engem Punkt wéi eng Positioun hat, mécht d’Diskussioun net besser, mä just méi schwiereg. Ech mengen duerfir ouni präzis Punkte wëllen ze detailléieren, datt den Text soll eng Ambitioun hunn an déi Ambitioun ass déi, datt déi Décisiounen déi d’Regierung hëlt, och an den Aen vun de Biergerinnen a Bierger net suspekt ka sinn, datt do verstoppten Intérêten géinge verfollegt ginn. D’Décisioune vun enger Regierung an och vum Parlament, mä doriwwer musst Dir Iech ënnerhale mat de Membere vum Parlament, mä fir d’Regierung gëllt ganz kloer, datt d’Décisiounen déi een hëlt nëmmen dem allgemengen Intérêt, dem Intérêt public sollen déngen an da muss et kloer sinn, datt do keng Leit Décisioune mathuelen déi vläicht e verstoppten Agenda hätten. Dozou gehéiert eng Dosis Transparenz. Déi Dosis déi genau dat dote méiglech mécht. Doriwwer eraus gëtt et eng Rei Regelen déi mir musse präziséieren. Zum Beispill um Enn vum Mandat wou déi aktuell Regelen a mengen Aen nach misste präziséiert ginn. Wat ass méiglech wann een um Enn vu sengem Mandat op säi fréieren Job wëll zréck goen oder eventuell en neie wëll unhuelen? Do musse mir Regele kréien. Mä all déi Regelen do, mussen och nach e gewëssene Schutz vun der Privatsphär, och vun engem Minister, kréien. Et ass also eng Ofweiung déi ee mécht. Ech sinn net der Meenung, datt total Transparenz eppes Guddes ass. Och total Transparenz kann en totalitärt Konzept sinn. Mir brauchen déi Transparenz déi et erlaabt eis Décisiounen unanfechtbar ze maachen. Net quant au fond, doriwwer dierf ee streiden an enger Demokratie, mä an der Aart a Weis wéi d’Décisioune geholl gi sinn an dat musse mir duerch dësen Text méiglech maachen.

Roy Grotz: Dir musst also net all Velo déclaréieren herno.

Félix Braz: Dat ass e Beispill wat ëmmer genannt gëtt. Ech war jo och bei der Madame Taubira viru kuerzem zu Paräis. Do hunn ech se och op hir 3 Veloen ugeschwat. Do huet se mir geäntwert, nee mëttlerweil wären et der 4. Si hätt deen och déclaréiert.

Roy Grotz: Tip top. Irreprochabel déclaréieren. Dat mussen awer och Texter sinn déi de Rechtsstaat ausmaachen. E Staat wou Dir d’Bierger méi participativ wëllt abauen. Souguer dann och am Vote iwwert d’Verfassungsreform wou e Referendum dann d’Form vum zweete Vote constitutionnel géif anhuelen. Elo hutt Dir eis Biergerforen annoncéiert wou d’Leit kënne Positioun bezéien. De Referendum soll jo wahrscheinlech, Dir verbessert mech wann et net sou wier, 2016 sinn. Wéi geet dat dann elo konkret mat de Biergerforen well déi misste jo dann sou lues organiséiert ginn, oder?

Félix Braz: Also mir hunn nach e relativ héijen Zäitdrock effektiv, well mir wëlle jo u sech 2 Referenden maachen. Den éischten dee soll schonn an der éischter Halschent vun 2015 sinn. Dat ass deen indikative Referendum wou eng Rei méi prinzipiell Froen dem Vote vun de Wielerinnen a Wieler sollen ënnerworf ginn.

Roy Grotz: Sinn déi fixéiert schonn déi Froen?

Félix Braz: Déi Lëscht ass net fixéiert an et ass och an der Regierungserklärung duerfir eng indikativ Lëscht wou d’Wuert och virdru steet “notamment”, dat ass oft iwwersi ginn, datt dat Wuert do virdru steet. A firwat ass et notamment, ma well mir wëllen déi Froen an der Institutiounskommissioun vum Parlament diskutéiere loossen an hoffen, datt et do ee Konsens gëtt op de Froen déi solle gestallt ginn. Mir sinn net der Meenung, datt d’Verfassung eng Matière ass vun der Majoritéit. Verfassung ass d’Matière vun all de Biergerinnen a Bierger. Si ass iwweregens awer och als alleréischt d’Matière vum Parlament. Et ass de Legislateur constituant deen zoustänneg ass fir d’Verfassung. Duerfir gëtt et och an der Regierung kee Minister deen zoustänneg ass an deem Sënn fir d’Verfassung. Et ass eng Chambersmatière an de Premier vertrëtt eigentlech d’Regierung an de Gespréicher mat där zoustänneger Kommissioun mol épauléiert vu mir an deenen Dossieren déi dann d’Justiz méi betreffen oder vun aneren. Mä et ass wichteg dat ze präziséieren an duerfir siche mir e Konsens op deenen dote Froen. Deen ofhängeg vun den Äntwerten déi dann op déi dote Froe kommen, gëtt den Text da fäerdeg gemaach an dee soll am Laf vum 2015 deem éischte konstitutionelle Vote vun der Chamber kënne passéieren fir dann an engem zweete Referendum den zweete Vote constitutionnel ersat ze kréien an hoffentlech mat der Adoptioun vun deem Text dee jo wäit iwwert dat eraus geet wat mir eventuell an deem éischte Referendum wäerte froen. Déi puer Froen déi do gestallt ginn, egal wéi déi Lëscht schlussendlech ausgesäit, deckt e puer prinzipiell Froen of. Mä déi aktuell Revisioun déi schonn 10 Joer an der Preparatioun ass, geet eigentlech immens wäit an ech hoffen egal wéi dann déi Froen herno ausgesinn, datt mir tatsächlech um Enn eng Revisioun vun der Verfaassung hunn an datt de gesamten Effort schlussendlech net verworf gëtt, mä datt mir zu enger Adoptioun vun der gesamter Revisioun kommen.

