Le ministre de la Justice François Biltgen au sujet du projet de loi sur les faillites

Frank Kuffer: 1.021 Failliten zejoert. Mengt Dir dovunner wieren der eng Partie ze verhënnere gewiescht, wann Ären Text schonn ëmgesat wier?

François Biltgen: Also et muss een ëmmer wësse woufir kënnt eng Faillite. Et si Failliten, dofir kann een net, do gëtt een an eng Faillite mat erageschliddert. Et gi Leit déi hunn ee grousse Client, a wann dee Client Faillite mécht, si se mat fort. Déi si leider net ze verhënneren.

Da ginn et Failliten, d’Fuddelfailliten, d’Faillites frauduleuses, déi huet ee selwer verursaacht, déi wëlle mir an Zukunft méi bekämpfen.

An da ginn et awer ganz vill Failliten, do huet een e Feeler direkt, indirekt gemaach, et huet een eng falsch Décisioun geholl, déi een net konnt virausgesinn. An do stelle mir fest - an ech schwätzen och als laangjäregen Aarbechtsminister - datt eng ganz Partie Betriber strukturell Problemer hunn, an net mat Zäite mierken, oder mierke wëllen, datt se kënnen do strukturell sech nei opstellen, an datt een deene muss hëllefen.

An dat ass ee vun de Kärpunkten hei déi mir wëlle maachen, fir engem ze soen, ma lauschter, du hues Problemer. Wann s de bereet bass dir hëllefen ze loossen, da kënne mir dir hëllefen, an da kënne mir kucken, datt s de erëm op d’Been kënns.

Frank Kuffer: Mir kucken dat elo geschwënn am Detail wéi dat ka fonctionnéieren. Wësst Dir wéi eng Secteuren am meeschte betraff si vun de Failliten?

François Biltgen: Bein, et muss een emol fir d’éischt déi Zifferen och, déi iwwer 1.000 do kucken. 70% vun deene Failliten ass entweder kee Salarié do, oder een, an deen ee Salarié ass oft de Chef selwer.

Do wou mir eis ëmmer méi Suerge maachen, dat ass wann et déck Betriber sinn, wou ganz vill Salariéen dra sinn. An do stelle mir ëmmer erëm fest, datt zum Beispill d’Baubranche emol méi emol manner ëmmer der erëm huet.

Et ass also fir mech manner d’Suerg ze kucken a wat fir enge Secteuren et ass. Do gëtt et d’Opschlësselung do vun de Secteuren. Mä fir mech ass ëmmer wichteg, an dat hunn ech oft matgemaach och als Aarbechtsminister, datt déck Betriber do sinn, op eemol si se virun der Faillite. A wann een dann zeréckkuckt, seet een, majo wiere vläicht eng Kéier aner Décisioune gefall gewiescht, dann hätt elo net de Staat, an och d’Allgemengheet, an och déi eenzel Leit de grousse Misère.

Wann e Betrib ass, deen eng Partie Salariéen huet, mir haten der awer regelméisseg wou och Salarié waren, hunn d’Salariéen e Problem, de Staat huet e Problem, dat heescht de Steierzueler, Steiere déi net bezuelt goufen, d’Assuréen hu Problemer, d’Cotisations sociales déi net bezuelt ginn.

An da kommen ech erëm op déi Fro vu virdrun zeréck, dann hänken awer heiansdo Privatbetriber mat dran, déi dann op eemol, well se ni bezuelt goufe vun deem do, selwer kënnen an eng Faillite geroden, wou se iwwerhaapt kee Feeler an hirer Gestioun gemaach hunn.

Frank Kuffer: Dat neit Gesetz dat huet u sech 4 Voleten. Komm mir kucke se een nom aneren duerch. An do geet et fir d’éischt natierlech drëms eng Faillite ze verhënneren, also dat Präventiivt.

François Biltgen: Präventiv ass eng Iddi, déi mir hei iwweregens am Verbund mat ganz ville Ministèren, ech hunn als Justizminister initiéiert, mä hei huet de Wirtschaftsministère matgeschafft, d’Sécurité sociale, d’Classes moyennes a ganz vill Ministèren a Verwaltungen hunn hei zesumme geschafft, datt mir soen, komm mir zentraliséieren am Niveau vum Comité de conjoncture, wou ech jo och schonn iwwer de 5611 d’ganz Politik de Maintien de l’emploi e bëssen zentraliséiert hunn, komm mir bréngen elo Indicateuren zesummen, Indicateuren déi staatlech a parastaatlech Verwaltungen hunn.

