François Biltgen au sujet du mariage de couples homosexuels et de l'adoption d'enfants par les couples homosexuels

Frank Kuffer: De Moien huet déi juristesch Chamberkommissioun sech eng éischte Kéier mat der Reform vum Bestietnes beschäftegt. De Mariage soll an Zukunft och op si fir homosexuell Koppelen. A 7 Länner an der EU kënne schwul a lesbesch Koppele sech scho bestueden. Dat britescht Parlament huet eréischt gëschter dofir gestëmmt. Wat haalt dir dovunner? Jo oder neen zum Mariage vun den Homosexuellen, a sollen déi Koppelen och kënne Kanner adoptéieren?

Am Studio ass dee Mann deen d’Reform déposéiert huet, de Justizminister François Biltgen. Gudde Mëtteg Här Biltgen.

François Biltgen: Gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Bei eis gëtt déi Diskussioun méi roueg gefouert wéi a Frankräich. Dat freet Iech bestëmmt Här Biltgen?

François Biltgen: Doriwwer sinn ech ganz frou, esou grad wéi ech frou war, datt mir d’Fro iwwer d’Nationalitéit och konnte roueg diskutéieren. Dofir ass et och wichteg datt mir bei där hei Fro och weider roueg diskutéieren, an ëmmer zwou Saachen trennen.

Dat eent ass dat, Leit déi sech bestueden. Dat anert ass dat Verhältnis vun deene Leit mat Kanner. An dofir sinn ech och frou datt de Moien d’Chamber gesot huet, ma dat Wichtegst ass elo emol datt mir gläichgeschlechtlech Koppele kënne bestueden, dann hu mir och eng aner Diskussioun iwwer de Pacs, an datt dat dat Wichtegst ass, an datt mir dann a Rou un déi aner Froen eruginn, déi effektiv mat de Relatioune mat de Kanner eppes ze dinn hunn.

Frank Kuffer: Et soll och hei de Mëtteg bei enger roueger a sachlecher Diskussioun bleiwen. Jiddwereen dierf a soll natierlech hei seng perséinlech Meenung soen. Dat mécht fir unzefänken de Pierre Vitali aus der Stad. Gudde Mëtteg Här Vitali.

Här Vitali: Bonjour. Gudde Mëtteg.

François Biltgen: Dir sidd der Meenung de ganze Mariage wier iwwerflësseg?

Här Vitali: Jo, ech fannen de Mariage ass hautdesdaags iwwerflësseg. A wann ee wëll eppes maachen, da kann ee jo Zäitverträg aféieren. Dat ginn dann eng ganz Rei Divorcen a soss Problemer aus dem Wee raumen.

Frank Kuffer: Här Biltgen, Mariage op 5 Joer oder esou?

François Biltgen: Also de Pacs deen erméiglecht jo eigentlech dat wat den Här Vitali hei seet, datt Leit déi net sécher sinn ob se hiert ganzt Liewen zesummegoen, datt se e Pacs maachen, an doduerch awer eng gewëssen Ofsécherung hunn.

Mä op där anerer Säit gesi mir datt awer nach ëmmer Leit sech längerfristeg wëllen am Mariage engagéieren, a wat jo och da ganz interessant ass, obwuel mir ëmmer manner Mariagen awer kréien, méi Divorce kréien, ass awer notamment vun de gläichgeschlechtleche Koppelen dat eng laangjäreg Fuerderung fir ze soen, mir wëllen net nëmmen e Pacs, wat jo eigentlech e Kontrakt ass, deen net en Zivilakt ass. Mir hätte gären och de Mariage als Zivilakt fir och ze beweisen, datt mir zwee, och wa mir gläichgeschlechtlecher Natur sinn, datt mir wëllen zesumme längerfristeg eis bannen.

Frank Kuffer: Madame Jeitz vun Duelem dann. Gudde Mëtteg.