Roy Grotz: Mä déi Froen; Trennung Kierch a Staat, Limitatioun vun der Mandatsdauer fir Ministeren, Wahlrecht vu 16 Joer un, Wahlrecht fir Net-Lëtzebuerger. Dir sot net limitativ, et ass geschriwwen “notamment”, wien décidéiert dann hannen um Enn wéi eng Froen do gestallt ginn a ginn dat jo/nee Äntwerten? Wéi kann ee sech dat virstellen?

Félix Braz: Also, et musse mat Sécherheet jo/nee Äntwerte ginn fir datt d’Äntwert och kloer ass. Schlussendlech décidéiert d’Parlament doriwwer. Och well fir e Referendum ze maachen e Gesetz muss gemaach ginn. Et ass net einfach iwwert eng simpel Décisioun am Regierungsrot oder vun enger Motioun am Parlament wou e Referendum kann ausgeléist ginn. Mä et muss ee Gesetz gemaach ginn fir de Referendum an an deem Gesetz mussen och déi Froen dra stoen an d’Gesetz stëmmt schlussendlech d’Parlament. Et ass also kloer hei e Ball dee beim Parlament läit, mä d’Regierung wäert sech selbstverständlech dem Parlament zur Verfügung stellen och fir déi ëffentlech Diskussioun kënnen ze begleeden an ech wëll och do hiweisen doropper, datt mir fir d’éischt natierlech och mussen eng breet Informatioun mol maachen.

Roy Grotz: Si mir da bei de Biergerforen zum Beispill?

Félix Braz: Da si mir zum Beispill bei de Biergerforen, mä ech mengen d’Biergerforen alleng wäerten och d’Debatt net duerstellen. Hei sinn och d’Medie gefuerdert, hei sinn d’Parteie gefuerdert, hei sinn der vill gefuerdert, fir datt et eng ëffentlech Debatt gëtt. Mä fir datt et eng Debatt ka ginn, musse mir och eng Informatioun un d’Leit kréien. Nëmmen adäquat informéiert kann een och duerno adäquat debattéieren. An Dir gesidd, an duerfir war Är Froestellung absolut pertinent, datt mir net méi vill Zäit hunn, datt den Zäitdrock ganz grouss ass an datt mir effektiv elo ganz séier eis musse mat deenen dote Froen beschäftegen.

Roy Grotz: Obschonn driwwer gefrot gëtt jo Wahlrecht fir net Lëtzebuerger, kënne bei de Referenden awer just Lëtzebuerger mat maachen, oder?

Félix Braz: Sou gesäit et déi aktuell Legislatioun vir an un déi gëtt sech selbstverständlech gehal.

Roy Grotz: Wat sot Dir iwwerhaapt de Kritiker vum Auslännerwahlrecht. U sech jo och e falschen Terme, well et geet ëm d’Upasse vum Wahlrecht jo un d’gesellschaftlech Realitéiten déi mir all kennen. Et fillt een sech och e bëssen un 1919 erënnert wou bis deemools jo och nëmme steierflichteg Männer konnte wiele goen.

Félix Braz: Et ass genau dat wat ech och probéieren de Leit ze soen. Dat ass, datt mir e Problem hunn. Iert een iwwert d’Léisung diskutéiert muss een sech mol vläicht drop eenegen wou de Problem ass. An de Problem ass, an Dir hutt dat a mengen Aen richteg beschriwwen, deen datt mir haut am Fong keng Debatt iwwert d’Auslännerwahlrecht misste féieren. Dat ass een adäquaten Terme an engem Land wou vläicht 5, oder 7 oder 8% Auslänner liewen. Da kann ee soen, soll een do eng Ouverture maachen op déi méi kleng Zuel do vu Leit. Mir si jo am Fong an der Situatioun wou praktesch d’Halschent vun de Leit, vun den erwuessene Leit déi hei liewen ausgeschloss vun deem dote Recht bleiwen. Dat ass effektiv eng vergläichbar Debatt déi mir virun 1919 haten wou et drëms gaang ass dat allgemengt Wahlrecht anzeféieren. Och haut misste mir am Fong eng Debatt doriwwer féieren wéi kann een d’allgemengt Wahlrecht zu Lëtzebuerg nees héich halen. Ënnert wéi enge Conditiounen. Et geet schlussendlech ëm eis Demokratie. Et geet drëms wéi mir eist Zesummeliewen organiséieren. Et ass näischt wat een engem gëtt. Et ass kee Cadeau deen een engem Deel vun der Populatioun géing maachen. Mä et ass een ureegenen Intérêt, eng funktionéierend Demokratie ze hunn. Zesummen ze décidéieren ass ee vun de Grondsteng wann ee wëll. Duerfir suergen, datt et Cohésion sociale gëtt. Et ass net déi eenzeg Fro déi do spillt, mä et ass eng vun de Froen déi do spillt an an deenen Termen mengen ech, sollte mir déi Diskussioun sachlech an zesumme féieren.

Roy Grotz: Fäert Dir, datt d’Gesellschaft nach kënnt gespléckt ginn oder si mir iwwert déi do Tendenzen, mengt Dir, erhaben oder raus hei am Land?

