The Ministry on Facebook
Null Toleranz bei Gewalt, egal a wéi enger Form! Mir gi konsequent géint Täter vir a stäerken Affer mat konkreter Hëllef. 1 Joer no der Inauguration vum Centre national pour victimes de violences (CNVV) gëtt - nieft der psychosozialer an der medezinescher Ënnerstëtzung - och de juristesche Volet weider ausgebaut, duerch: ✅ Gratis juristesch Consultatiounen - mat Ënnerstëtzung vum Barreau a finanzéiert vum Staat. 👉 Fir méi Schutz an e bessere Zougang zur Justiz fir all Affer. #LëtzebuergStäerken #AfferSchützen Communiqué de presse: https://mj.gouvernement.lu/fr/actualites.gouvernement2024%2Bfr%2Bactualites%2Btoutes_actualites%2Bcommuniques%2B2026%2B05-mai%2B05-cnvv-anniversaire.html
Mir ënnerstëtzen Entrepreneuren a maache Lëtzebuerg méi kompetitiv. Mir hunn d’Attraktivitéit vun eisem juristeschen an ekonomesche Kader fir Entrepreneure gestäerkt. Mat der Adoptioun vum Projet de loi 8669 duerch d’Chamber, kënnen d’Grënner vun enger SARL, d’Stammkapital vun 12.000 € bis zu 12 Méint no der Grënnung liberéieren. Virdeeler vun dëser Reform: 👉 schaaft administrativ Blocagen of, déi mat der Erëffnung vun engem Bankkonto verbonne sinn 👉 erméiglecht eng méi séier Grënnung vun Entreprisen 👉 ënnerstëtzt jonk Entrepreneuren, déi dës Gesellschaftsform fir d’Grënnung vun enger Start-up notzen Mat dëser Reform setzt Lëtzebuerg op méi Flexibilitéit, wéi et och an anere Länner vun der Europäescher Unioun de Fall ass, an stäerkt domat d’Kompetitivitéit vum Land.
Méi Preventioun bedeit, manner Kriminalitéit, méi Afferschutz an awer och méi Sécherheet! Gëschter hu mir e wichtege Schratt fir eng besser Preventioun an der Kriminalitéitsbekämpfung - an domat fir méi Sécherheet - gemaach. Mam Gesetzesprojet „Jucha B“, dee gëschter an der Chamber gestëmmt ginn ass, gi mir der Justiz eng legal Basis fir Informatiounen, déi se hunn, weiderzegi fir potentiell Strofdoten ze verhënneren. Konkret geet et drëm, bei méi schwéiere Strofdoten ewéi sexuellem Mëssbrauch vu Mineuren, et de Justizautoritéiten ënner strenge Konditiounen ze erlabe fir de Patron oder och d’Associatioun vum Verdächtege bzw. Verurteelten doriwwer ze informéieren. Dëst fir ze verhënneren, datt z.B. e veruerteelte Sexualstroftäter oder eng Persoun géint déi Ermëttlunge wéinst esou Strofdote lafen, weiderhi ka mat Kanner a Kontakt sinn. Eist Zil ass kloer: Mir wëllen d’Bierger hei am Land, a grad och Kanner a Jonker, besser schützen. #LëtzebuergStäerken #MënscheSchützen
Diplomiwwerreechung vun de cours complémentaires en droit luxembourgeois (CCDL) 🎓⚖️ Fir d’Laureaten markéiert dëst de verdéngten Ofschloss vun engem usprochsvolle Parcours, wou si hir Kompetenzen am lëtzebuergesche Recht ënner Beweis gestallt hunn. Sou krute vu 649 Kandidaten 289 haut hire Certificat. Domat hu si elo Zougang zu de liberale juristesche Beruffer (Affekot, Notaire a Huissier) souwéi zur Magistratur. All de Laureaten: Ganz häerzlech Felicitatiounen! 👏 A vill Erfolleg fir d‘Zukunft! Eise Rechtsstaat brauch är Talenter.
Last update