Madame Jeitz: Jo, gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Et huet jo elo relativ laang gedauert. Lëtzebuerg ass dann dat 8. Land wat dat da stëmmt. An Dir mengt awer d’Décisioune géifen ze séier geholl ginn?

Madame Jeitz: Jo, also ech fannen datt hei bei eis d’Décisiounen e bësse séier geholl ginn. Wéi ech de Mëtten nogelauschtert hunn, an héieren hunn dee Pack deen ass séier iwwer d’Bühn gaangen, dat ass séier gemaach ginn, fannen ech einfach datt net genuch driwwer nogeduecht gëtt, an och wëssenschaftlech gekuckt gëtt wat fir eng Konsequenzen datt dat fir d’Zukunft vun eiser Gesellschaft huet, wa mir esou e Gesetz schafen.

Et gëtt jo awer villes iwwer de Koup gehäit. Et gëtt d’Familljekonstellatioun. Kuckt wéi zum Beispill, wann dann do steet, datt ee Kand nëmmen nach Pappen oder Mammen huet, an net méi eng Mamm an ee Papp, well iergendwou huet jo awer all Kand eng biologesch Mamm an e biologesche Papp. Ech fannen dat ass, a wat dat vu Gefore mat sech bréngt, och wann d’Adoptioun, wann déi Rechter, sinn dat nach d’Rechter vum Kand, wann an der Zukunft ka gesot ginn, anstatt ee Kand huet ee Recht op Elteren, Elteren hunn e Recht op e Kand. Also ech fannen dat ass e groussen Ënnerscheed. An ech fannen dat geet einfach e bësse séier. Si mir als Gesellschaft prett dat do elo esou nozevollzéien, a wat bréngt dat an Zukunft? Dat ass am Fong e Fragezeichen.

Frank Kuffer: Merci Madame Jeitz fir Är Meenung. Jo, d’Madame Jeitz huet vu Gefore geschwat, oder ob d’Gesellschaft prett ass. Wéi gesitt Dir dat?

François Biltgen: Also déi éischt Saach wat ech wollt soen. Deen Text deen huet d’Regierung schonn am August 2010 déposéiert, dee gouf och scho laang diskutéiert tëschent der Chamberkommissioun an dem Staatsrot. An dat hei gëtt mir och Geleeënheet fir op d’Madame Jeitz anzegoen, datt mir do den Ënnerscheed maache wat reng Bestietnes ass.

Dat heescht dat wou d’Chamber haut unanime war, dat war esou séier wéi méiglech e reng Bestietnes zouzeloossen. Déi aner Fro, déi d’Madame Jeitz zu Recht opwäerft, déi och de Moien diskutéiert gouf, dat ass déi, wéi sinn d’Relatioune mam Kand? An do muss een den Ënnerscheed maachen tëschent Elternschaft a Papp a Mamm. Et ass ganz kloer datt een nëmmen en natierlech biologesch Papp a Mamm kann hunn, Kanner vun Eltere sinn.

An dofir wëll ech eng Präzisioun ginn, déi d’Leit dobaussen net esou kennen, well se net an der Juristerei dra sinn. Dat wat d’Chamberkommissioun de Moie gesot huet, fir an enger zweeter Phas ze maachen, d’Adoptioun dat ass net d’Adoption plénière [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Mä da sot eis dat eng Kéier hei, wat ass den Ënnerscheed, et ass elo gesot ginn d’Adoption simple, do ware se sech jo de Moien eens si soll opgemaach ginn.

François Biltgen: Bein, ech fänken emol hannen un, wou mir eis och eens waren op alle Fall an dëser Phas net dat ze maachen, dat ass d’Adoption plénière, ech fänken hannen un.