Félix Braz: Ech mengen et soll een oppassen effektiv wéi een dat diskutéiert, gell. Do ass awer jiddweree mat sech selwer beschäftegt. Et kann een do anere Leit näischt virschreiwen an ech géing mech och dogéint wieren wann der dat géinge probéieren. Ech mengen et soll ee wierklech oppassen, datt een d’Diskussioune sou féiert, datt een trotz ënnerschiddleche Meenungen déi et jo ganz sécher och op där heiter Fro wéi op anere gëtt, datt een d’Gesellschaft net spalt, mä au contraire, datt ee probéiert Spaltungen déi et ka ginn éischter ze iwwerwannen an engem gemeinsame Gespréich. D’Kollege vun der CSV déi äussere sech jo éischter skeptesch. Déi mengen et wär vläicht eng Fro déi een net an engem Referendum sollt behandelen. Ech verstinn hir Motivatioun, si ass och net nëmme mengen ech elo vun enger schlechter Suerg gedroen. Mä ech mengen awer, datt et dee Problem zu Lëtzebuerg gëtt an datt mir sollen zesumme kucke wéi mir déi Fro an den nächste Méint wäerten diskutéieren.

Roy Grotz: Zesumme kuckt Dir och a mat Fangerspëtzegefill gitt Dir och gär un se run, d’Gesellschaftsreformen déi mir natierlech am Regierungsprogramm liesen. Net fir näischt awer schleefen d’Reforme bei deenen Texter och. Et gi Blockagen, Objektiounen, vill Leit wëlle Gehéier fannen. Am Regierungsprogramm ass festgehalen zum Beispill, datt d’Reform iwwert den Droit au mariage fir all Koppelen schonn elo soll am éischten Trimester ugeholl ginn. Dat gëtt awer elo enk, Här Braz.

Félix Braz: Jo, déi Indicatioun ass fir ze soen, datt mir do wëlle wierklech ganz, ganz séier viru maachen. Ech mengen awer, datt dat eis bal wäert geléngen, well mir hunn déi aner Woch an der Commission juridique vun der Chamber deen dote Projet de loi nach eng Kéier um Ordre du jour an am Prinzip misste mir, ass elo den 19. Mäerz d’politesch Diskussioune kënne clôturéieren. Dat ass nach ëmmer am éischten Trimester. Do ginn nach eng lescht Amendementen ugeholl vun der Kommissioun. Da geet dat nach eng leschte Kéier bei de Staatsrot zeréck an sou séier wéi mir dat vum Staatsrot erëm kréien, wäert dat och kënnen an der Pléniaire zum Vote kommen. Also ech ginn eigentlech dovun aus, datt mir dee Vote kënne maache virum Summer. Do dierft ouni elo wëllen dem Staatsrot säi Kalenner wëllen do ze forcéieren, misst dat awer gutt méiglech sinn dat virum Summer ze stëmmen. Also d’politesch Diskussiounen iwwert d’Gesetz sinn am Prinzip dëse Mëttwoch mat de leschten Amendementen déi ugeholl ginn, ofgeschloss.

Roy Grotz: D’Reforme vum Mariage sinn natierlech dann och grondlegend fir d’Reform vum Gesetz vum Divorce. Och do e Gesetzprojet dat scho virun iwwer 10 Joer vum Luc Frieden déposéiert gouf. No laangem Schaffen dunn awer Blockage, kee Weiderkomme méi. Et huet onméiglech geschéngt e Konsens ze fannen. Wien huet do bloquéiert, Här Braz? A firwat muss et elo méiglech sinn d’Scheedung esou ze reforméieren, datt se dann och do deene gesellschaftleche Realitéite Rechnung dréit?

Félix Braz: Jo, d’Gesetz ass vum Mee 2003, also et huet ee laange Wee. Et ass, ech wëll mol net soen, datt do een bloquéiert huet. Et gëtt e Konsens am Fong queesch duerch d’Parteien, scho méi laang, datt een den Divorce pour faute, well dat war jo déi initial Intentioun vum Projet, datt een deen effektiv soll ofschafen an dee sollt ersat ginn duerch eng nei Form vun Divorce déi ee genannt huet, den Divorce pour rupture irrémédiable des relations conjuguales. An der Diskussioun ass awer och Bedarf entstanen, oder méi kloer ginn fir ze soen, vläicht soll een den Divorce pour faute net zu 100% ofschafen an a besonnesch grave Fäll, do geet et ëm d’Violence domestique, sollt een do awer nach e leschten Résidu vum Divorce pour faute bäibehalen. D’Schwieregkeet war manner op deem dote Punkt, d’Schwieregkeet war méi op där Fro, ech nennen se elo mol vun de Pensiounsrechter.

Roy Grotz: De Rentesplitting.

Félix Braz: De Rentesplitting. Wéi organiséiert een, well et muss een sech bewosst sinn, datt wann een den Divorce pour faute ofschaft, well deen op de Geriichter fir méi Misère suergt a manner fir Léisunge suergt, dat weess een einfach, datt déi Form do vun Divorce d’Situatiounen net verbesseren, da weess een awer och, datt dorauser Situations de fait kënnen entstoen vun enger Koppel déi gescheet gëtt, wou deen een ëmmer geschafft huet, deen aneren ëmmer doheem war an deen deen doheem bliwwen ass, deen op emol an enger ganz schwiereger Situatioun sech erëm fënnt an iergendwou et och net richteg ass, datt déi Pensiounsrechter déi während deem dote Bestiednes accumuléiert gi sinn, nëmmen op eng Säit duerno falen wann den Pensiounsusproch geltend gemaach gëtt. An un där Fro ass et bis elo gescheitert. Mir sinn amgaang eis z’iwwerleeën ob mir op deem aktuelle Projet solle weider schaffen, oder ob et net méi opportun wär en neie Projet eran ze reechen deen deen dote géing ersetzen an eng Kéier frësch bei Null unzefänken mat där neier Indikatioun vun der neier Regierung.

Roy Grotz: Et geet natierlech erëm Zäit verluer dann.