D’Steieren, d’Direktsteieren, den Enregistrement, respektiv och de Centre commun de la sécurité sociale, datt déi emol matenee schwätzen am Respekt vum Dateschutz, datt déi matenee schwätzen, datt do d’Clignotanten uginn. Wann do bei deenen dräi Verwaltunge Clignotanten uginn, datt scho laang net méi bezuelt gouf, jo da muss ee kucken, kann een dem Betrib hëllefen, kann een em net hëllefen. Da kritt en en Angebot datt him soll gehollef ginn. Wann en dat unhëlt, da kann ee mat em schaffen, hëlt en et net un, jo dann ass et ze spéit, dann ass et besser och heiansdo eng Faillite mat Zäiten ze provozéieren amplaz ze waarde bis datt d’Kand am Pëtz läit.

Mä dee Clignotantssystem dat ass d’Kärstéck hei. Well mir mussen eppes wëssen, 90% vun de Faillitë ginn déclenchéiert, net verursaacht, déclenchéiert vun deenen do dräi Verwaltungen. Si sinn net d’Ursaach vun der Faillite, mä si déclenchéiere se. Wat se méi laang waarden, wat awer d’Gefor ass, datt se d’Suen net erakréie fir de Steierzueler a fir den Assuré. An een dee seng Steieren net bezilt, seng Assurancen net bezilt, deen huet jo dann och eng Situatioun vun deloyaler Konkurrenz par rapport zu deenen aneren.

Mir mussen also méi séier entweder engem soen, dir kann nach gehollef ginn, wann s de d’accord bass, hëllefe mir dir, oder eben ze soen, wann s de net kanns, a wann s de net wëlls, dann ass et besser esou séier wéi méiglech virun d’Geriicht ze goen.

Mir hunn also eng ganz nei Panoplie vun Hëllefen, déi ee kann ubidden iert datt et zu enger Geriichtsinstanz kënnt vun de Failliten.

Frank Kuffer: Da schwätze mir vun engem Volet réparateur, dat heescht op lëtzebuergesch de Patron vun der Firma soll u sech eng zweet Chance kréien, also nach eng Kéier kënnen eng ganz nei Entreprise opmaachen, oder wéi geet dat?

François Biltgen: Jo, dat ass déi al Diskussioun. Mir liewen an enger Gesellschaft vu fräier Wirtschaft. An ech mengen do dierf een net onbedéngt e Stempel op d’Stier kréien, wann een eng Kéier, wann et schif gaangen ass. Et muss een eng zweet Chance kréien.

Frank Kuffer: Wann een dat net express provozéiert huet?

François Biltgen: Wann een dat net, an dat ass de Punkt. Mir geheie jo alles an een Dëppen, well mir och, an dat ass ee Punkt, deen dem Justizminister um Häerz läit, well mir net genuch Poursuitë maache géint d’Fuddeler, déi déi Fuddelfailliten do provozéieren. A wa mir déi elo, an do gi mir eis eng ganz Partie Mëttelen, déi besser poursuivéieren, da kënne mir soen, ma déi déi net poursuivéiert goufen, déi eng Faillite gemaach hunn, ma déi sollen eng zweet Chance kréien, an déi mussen erëm eng Kéier kënnen op hir eege Féiss kommen.

Et ass net onbedéngt ëmmer seng eege Schold datt en eng Faillite gemaach huet. Et ass wichteg datt mir de Leit soen, trau dech, an heiansdo kann et och schif goen.

Frank Kuffer: Gëtt en da bei engem zweeten Ulaf awer iwwerwaacht, kontrolléiert?

François Biltgen: Ech menge mir sollen hei den Ënnerscheed maachen tëschent deenen déi fuddelen, an deenen déi an eng Faillite gefall sinn ouni gefuddelt ze hunn an där Faillite, ouni do de Feeler gemaach ze hunn.

Dofir ass deen drëtte Volet, de Volet répressif, extrem wichteg. Wat maache mir an Zukunft? Mir haten, elo zum Beispill hu mir den Ënnerscheed gemaach Banqueroute frauduleuse, Crime an Délit.

Crime, dat ass ganz schwiereg reng prozedural ze bewegen. Do brauch ee ganz vill Instruktiounsmoossnamen. Dofir soe mir, mir gesinn elo d’Banqueroute nach just vir, frauduleuse gesi mir nach just vir am Kader vun engem Delikt. Do stinn awer zwee Joer Prisong drop. Dat ass also méi einfach ze instruéieren. Do komme mir éischter weider.

An deem Zesummenhang ass och d’Reform vun der Police judiciaire gesinn, déi ech amgaange sinn zesumme mam Inneminister Jean-Marie Halsdorf ze kucken. Ech weess datt d’Politiker ëmmer verlaangen, datt een d’Polizei gesäit dobaussen. Mä et ass fir eis awer och wichteg, dat ass eppes wat mir um Häerz läit, datt mir méi Moyenen hu fir alles wat Finanzkriminalitéit zu Lëtzebuerg ass, ze bekämpfen. Déi gëtt net genuch bekämpft.