Wat ass Adoption plénière? Do ersetze mir e biologesche Papp a Mamm duerch juristesch Mamm a Papp. Dat heescht, do ginn d’Liene mat den Elteren total ofgeschnidden. Dat ass eigentlech dat, wou ech och hei spieren, datt d’Madame Jeitz hir Bedenken huet, a wou och vill driwwer diskutéiert gëtt. Mir hunn och hei en Avis vun 2008, vun der Commission nationale d’éthique verfollegt, eiser nationaler Ethikkommissioun, déi selwer gesot hunn, gitt net op de Wee vun der Adoption plénière, maacht Adoption simple.

Wat ass den Ënnerscheed? Ma do bleiwen, d’Liene mat natierleche Papp a Mamm bleiwe bestoen. An do kritt dann deen, deen adoptéiert, dee kritt dann, dee gëtt dann Elteren, mä e gëtt net Papp a Mamm an deem do Sënn. An dat ass dat wat d’Chamberkommissioun gesot huet, elo an enger zweeter Etapp solle mir dann net kucken dat do opzemaachen.

Do ass et nämlech elo schonn esou datt een Eenzelne kann eng Adoption simple maachen, wou also de Lien mat den ursprénglechen Elteren net gekappt ginn, déi kommen, also d’Elternschaft kënnt dobäi bei den urspréngleche Papp a Mamm. Dat wat eben elo soll studéiert ginn an der Commission juridique, ob een net kann effektiv soen, ma da kënnen der zwee d’Adoption simple maachen. Wat net elo op alle Fall soll matgestëmmt ginn an der Commission juridique, dat ass eng Adoption plénière. Dat wäerft souwisou nach eng ganz Partie aner Froen op, déi mir awer och mussen an dësem Land diskutéieren.

Frank Kuffer: Da gi mir bei den Emile, an den Emile deen ass ganz dogéint. Emile wat heescht dat ganz dogéint, géint alles?

Emil: Moien. Ma ech wollt emol soen, ech hunn näischt dogéint datt se sech bestueden, mä datt se Kanner hunn, dat soll verbuede sinn. Bei de Männer an och bei Fraleit. D’Kanner sollen eng Mamm an e Papp hunn. A wat gëtt dat herno wa se vunenee ginn? Wou ginn déi Kanner herno? Oder Familljen déi huele keen, da soen déi, wat maache mir bei deenen, déi komme vun deene Lénksen. Eise Minister misst sech, den Här Biltgen deen dat do diskutéiert, soll soen, dat do geet net a fäerdeg.

Frank Kuffer: Okay, Merci dem Emile. Elo hu mir de Problem och bei Scheedungen, datt d’Kanner och bei ee ginn.

François Biltgen: Jo, mä ech mengen, nach eng Kéier, och hei dem Emile seng Suerg ass haaptsächlech déi, wa mir géife carrément soen, ma mir ersetzen d’biologesch Mamm a Papp duerch Mamm a Mamm, a Papp a Papp. Dat heescht, dat sinn déi Froen déi och ëmmer opgeworf ginn. Dann hu mir déi zum Beispill bei der Leihmutterschaft, an esou weider. Dat sinn déi Froe wou ganz vill Leit Bedenken hunn. A mir waren eis dat an der Chamberkommissioun och bewosst. An ech muss och dofir alle Fraktioune Merci soe fir déi Unanimitéit, fir ze soen, komm mir ginn emol schrëttweis hei vir, a komm mir maachen net eng Debatt wou d’Leit Ängscht hunn, wou se net richteg d’Fro do hunn.

Dofir soen ech nach eng Kéier, déi Adoption simple, déi d’Chamberkommissioun envisagéiert elo vläicht esou séier wéi méiglech an enger zweeter Phas ze maachen, dat gëtt studéiert niewent dem Mariage vun den Homosexuellen, dat ass keng wou dat do alles esou Famillje gëtt, wéi och [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Dir sot elo an enger zweeter Phas. Et soll jo awer matenee gemaach ginn elo [gëtt ënnerbrach]

François Biltgen: Wann et geet. D’Iddi ass déi d’Chamberkommissioun hat, also déi éischt Iddi ass folgend. Komm mir maachen elo emol d’Bestietnes, wat och hei Ären Intervenent gesot huet, komm mir maachen d’Bestietnes. Dat deet kengem anere wéi, wann déi zwee sech kënne bestueden, an et léist e puer aner Problemer.