Félix Braz: Nee, den Text ass awer relativ séier geschriwwen. Do ännert jo net op all den Artikelen eppes. Mä déi prinzipiell Fro déi bleift, an déi ass och mat engem neie Projet net anescht gestallt, dat ass eben déi vum Splitting an do musse mir entweder kucken wéi an der Belsch wou se déi dote Froen ausgeklamert hunn aus der Reform vun Divorce a gesot hunn, mir kënnen net am Divorce all Problemer vun der Sécurité Sociale léisen. Vläicht musse mir dat am Divorce fale loossen an dann op engem aneren Niveau dat dote regele loossen. Dat ass déi prinzipiell Fro. Mä mir kënnen net éiweg duerch eng Bannung vu Problemer en fait herno op kengem vun deenen zwee viru kommen. Dat musse mir eis eng Kéier ganz seriös als Fro stellen an dann och eng Äntwert ginn déi eis viru bréngt.

Roy Grotz: Och fir vill Diskussiounen ëmmer an deene Koppelen déi am Fall sinn ass d’Fro vum Droit de garde vun de Kanner.

Félix Braz: Absolut.

Roy Grotz: Gëtt dat domat integréiert? Ass et iwwerhaapt ze regelen, équitabel fir béid Säiten?

Félix Braz: Also ech menge jo. Well dat éischt wat ee muss kloer festsetzen, dat ass, datt et de Prinzip muss ginn vun der Autorité parentale conjointe. Dat gëtt elo schonn deelweis vun de Geriichter gesprach. Och net ëmmer. Mä et ass awer richteg. An duerfir muss och am Gesetz sou séier wéi méiglech déi Autorité parentale conjointe festgeschriwwe ginn. Dat mengen ech ass eng vun de groussen Avancéen op deem doten Text. Et ass eng absolut Noutwennegkeet an duerfir ënnert anerem hätt ech gär, datt mir op där heiter Fro elo ganz séier viru kommen.

Roy Grotz: Wat nennt Dir séier, kënnt Dir eis eng Indikatioun an deem Sënn ginn? Et hängt jo och vun der Kommissioun of, wéini den Text do ass an sou weider.

Félix Braz: Den Text prett ze maachen, dat geet relativ rapid. Wéi d’Diskussiounen sech duerno entwéckelen dat kann d’Regierung net festleeën. Dat ass och do tributaire vum Avis vum Staatsrot. Mä ech menge wann ee seet sou séier wéi méiglech, dann heescht dat, datt ech fir deen Deel wou mir zoustänneg sinn, sou séier wéi méiglech wëll eppes op den Dësch leeën.

Roy Grotz: Dat gëllt och elo fir deen nächsten Text deen ech nach wëll virun den Neiegkeeten uschneiden. Ofdreiwung. Dir gitt en anere Wee wéi déi virecht Regierung. D’IVG gëtt aus dem Penalrecht eraus geholl. Bon dat war kloer. An dann ee Punkt awer mat deem jo net nëmmen déi Gréng schonn an der leschter Legislaturperiod net zefridde waren, d’Ofschafen also vun der zweeter obligatorescher Consultatioun déi Dir elo wëllt ugoen. Dës gëtt fakultativ. D’Recht also op Selwerbestëmmung vun der Fra gëtt hei souzesoen zeréck geholl.

Félix Braz: Ech mengen, datt een déi Diskussioun och relativ séier lo soll féieren. Den Text dee wäert an den nächste Woche kënnen déposéiert ginn. Ech hunn do a mengem Kompetenzberäich am Kader vum Code pénal dat gemaach wat d’Regierungserklärung seet, nämlech déi do Dispositiounen iwwert de Schwangerschaftsofbroch ginn aus dem Code pénal eraus geholl. Ech hunn deen Text och an enker Zesummenaarbecht mat der Gesondheetsministerin, der Madame Mutsch gemaach. Déi jo fir eng Rei aner Dispositiounen an där doter Legislatioun zoustänneg ass, wéi mir dat an der Regierung iwweregens elo vill méi verstäerkt och probéieren ze maachen, dat Zesummenaarbecht an dat fonctionnéiert och gutt. Ech wollt dat just eng Kéier kuerz präziséieren, well et wierklech fir d’Qualitéit vun der Regierungsaarbecht e Fortschrëtt bedeit par rapport zu där virechter wou ee weess, datt déi Collaboratioun méi e Friemwuert war. Mir wäerte sécher d’Sträichen am Code pénal maachen. Mir wäerte mat Sécherheet awer och de ganzen Text nach eng Kéier am Detail duerchhuelen. Zum Beispill déi Dispositiounen, datt dat am Moment am Fall vun enger Détresse muss sinn, ass och eigentlech nach e Relent vun der aler Philosophie déi an dëser Gesetzgebung dran ass. Ech mengen, datt een och zum Beispill dee Passage soll eraus huelen. Et geet drëms hei d’Fraen an d’Lag ze versetzen, datt se e Recht hunn op Informatiounen, net Flicht, eng Consultatioun ze maachen, mä d’Recht hunn wann s’et wënschen eng Consultatioun ze maachen, wou hinnen dann all d’Informatioune mussen zougänglech gemaach ginn um legale Plang, um gesondheetleche Plang fir hir Entscheedung ze begleeden an net fir hir Entscheedung ze guidéieren. D’Fraen décidéiere wat fir si an hirer Liewenssituatioun dat Bescht ass an d’Gesetz soll dat méiglech maachen ouni Drock mä mat enger Begleedung déi an hirem Intérêt ass.

Roy Grotz: Dat heescht ouni CSV kommt Dir hei awer da méi séier an Ären Aen jo mol besser weider.

Félix Braz: Also ech weess net wéi d’CSV sech wäert bei der Novelle vum Gesetz verhalen. Ech géing mir wënschen, datt mir op dëse gesellschaftspolitesche Froe méiglechst oft e breede Konsens hunn. Mä do muss dann all Partei an der Oppositioun fir sech décidéiere wéi se mat dëse Froe wëllen ëmgoen.