An dat sinn och heiansdo kleng Failliten, wou awer dem Staat a Privatleit Sue entginn. Mir mussen also dat maachen. Dat ass deen een Punkt.

Deen zweete Punkt ass, datt mir awer do soen, do wou een e Feeler gemaach huet, wou mir elo gesot hunn, eng Faute grave, wat schwiereg ze beweisen ass, wou mir elo an Zukunft soen, ma een deen eng Faute de gestion ayant contribuée à l’insufficance d’actifs gemaach huet, datt mir dee kënnen dann och huelen, a soen, hei lauschter, elo ass net einfach well däi Betrib net méi besteet, bass du fräi, mir kënnen dech och nach vill méi einfach usiche wéi an der Vergaangenheet, datt s du awer nach Sue selwer bréngs fir deen Actif ze combléieren, wou s du selwer dofir gesuergt hues, datt keen Actif méi do ass. Dat ass och e wiesentleche Punkt.

An dann en anere wiesentleche Punkt dee mir maachen, dat ass, datt mir d’Interdiction de faire le commerce dann och méi einfach kënne schwätzen. Well ech begéinen ëmmer Leit déi mir soen, hei deen do deen huet déi Faillite gemaach, en huet sech esou an esou ugeluegt, an elo huet e schonn deen nächste Betrib, an deen nächste Betrib, an deen nächste Betrib. An dat hat ech och als Affekot. Salariéen déi net bezuelt goufen, an dann, si hu misse kucken nach iwwer de Superprivilège nach Suen da vum Staat erëm ze kréien, an deen deen awer vläicht do e bësselchen do gewedelt huet fir laanscht alles ze kommen, deem geschitt näischt.

Dofir ass dat alles wichteg, datt mir vill méi Faillites frauduleuses nokucken, an datt mir se kréien, an datt mir soen, bon deen net doran ass an enger Faillite frauduleuse, okay dee muss seng zweet Chance kréien.

Frank Kuffer: Bleift nach de Volet social. Wat mengt Dir domat?

François Biltgen: De Volet social sinn zwou Saachen. Deen een ass dee wou eigentlech do schonn den Aarbechtsminister eppes realiséiert huet am Virfeld, wat mir ofgemaach haten, nämlech datt d’ADEM, datt déi nei Agence, datt déi kann Avance ginn, an datt een net waart bis datt een zum Schluss d’Sue ka ginn.

An dann ass eppes anescht wichteg. Faillite kaschten de Staat ganz vill, well all kéiers muss e Curateur genannt ginn, dat ass da meeschtens en Affekot. Nun hunn awer ganz vill Gesellschaften, wou kee Salarié dran ass, ech soen nach eng Kéier, 30% ass iwwerhaapt kee Salarié dran, 40% ass nëmmen eigentlech de Chef dran.

Ganz vill wou kee Salarié dran ass, wou och guer keen Actif do ass, a wou et awer och fir de Staat ze deier gëtt, a fir jiddwereen deen drun hänkt ze deier gëtt, datt mir do e grousse Curateursoflaf maachen, do wëlle mir elo e Liquidateur, eng Lëscht vu Liquidateure maachen, déi da vill méi liicht kënnen dat do ofwéckelen.

Well et ass, och nach eng Kéier, da kommen ech op de Salarié zeréck, dat ass ee vun den Haaptproblemer, et ass ëmmer schéin a gutt wann een de Superprivilège huet, och wann een op dee muss waarden, hänkt een awer esou laang, wou ee kee Revenu huet, och wann ee keng Plaz fënnt.

An da kommen ech nach eng Kéier drop zeréck, et muss och vill méi séier liquidéiert ginn. Well mir hunn elo vill geschwat vun de staatleche Créancen, et sinn, bei all Faillite sinn och Privatleit. Een dee verlount huet, säi Loyer net kritt huet, een deen e Prêt ginn huet, vläicht e perséinleche Prêt, mir hu ganz vill Misère déi duerch eng Faillite entstinn, an dofir musse mir kucken dat méi efficace ze maachen. Och dat ass en Element vum Sozialen.

Frank Kuffer: Dir hutt der Justizkommissioun an der Lescht zimlech vill Aarbecht ginn. Wéi séier, mengt Dir, kéint dat Gesetz hei gestëmmt ginn?