An da kucke mir, gläichzäiteg gi mir parallel dozou ob mir déi Fro vun der Adoption simple kënne geléist kréien, ouni datt mir un d’Adoption plénière ginn. Ech mengen en aneren Deputéierten hat dat gesot. Dat ass technesch méi komplex.

Mä nach eng Kéier, et ass vun der Commission juridique gewëllt hei mat engem gesamte Konsensus an déi Debatt eranzegoen. An ech mengen datt dat och wichteg ass, datt mir net eis d’Käpp iwwer esou Froen aschloen, datt mir Schrëtt fir Schrëtt maachen, mä datt mir d’Schrëtt awer och maachen.

Frank Kuffer: Ech mengen déi meescht Nolauschterer maache se Gedanken iwwer d’Adoptioun. D’Astrid zum Beispill. Gudde Mëtteg.

Astrid: Jo, gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Dir sidd der Meenung do géif eng Mamm feelen.

Astrid: Op jiddwer Fall.

Frank Kuffer: Firwat net e Papp?

Astrid: Also ech mengen, e Papp gëtt et jo souwisou da bei deem Bestietnes. Wat soll dat sinn, e Bestietnes wou déi déi Jonk adoptéieren, an do feelt eng Mamm, eng Mamm feelt do dran. Eng Mamm kann engem Kand eppes gi wat zwee Männer engem Këndchen net kënne ginn. Et kann dach wuel net sinn op dëser Welt. Schonn alleng d’Bestueden. Do ass fir mech och absolut keen Thema, ech sinn och dogéint.

Frank Kuffer: Mä wann Dir sot, do feelt eng Mamm. Géif et da goe wann zwou Frae géifen e Kand adoptéieren?

Astrid: Neen, neen, da feelt de Papp. Ech fannen einfach, et gehéiert Papp a Mamm zu eppes. Wann een e Kand adoptéiert gehéiert Papp a Mamm zesummen, an näischt aneschtes.

An all dat anert, dat do fannen ech, gëtt ëmmer méi modern, an ëmmer méi. Hutt Dir emol eng Kéier d’Leit all ronderëmmer gefrot, eng Ëmfro gemaach, net nëmmen ënnert Iech, ënnert der Politiker selwer, mir maachen dat, mir maachen dat, mir maachen dat? D’Leit si vläicht guer net esou dovunner ageholl. Ech si komplett, awer komplett dogéint. Et gehéiert déi zwee Deeler dozou. An der Schoul, de Mobbing an der Schoul kann ech mir gutt virstellen, datt et dat gëtt.

Frank Kuffer: Merci dem Astrid. An déi selwecht Richtung e bësse geet dann och de Guy, mengen ech. Gudde Mëtteg Guy. De Guy ass net méi do. Dann d’Christine, dat ass och e bëssen an déi Richtung. Dir mengt och, et sollt een d’Leit froen. Gudde Mëtteg Christine.

Christine: Jo, Bonjour, jo. Ech sinn der Meenung e Referendum ze maachen. Dat do ass jo eng Décisioun déi eis ganz Gesellschaft eigentlech verännert. An ech fannen dat gëtt einfach vun eise Politiker esou décidéiert, an déi sinn dann all d’accord, et weess ee jo och firwat. An ech fannen dat net richteg. Ech mengen d’Leit misste gefrot ginn. A firwat ass dat net hei zu Lëtzebuerg? Et gëtt einfach, iwwer de Leit hire Kapp gëtt gefuer, an et gëtt décidéiert, an dat ass eben esou, Frieden, Freude, Eierkuchen. Ech sinn net d’accord.