[Noriichten]

Roy Grotz: Virop awer mol de Bommeleeërprozess, dënn lo 145 Sëtzunge laang dauert. Iwwert ee Joer schonn defiléieren Zeien a soen Detailer an Deelaspekter doriwwer aus wien wat wou zu wéi engem Ament ronderëm déi Attentater an den 80er Joer soll gesinn hunn. Wat mengt Dir zu dësem Zäitpunkt wou lo souvill Zeien do aussoen: géif zum Beispill, wéi et an d'Feld gefouert gëtt eng Amnestie, respektiv Krounzeieregelung net vläicht dozou bäidroen, datt effektiv no 30 Joer nach kéint d'Wouerecht un d'Liicht kommen?

Félix Braz: Also datt no 30 Joer a mat all deem wat an den éischte Joren, net nëmmen an den éischten, mä wat relativ laang an der Enquête net riichtgelaf ass, ass natierlech immens schwéier fir d'Geriicht haut zu enger Conclusioun kënnen ze kommen. Mä wichteg ass, datt et probéiert gëtt. Ech mengen, datt dat heite Faite sinn, déi, och wa se laang zeréckleien, awer fundamental Froen opwäerfen an dat wat een all Dag iwwert d'Medien matgedeelt kritt, vun deem wat um Geriicht lass ass, da mengen ech besteet, nach ëmmer ee ganz grousse Bedarf fir Klärung. An ech wäert als Justizminister mäi Rôle an deem Sënn spillen, datt ech wëll dofir suergen, datt déi Geriichter a vollster Onofhängegkeet, oder d'Geriicht an deem heite Fall a vollster Onofhängegkeet seng Aarbecht ka maachen. An ech mengen net, datt een hei sollt kapituléieren virun de Schwieregkeeten, mä datt ee soll d'Aarbecht maachen, ech soe mol bis zum batteren Enn. An ech hunn awer trotzdem och d'Gefill, datt awer Beweegung dran ass am Prozess. Et ass net wéi wann déi vill Sëtzungen guer keng nei Elementer géinge bréngen. Et sinn der vill am Dossier an et kommen der nach dobäi, sou datt ech weiderhin Vertrauen hunn, datt mir hei zu engem Ofschloss kënne kommen, wéi deen dann och ëmmer an den Aen vum Geriicht ze sinn huet.

Roy Grotz: Déi Krounzeieregelung déi ech ugeschwat hunn, mengt Dir déi kéint eppes bréngen?

Félix Braz: Déi hu mir net. Dat ass eng müsseg Diskussioun doriwwer lo ze diskutéieren. Déi spillt an dësem Prozess aus deem dote Grond natierlech keng Roll.

Roy Grotz: Si géif och net envisagéiert ginn oder Sënn maachen, meng Dir?

Félix Braz: Déi kann duerchaus Sënn maachen. Dat ass och eng Diskussioun déi och schonn an der Vergaangenheet gefouert ginn ass. Da muss een awer och aner Diskussiounen nach féieren, déi an der Vergaangenheet awer relativ séier erëm ofgeschloss goufen. Zum Beispill een Zeieschutzprogramm eventuell zu Lëtzebuerg. Dat si schwiereg Diskussiounen. Déi kann ee féieren, mä déi wëllen ze féieren am Kontext vun engem Prozess alleng, ass natierlech och eng zimlech enk Siichtweis.

Roy Grotz: Rechtstaat moderniséieren, dovunner, dozou gehéiert och d'Schafe vum Conseil national de la justice, deen aus 15 Membere soll bestoen, eng wichteg Etapp och fir den Image da vun der Justiz ze schützen, mä net nëmmen dat.

Félix Braz: Do geet et ëm vill méi. Do gëtt et ee Projet dee vun der viregter Regierung, vum François Biltgen deposéiert ginn ass. Ech halen d'Intentioun hannert dem Projet fir déi richteg. Ech sinn der Meenung, datt d'Magistratur zu Lëtzebuerg soll komplett ofhängeg [sic!] si vum Pouvoir politique. Dat ass haut net onbedéngt de Fall. Ech sinn als Justizminister nach ëmmer deen deen Décisiounen ënnerschreift fir Leit an hirer Carrière avancéieren ze loossen, Nominatiounen, Promotiounen. An och wann dat eng reng Formsaache ass, well ech de Fait déi Virschléi déi gemaach ginn och ëmmer 1 zu 1 unhuelen, sou ass dat awer reng formal eng Situatioun déi net dofir suergt datt d'Magistratur, d’Justiz 100% onofhängeg wier vum politesche Pouvoir. Ech wëll dat also maachen, déi Onofhängegkeet do vervollstännegen. Allerdéngs muss dann déi aner Säit ee Conseil national de la justice entstoen, dee jo och zoustänneg dann ass fir all déi dote Froen, fir de Recrutement, d'Promotioun, d'Nominatiounen, ënnert anerem awer och fir d'Gestioun am breede Sënn vum Wuert vun der Justiz, deen och do ass fir Reklamatioune vun den Justiciables kënnen opzehuelen, dee seng Aarbecht effektiv mécht. Ech mengen net, datt et kann duergoen, datt een ee Conseil national de la justice géing schafen, dee méi begleedend wier an deen net wierklech Kompetenzen hätt, fir an där doter Matière sérieux Décisiounen ze huelen. Dofir mengen ech och dann an deem Modell dee proposéiert ginn ass nach Ännerunge musse gemaach ginn. Notamment halen ech déi Compositioun déi vum Text virgesinn ass, fir 15 Leit plus 15 Suppléante virzegesinn, perséinlech vill ze grouss. Ech wënsche mir do ee wiesentlech méi klengt Gremium, wat efficace ass a kuerz a séier Décisioune kann huelen. Ech wëll awer och soen, datt ech déi Compositioun vun deem Conseil national de la justice réischt an enger zweeter Phas wëll ausdiskutéieren. Ech mengen, datt et besser ass wat mir fir d'éischt d'Attributiounen, d'Kompetenze vum Conseil national sollen diskutéieren an eis doropper eens ginn. A wa mir eis eens sinn op den Attributiounen, da fanne mir och déi passend Compositioun fir dat ëmzesetzen. Mä a mengen Aen soll et egal wéi eng wiesentlech méi kleng Compositioun sinn, déi och efficace ka schaffen.