François Biltgen: Also wat emol fir mech wichteg ass, dat ass datt mir d’Avisen esou séier wéi méiglech kréie vun de Chambres professionnelles zum Beispill. Wou ech awer wëll soen, datt mir zum Beispill mat enger Chambre de commerce, déi hei och ganz vill Iddië selwer an der Vergaangenheet hat, gutt zesummegeschafft hunn. Wat mir d’Avisen éischter kréien, wat et besser geet. Et ass e komplizéierte Projet, well et e Projet ass, deen elo net nëmmen de renge Justizvolet betrëfft, well e wierklech an d’Ekonomescht an an dat Sozialt erageet. Mir hu ganz, ganz vill dru geschafft, mat ville Verwaltungen, mir hu mat Affekoten dru geschafft. Mir mengen datt de Projet gutt ass. Wa mir d’Avisë kréien, also et kommen ëmmer Saache wou een herno erausfënnt dat kanns de nach besser maachen. Wichteg ass datt mir d’Avisen esou séier wéi méiglech kréien, datt mir kënnen an der Chamber weidergoen. Ech muss zur Éier vun der Chamberkommissioun soen, ech hunn elo eng Opstellung gemaach vu Projeten, wéivill mir der gestëmmt hunn, wéivill ech der selwer deponéiert hunn, dat ass esou e Rythmus vun een de Mount, et kommen och nach décker dobäi. Ech muss awer soen zur Éier vun der Chamberkommissioun, well Dir jo iwwer d’Chamber bericht hutt, déi Chamberkommissioun tagt mëttlerweil an der Regel zweemol d’Woch, also et gëtt ganz vill geschafft, an och d’Deputéiert sinn hei wierklech bereet déi Reformen ze maachen, déi mir am Justizsecteur brauchen.

Frank Kuffer: Wa mir awer scho bei där Kommissioun sinn, nach eng Fro, wou Dir elo net direkt eppes domat ze dinn hutt. Schonn zanter 10 Joer, mengen ech, läit dat Scheedungsgesetz do. Verstitt Dir datt do nach ëmmer dat net ëmgesat ass?

François Biltgen: Verstoe jo, akzeptéieren neen. Do wëll ech och elo mat der Chamberkommissioun eis eng nei Strategie ginn. Well dat ass nach e Projet dee mäi Virgänger, de Luc Frieden, a senger vir-virrëschter Period, fir esou wäit zeréckzegoen, deponéiert huet, a wou ech d’Impressioun hunn, datt et do heiansdo zevill diskutéiert gëtt em den Detail, an datt een do heiansdo an der Chamberkommissioun vu lauter Beem de Bësch net méi gesi ginn ass.

Mir hunn eis elo e kloere Programm gi mat der Chamberkommissioun, wëll ech soen, deemnächst wäerte mir Ufank Februar iwwer d’Mariagereform schwätzen, deen elo aviséiert ass vum Staatsrot. Dat hu mir elo virgesinn en Datum wou ech an d’Chamberkommissioun ginn, Ufank Februar. Ech menge wa mir dat hunn, musse mir eis einfach eng Method ginn, wéi mir mat deem Scheedungsgesetz weiderkommen. Mir si selwer bereet am Ministère fir ze soen, wann dir gären hätt, als Chamberkommissioun, datt mir emol nach eng Kéier do duerchginn, an eng Kéier kucken dat esou ze ordonnéieren, dat Gesetz, datt et eng Uerdnung dran ass, well et schonn ze laang gedauert huet, an effektiv ee sech ka verhedderen am Detail, da maache mir dat ganz gären.

Well ech mengen och dat Scheedungsgesetz ass och wichteg, och erëm eng Kéier aus soziale Grënn fir vill Gesträits tëschent de Leit, a virun allem do wou Kanner sinn, fir vill Gesträits do ze verhënneren. A wann ech de Projet de loi kucke vum Luc Frieden, deen ass grosso modo nach ëmmer gutt gewiescht. An et ass keng Ursaach datt mir eis och do net zesummefannen, d’Deputéiert an de Minister, fir eis en Hoff ze gi fir och doduerch ze kommen.

Frank Kuffer: Gëtt dat dann nach virun de Wahle gestëmmt?

François Biltgen: Also dat wier awer elo, mäi grousse Wonsch wier, ech hunn e puer esou Uleies gehat, wéi ech als Justizminister ugetruede sinn, wat ech wollt reforméieren. D’Faillite hunn ech elo déposéiert, d’ganz Prisongswiesen ass déposéiert, d’Justizwiesen mat engem Conseil national de la Justice an enger Cour suprême, dat kënnt an deenen nächste Wochen, a d’ganz Familljerecht. Ech menge mir hunn elo, um Mariage hu mir gutt geschafft an der Chamberkommissioun, dann den Divorce, Responsabilité parentale hu mir gutt geschafft, och do schaffe mir drun, an den Divorce. Ech hätt awer gären déi dräi Voleten wierklech virun den nächste Wahle gestëmmt, datt mir och do e modernt Familljerecht hunn.

Frank Kuffer: François Biltgen, villmools Merci datt Dir Iech de Mëtteg Zäit fir eis geholl hutt.

François Biltgen: Jo, Merci och.

Dernière mise à jour