Frank Kuffer: Wësst Dir da scho wéi Dir géift ofstëmmen?

Christine: Gelift?

Frank Kuffer: Wësst Dir da scho wéi Dir géift bei engem Referendum ofstëmmen?

Christine: Jo, weess ech, jo. Ech sinn dogéint.

Frank Kuffer: Gutt, villmools Merci dem Christine. E Referendum iwwer esou eng Fro, Här Biltgen?

François Biltgen: Also mir hu jo och Referendumsprozeduren. Ech soen nach eng Kéier, an et ass och wichteg, mengen ech, datt mir och an Zukunft méi kommunizéieren, well dat wat ech spiere meeschtens bei all deenen, dat ass, datt d’Leit, déi gréisst Ängschte sinn do, wat mir eben d’Adoption plénière nennen, wou een einfach d’Biologie ewech léisst, an da just nach driwwer [ondäitlech]. An do soen ech nach eng Kéier, dat ass net dat wat d’Commission juridique unanime haut décidéiert huet. An ech mengen och [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Pardon, de Lien zu den Elteren besteet deen am Moment?

François Biltgen: Dee besteet permanent. Dat ass de groussen Ënnerscheed, an dat ass och dat wat ech den Ënnerscheed maachen, datt ech soen, et muss een en Ënnerscheed maachen zwëschent Elternschaft a Papp a Mamm, biologesch Papp a Mamm.

An da ginn et haut scho Situatiounen, wou zum Beispill ee Partner, deen huet Kanner aus engem Bestietnes, da lieft e mat engem anere Partner zesummmen, an där Fäll ginn et der haut och schonn, déi erzéien d’Kanner, mat all deem wat dozou gehéiert. D’Adoption simple géif do d’Méiglechkeet ginn, bei esou Fäll, eng méi rechtlech Ofsécherung ze ginn. An dofir mengen ech, ass et scho richteg datt déi Debatt och, Dir kennt mech wéi ech dat maachen, mat de Leit dobausse gefouert gëtt, dat hunn ech och bei der Nationalitéitendebatt gemaach. Mä ech mengen, et muss een d’Leit och opkläre wat gemengt ass, wat net gemengt ass.

Et ass elo doduerch datt de Moie gesot ginn ass, mat der Adoptioun dobäi si bei deene meeschte Leit Ängschte komm. Op där anerer Säit bestätegt dat do awer och e Gefill wat ech hunn, wann ech mat de Leit schwätzen, datt eigentlech d’Bestietnes selwer manner contestéiert ass. Et ass d’Fro wéi sinn herno d’Relatioune mat de Kanner? An ech mengen dofir soll een déi Debatt och weider féieren.

Nëmmen e Referendum maachen, dat ass wéi e Sondage ze maachen, dofir oder dogéint, da weess een ni wat erauskéim.

Ech mengen et muss een d’Debatt am Detail féieren, an dofir muss een och de Leit vläicht eng Partie Saache soen, déi eben net esou bekannt sinn, wann een net onbedéngt Jurist ass.

Frank Kuffer: Dat ass net esou einfach.

François Biltgen: An dofir muss een de Leit dat soen.

Frank Kuffer: D’Madame Hoffmann dann, ech mengen Dir stitt där Saach e bësse méi positiv géintiwwer? Gudde Mëtteg.

Madame Hoffmann, Madame Hoffmann, déi schéngt net eis ze héieren. Ma da gi mir bei d’Madame Prim op Diddeleng. Madame Prim.

Madame Prim: Jo, Moien.

Frank Kuffer: Jo, Dir sidd och éischter awer fir déi Adoptioun?

Madame Prim: Jo, jo, well ech fannen, datt och heiansdo Kanner bei Papp a Mamm et schlechter hu vläicht, wéi wa se elo an esou Dénger erakommen.