Roy Grotz: Da soll och eng nei Cour suprême geschaf ginn, déi d'Cour supérieure an d'Cour constitutionelle soll ersetzen, eng weider Nouveautéit och am Sënn vun enger Uniformitéit, Dir hutt déi grad ugeschwat, vum applizéierte Recht, duerch déi national Juridictiounen déi mir jo hunn.

Félix Braz: Da kéim nach dobäi, datt duerch déi dote Reform, och am Verwaltungsrecht eng Cassatioun géing dobäikommen an datt duerch d'Ofschafe vun der Cour constitutionelle am Fong all d'Geriichter an all d'Riichter kompetent wieren, fir dann ouni Question préjudicielle d'Verfaassungsméissegkeet kënnen ze préiwen. Dat ass eng grouss Reform, wou ech awer net weess, ob mir déi wäerten an deenen Délaie kënne virubréngen. Ech halen et nach ëmmer fir méiglech oder zumindest net fir onméiglech, datt mir déi virubréngen an den Délaien déi mir brauche fir d’Verfassungsrevisioun. Well am Fall vun der Cour suprême, contrairement zum Conseil national de la justice, wou et géing duergoen de Prinzip an d’Verfassung anzeschreiwen an duerno, nom Akraafttriede vun der neier Verfassung d'Gesetzer ze maachen, an deem heite Fall géing d'Cour suprême jo Bestehendes ersetzen, also muss net nëmmen de Prinzip vun der Cour suprême an der Verfassung stoen, mä et mussen och scho parallel sämtlech Gesetzer déi dat ëmsetze votéiert ginn deen Dag wou d’Verfassung a Kraaft trëtt. Dat ass ganz sportlech. Hei sinn awer ganz wiesentlech Diskussiounen ze féieren a Gesetzer ze schreiwen an ech weess net ob mir sollen d’Verfassungsrevisioun retardéiere wéinst der Debatt ronderëm d'Cour suprême, sou datt déi och vläicht méi spéit nach kéint gefouert ginn. Déi zwou si wichteg, mä méi prioritär, fir mech zumindest ass d'Aféierung vun engem Conseil national de la justice.

Roy Grotz: Mir si lo beim Recht schwätzen, dat ass eng Saach Här Braz, d'Exekutioun vun de Strofen ass dann awer eng aner. Schwätze mir mol do iwwert de Jugendschutz. Wou sinn d'Aarbechten iwwert d'Reform vun dësem wichtege Gesetz drun? Et weess een, dacks dauert et Méint bis nom Signalement eng Enquête opgemaach gëtt. All dës Zäit sinn déi betraffe Jonk, Kanner, dacks awer Geforen ausgesat. Zeréckzeféieren ass dat zum Deel op ee Manktem vu Personal an de concernéierte Servicer. Opgestockt ass lo weider net ginn, wéi  geet et an deem dote Beräich also weider?

Félix Braz: Jo Dir hutt d'Situatioun mengen ech richteg beschriwwen. Et ass ee Beräich wou een eigentlech misst soen, do däerf et iwwerhaapt keng Retarde ginn. Mir hu jo eng Philosophie zu Lëtzebuerg déi bei Mannerjäregen, och bei Mannerjäregen déi Feeler gemaach hunn, déi nach ëmmer déi ass vum Schutz vun de Jugendlechen. Och ee jugendlechen Täter gëtt grondsätzlech als een Affer consideréiert, deem gehollef muss ginn. Dat ënnerscheet eis viru villen anere Länner. An Europa gëtt et och am Moment eng Diskussioun iwwert eng Directive déi eng Zort Jugend-Droit pénal soll aféieren, wat a munnech Länner vun der Europäescher Unioun ee Fortschrëtt kéint bedeiten, wat awer zu Lëtzebuerg géing eng Inversioun vun der Philosophie mat sech bréngen. Mir sinn net Demandeur fir een Droit pénal vun de Jugendlechen, mir sinn nach ëmmer an der Philosophie vum Jugendschutz. Dat ass ee Beräich wou een effektiv seet, do misst eigentlech ëmmer eng Décisioun kënne ganz séier geholl ginn. Dofir musse mir dat Gesetz iwwerschaffen a mir mussen eis och iwwert d'Fro vun de Moyenen beschäftegen. Am Moment, Dir wësst et, probéiert d'Regierung am Kader vun hire Spuerefforten, och bei der Personalpolitik, däitlech méi virsiichteg ze sinn wéi déi virecht Regierung, wat net heescht, datt et néierens kann zu Verbesserunge kommen. An ech denken an deem Beräich wou ech zoustänneg sinn, datt deen dote Beräich een ass dee prioritär misst seng Moyenen opgestockt kréien, fir datt et keng Délaien an dëser Matière gëtt. Déi sinn eigentlech prinzipiell inakzeptabel.

Roy Grotz: Deen Text och do rëm, Dir sot, nei opschaffen, dat seet mir rëm, datt dat natierlech och rëm eng gutt Zäitchen da brauch.

Félix Braz: Jo sécher, mä wann een eng anstänneg Aarbecht wëll maachen, da kann een déi och net aus dem Aarm rëselen. Dat ass eng Banalitéit dat ze soen, mä grad an deem  heite Beräich ass dat absolut ubruecht. Mir schwätze vun engem ganz sensibele Beräich, wou ee ganz gutt a mat vill Ofsprooch soll d'Ännerungen am Gesetz nëmme virhuelen.

Roy Grotz: Resozialiséierung da vun den Détenuen, ee grousst Wuert, eng heer Iwwerschrëft déi ëmmer geholl gëtt. De Garant fir dat soziaalt Abannen an d'Gesellschaft vun deene Leit wier jo eng Aarbecht an eng anstänneg Wunneng zum Beispill, ze hunn, als Basis. Domat géif dann och de Risque vun der Récidive erofgoen. Et ginn an deem Punkt awer knapp bis net vill Initiativen vum Staat fir d'Réinsertioun ze garantéieren. Zum Beispill schafft d'ADEM net weider mam Parquet général, respektiv dem Prisong zesummen. Am Ausland ass dat de Fall. Misst de Staat hei vläicht éischter méi proaktiv virgoen?

Félix Braz: Absolut, an dat ass och Sënn vun der Reform, déi och hei vum François Biltgen preparéiert gi war, déi immens vill Kritike kritt huet, och ganz vill negativ Avisen, wou ech awer eigentlech als deemolegen Oppositiounsdeputéierten d'Philosophie vun der Reform ganz staark ënnerstëtzt hunn, méi souguer, mengen ech, wéi déi eege Fraktioun vum Här Biltgen zu där Zäit an a der Chamber, well ech mengen, datt déi Philosophie déi richteg ass. Et ass eng breet opgestallte Reform gewiescht, déi sech Gedanke gemaacht huet iwwert de Stellewäert vum Droit pénal an eisem System an d'Äntwert doropper war, datt mir wahrscheinlech zevill penaliséieren an datt mir méi missten an eng Logik eriwwergoen, datt d'Peine privative vun der Liberté, d'Aspäeren, also d'Ewechspäeren am Fong d'ultima ratio misst sinn, datt ee wiesentlech méi mat anere Moyene misst schaffen, déi och Strofe sinn, awer Strofen déi duerno der Réinsertion sociale net am Wee stinn. Well et mécht jo kee Sënn fir an enger éischter Phas wann ee Leit ewechspäert hiert ganz soziaalt Ëmfeld ze desintegréieren, wann ech sou ka soen, fir et duerno rëm ganz mühseleg a mat groussem Opwand rëm mussen zesummen ze kréien wann déi Leit sollen erauskommen. An ech rappeléieren och, datt déi Leit déi zu Lëtzebuerg an de Prisong gespaart ginn, praktesch alleguerten, ausser déi déi d'Ongléck hunn am Prisong ze verstierwen, alleguerten nees duerno erauskommen. Mir mussen eis also mat där do Fro wiesentlech méi intensiv beschäftegen an dofir wëll ech och déi Reform vun der Exécution des peines zu Lëtzebuerg als eng vu menge Prioritéiten ugesinn. Do mussen natierlech vill Ännerungen nach gemaach ginn, mä de gesamtheetlechen Usprooch deen d'Reform hat, deelen ech an ech wëll deen och an där doter Form probéieren zesummen ze halen.

Roy Grotz: Geschafft gëtt jo effektiv, denken ech lo och am Prisong. Ech denke just un déi grouss Spidolswäscherei, 75 Détenuen sinn do beschäftegt. Mir hu gëschter d'ADEM héieren an de Premier: an Zäite vun héijem Chômage, wier et denkbar, datt do och nach Chômeure géife mat erugezu ginn, fir an där Wäscherei ze schaffen, mengt Dir?

Félix Braz: Dat ass lo eng Fro wou ech mengen, datt et net déi alleréischt Prioritéit dierft sinn, well déi Leit déi am Prisong sinn mussen och kënne schaffen, ënner Konditiounen wou ech mengen, datt mir se musse verbesseren. Mä mir brauchen awer ganz vill Formatioun och am Prisong. Wa mir rëm am Souci wëlle si vun der Réinsertion sociale, da muss d'Qualifikatioun an d'Formatioun vun de Leit déi do sinn drastesch verbessert ginn. Dat scheitert awer zanter laange Joren och dorunner, datt mir keng raimlech Méiglechkeeten hunn. Dofir ass och dee Bau vun der Maison d’arrêt, wou d'Untersuchungshäftlinge sollen dra kommen, um Ueschterhaff an der Gemeng Suessem sou wichteg. Dee Projet ass jo och lo vum Kolleg Nohaltegkeetsminister François Bausch deposéiert ginn, wat mech freet an ech hoffen och, datt mir an der Chamber, well jo den Avis vum Staatsrot schonn dobäiläit, do kënne séier zu engem Vote kommen, well ouni Ueschterhaff kënne mir net zu Schraasseg déi Plaz degagéieren, déi mir brauchen, fir de sougenannte Kompetenzzenter zu Schraasseg ze developpéieren. Ouni Raim fir Formatioun ze maachen, gëtt et keng Formatioun an dat ass zu Schraasseg zanter laange Joren de Misère an dofir wënschen ech mir ganz séier de Bau, wéi virgesinn, vun der Maison d'arrêt.

Roy Grotz: Ass Schraasseg net awer och e bësse vétuste? Wann Dir lo scho vum Ueschterhaff schwätzt, 400 Leit sollen do an Ënnersuchungshaft kommen. 155 Milliounen, mir schwätze vu Schraasseg, wat geschitt mat deem Prisong?

Félix Braz: Schraasseg muss och da moderniséiert an ëmgebaut ginn, mä fir d'éischt muss den Ueschterhaff do sinn, datt ee kann déi Leit an der Untersuchungshaft och dohinner transferéieren an da réischt kann natierlech och zu Schraasseg ëmgebaut ginn. D’Planungen dofir mussen awer lo an den nächsten 18 Méint och schonn ufänken. Déi Diskussiounen, wéi wënsche mir eis da Schraasseg duerno, wat soll do alles méiglech sinn, en Vue ebe vun där Réinsertion sociale, fir datt mir déi bescht Chancen hunn, fir datt et wéineg Récidive gëtt, och wann et do keen Automatismus gëtt. Et geet net ëmmer riicht aus, mä et kann ee wiesentlech méi dofir maachen, datt et wiesentlech méi oft riicht aus geet. Mä déi Diskussioune musse mir lo a mengen Aen an den nächsten 18 Méint och ufänke mat féieren. Ech soen et nach eng Kéier, Ueschterhaff ass fir 2017/18 virgesinn, also solle mir spéitstens virun Enn 15 eis och mat deenen dote Froen intensiv beschäftegen.