Frank Kuffer: Jo, dat heescht, Dir mengt awer dat géif klappen, do feelt et Iech net un [gëtt ënnerbrach]

Madame Prim: Jo, also ech géif soen, well et héiert ee jo oft vu Papp a Mamm datt dat awer mat de Kanner net klappt, obschonn dat hir eege sinn. Also ech gesinn net an, wann esou Leit e Kand wëllen adoptéieren, an dat géif esou gekuckt gi wéi bei aneren, datt dat awer ganz normal wier.

Frank Kuffer: Merci op Diddeleng der Madame Prim. An dann huele mir direkt nach d’Josette hannendrun. Gudde Mëtteg, Josette.

Josette: A gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Ech mengen Dir gitt och e bëssen an déi Richtung?

Josette: Also ech sinn dofir datt Gläichgeschlechtlecher gesetzlech ofgeséchert sinn. Mä ech si géint de Mariage, an ech si géint d’Adoptioun. Ech erkläre mech och.

Fir mech ass de Mariage, dat ass d’Haaptstruktur vun der Gesellschaft. Wa mir déi elo zerstéieren, ech weess net wéi déi Gesellschaft da muer ausgesäit.

Ech si géint d’Adoptioun och vun de Kanner. Et huet elo grad just virdrun déi Madame gesot vun Diddeleng, et kann och an engem normale Mariage, homme et femme, kann e Kand e schlecht hunn. Mä wie gëtt eis dann d’Garantie datt e Kand bei zwou Mammen oder zwee Pappen, datt et do net och eng Kéier datt et net méi geet? Wat mudde mir deene Kanner zou? An da loosse mir se nach zeréck bei hir Famill goen.

Ech war am Enseignement, ech weess wéivill Kanner heiansdo, wat déi e Bagage heiansdo mat an d’Schoul bréngen, dat hinnen op hirer Séil läit. A wat setze mir eis Kanner? Hir richteg Famill, hir zwou Mammen, oder hir zwee Pappen, an, Här Biltgen, hutt Dir och d’Konsequenze gekuckt. Dat héiert sech elo esou schéi rosa-rout un, mä mir sprangen ëmmer dran. 7 Länner hunn et gemaach, o ma da musse mir et och maachen.

Frank Kuffer: Merci dem Josette. Här Biltgen, d’Madame schwätzt datt do Saachen zerstéiert ginn. Souwisou d’Garantie huet een ni?

François Biltgen: Also ech si laang aktiv, ech war och vill sozialpolitesch aktiv, als Affekot aktiv.

De Problem ass datt villes haut net méi esou fonctionnéiert wéi et soll, an datt vill Kanner haut an neie Familljestrukturen opwuessen, ob mir et wëllen oder net. An ech mengen deem musse mir och Rechnung droen. A mir mussen och do kucke wéi een déi néideg Ofsécherungen dofir mécht. A ganz kloer ass, datt mir ëmmer méi mussen agräifen. Ganz kloer ass, datt een ni ka wëssen ob eppes gutt ausgeet oder net gutt ausgeet.

Ech hunn och mat ganz villen, haut, Adoptiounen ze dinn, wou et ganz gutt gaangen ass, an ech schwätzen elo vun Adoptioune wéi se hei sinn, mir hu jo awer vill Adoptiounen zu Lëtzebuerg. Et sinn der wou et schlecht ausgeet, ouni och datt iergendeen e Feeler gemaach huet. Mat Mënsche kommen ëmmer Problemer. Déi kann ee juristesch net ëmmer anengen. Et kann een awer e Kader setze fir ze kucke wéi ee juristesch deem hëlleft.

Frank Kuffer: An dann hu mir den Yves vu Bollendorf. An ech mengen den Yves dee weess genee vu wat datt hie schwätzt. Gudde Mëtteg.