Roy Grotz: Dat heescht humane Strofvollzuch, sou wéi déi Gréng et jo och ëmmer a sech gefuerdert haten bleift an deem Sënn kee Friemwuert, dat soll dann enfin dann och Realitéit ginn an ëmgesat ginn.

Félix Braz: Also ech wëll net soen, datt de Strofvollzuch bis lo inhuman war, sou ass et net. Mä et kann ee mat Sécherheet ganz villes verbesseren an déi Philosophie, déi grondleeënd Philosophie vun där ugeduechter Reform, och wann nach ganz vill Ännerunge vun der neier Regierung musse gemaach ginn, ass eigentlech an déi dote Richtung ausgeluecht an op där doter Pist wëlle mir och ganz sécher bleiwen.

Roy Grotz: Här Braz, lo si mir bal um Enn vun der Émissioun, lo kënnt Dir Iech zeréckleeën, lo kënnt dee relaxen Deel, keng politesch Froe méi, d'Leit wëlle jo vläicht wësse wéi ass dann de Félix Braz sou privat. Dir sidd kee Jurist, direkt forméierten, et muss een erawuessen, kann ech mir virstellen, Dir musst vill Dossiere consultéieren a wëssen, dat hu mir lo gemierkt, iwwert dat wat Dir schwätzt. Sicht Dir een Ausgläich iergendwou privat, Sport vläicht?

Félix Braz: Also meng Zäit geet am Fong, gëtt opgedeelt tëscht der Aarbecht, dat war an de leschte Méint an der Aschaffphas natierlech ganz sportlech, a menger Famill. Ech probéieren sou vill wéi méiglech Zäit disponibel ze hale fir d'Famill, dat ass meng eenzeg Prioritéit. Sport maachen ech andeems ech joggen, awer lo zanter enger méi laanger Zäitchen net, well ech e bësse mam Knéi geplot ginn, mä ech hoffen, datt dat awer rëm an d'Rei geet, well dat awer wierklech gutt deet. Mä sportlech Ambitiounen, dat ass eriwwer, déi hat ech an der Jugend, do hunn ech ganz vill Sport gemaach. Wann ech lo rëm fit genuch wier fir kënnen zwee- dräimol d'Woch e bëssen joggen ze goen, wier ech scho ganz happy.

Roy Grotz: Ech hat gesot, Dir sidd kee geléierte Jurist an awer kann ech mir virstellen, wann een an d'Magistratur erakënnt bei déi Leit, gëtt do net vun uewen erof op ee gekuckt oder een als Noviz e bësse behandelt?

Félix Braz: Nee, absolut net. Ech muss soen ech hunn an den éischten 3 Méint ganz ganz vill Visitë gemaach, iwwerall, iwwerall am Land, op all de Geriichter, mat all den Intervenanten an deem dote Beräich, zum Beispill och déi Leit déi d'Prisonnéier besiche ginn. Ech gesinn e Méindeg de Moien nach déi Leit vum “Treffpunkt”, déi sech ëm d'Relatioun Suerge maachen an interesséieren, wéi kann een eng Relatioun oprecht erhalen tëscht Détenuen, Leit déi condamnéiert sinn an hire Kanner dobaussen, also wierklech immens vill Zäit dofir geholl. An ech muss soen, datt den Accueil an d'Gespréicher iwwerall extrem positiv waren. Ech hunn do iwwerhaapt keng Iwwerhieflechkeet festgestallt, bien au contraire, dat ware ganz konstruktiv a laang Gespréicher an ech muss soen, dat huet mir perséinlech ganz vill bruecht.

Roy Grotz: Datt Dir hei geschafft hutt eng Zäit huet Iech hoffentlech och eppes bruecht. Dir kennt och alles jiddwer Fall Iech gutt hei erëm, Dir waart deen éischten, hutt Dir mir gesot, deen aus deem Gebai hei eng Émissioun gemaach huet, wou mir grad drasetzen. Da kënnt Dir och lo wéi an alen Zäiten, als Animateur Äert Lidd usoen dat Dir Iech erausgesicht hutt.

Félix Braz: Jo also ech hunn doheem gesot kritt, vu datt ech déi leschten 3 Méint wierklech manner doheem war wéi si dat soss vu mir gewinnt sinn, duerch déi vill Aarbecht déi dat dann och an der Aschaffphas bedeit, hu si mir gesot ech soll mir d'Lidd vum Stromae wënschen: “Papa où t'es?”

Roy Grotz: Voilà dat war d'Émissioun “Background am Gespréich” mam Félix Braz. Merci datt Dir hei waart. Wat schafft Dir nach um Weekend Här Braz lo?

Félix Braz: Éischtens mol Merci fir d'Invitatioun. Ech ginn lo nach zréck op de Büro, do sinn nach e puer Saachen ze maachen an da ginn ech op déi offiziell Ouverture vum Festival des Migrations vum CLAE hei um Kierchbierg, wou ech och dann e bësse wäert Zäit verbréngen, wéi all Joers iwweregens.

Roy Grotz: Dat ass flott, dann ass de Rendezvous hei jo gutt dertëscht gewiescht. Wéi gesot Merci fir d'interessant Gespréich.

Félix Braz:  Merci och.

Roy Grotz: An domat si mir um Enn vun der Émissioun. D’nächst Woch natierlech déi och erëm, um Programm da presentéiert vum Claude Zeimetz.

Dernière mise à jour