Yves: Moien. Majo ech wollt do emol just eng kleng Notiz hannerloossen, an zwar et ass esou. Ech war fréier bestuet, hunn och elo mëttlerweil no der Scheedung hunn ech mäi Frënd, an dat Klengt lieft och bei mir, an dat geet geschwënn an d’Schoul. An ech fannen do si vill Leit, déi sech doriwwer opreegen, dat géif net fonctionnéieren. Also dat eenzegt wat ech ka soen, dat ass, et klappt wonnerbar. Natierlech d’Mamm ass och nach do. Ech hunn d’Suergerecht fir dat Kand. Do ass näischt doriwwer ze diskutéieren. Wann d’Schwulen oder Lesben e Kand wëllen adoptéieren, solle se dat roueg maachen. Also ech si voll dofir.

Frank Kuffer: Merci dem Yves. Also dat schéngt, och an der Realitéit klappt dat, Här Biltgen.

François Biltgen: Ech mengen hei ass e gutt Beispill datt d’Realitéit ganz verschidden ass, wéi mir se eis och nach ëmmer erëm virstellen.

An de Politiker muss op d’Realitéit agoen, e kann d’Realitéit net änneren, mä e kann d’Realitéit esou encadréieren, datt d’Leit, wou Leit zesumme wunnen, datt se och eng gewëssen Ofsécherung hunn. An ech mengen dat ass dat wat zur Zäit diskutéiert gëtt, a wou ech mengen, datt mir och solle mat de Leit diskutéieren. Et sinn Ängschten do, déi berechtegt sinn, an dofir muss ee kucke wéi een un déi Ängschten erugeet. Mä et soll een dofir net eng Debatt ofwiergen. An ech mengen dat wäert d’Chamberkommissioun och net maachen. Ech wëll just drun erënneren, datt dat hei eppes ass wat schonn zënter 2010 diskutéiert gëtt.

Frank Kuffer: D’Thema beschäftegt eis Nolauschterer ganz vill, well et sinn der ganz vill déi uruffen. Mir kucken der och nach esou vill wéi méiglech duerchzekréien. Mir kucken awer eng Kéier kuerz och, Dany Rasqué, wat d’Leit eis geschriwwen hunn. Och do si ganz vill SMSen erakomm.

Reportage vum Dany Rasqué: Déi meescht Leit déi eis geschriwwen hunn, si fir d’Bestietnes tëschent homosexuelle Koppelen. Bei der Adoptioun ginn d’Meenungen awer scho méi auserneen.

An der Haaptsaach mam Argument datt et fir d’Kanner net gutt wier wa se zwou Mammen oder zwee Pappen hunn, well se méiglecherweis doduerch an der Schoul géife gemobbt ginn.

Eng Partie Leit ënnersträichen awer och datt eng homosexuell Koppel net méi schlecht als Elteren ass wéi eng heterosexuell Koppel, an datt dofir d’Bestietnes an d’Adoptioun scho längst missten erlaabt sinn. E puer Beispiller vun SMSen.

Nei Zäite brauchen nei Liewensmodeller, dofir ass et un der Zäit gläichgeschlechtleche Leit de Mariage ze erlaben, d’Adoptioun dierf och keen Thema sinn. Homosexueller kënne genee esou gutt Eltere si wéi heterosexueller.

An da gëtt drun erënnert, datt et och Männer a Frae ginn, déi zesumme liewen, an déi besser hätte keng Kanner ze kréien.

En aneren Nolauschterer schreift, fir e Kand ass Léift a Gebuergenheet dat Wichtegst, och wa se vun zwee gläichgeschlechtleche Mënsche kënnt, déi dierften iwweregens net wéinst hire Gefiller diskriminéiert ginn.

Eng Persoun déi selwer homosexuell ass, fënnt datt et Witz ass, datt joerelaang driwwer muss ofgestëmmt an diskutéiert ginn, ob gläichgeschlechtlech Koppele sech elo dierfe bestueden oder net. Et soll einfach selbstverständlech sinn datt all Mënsch dierf glécklech sinn, an zwar op déi Manéier déi hie fir richteg hält. Do soll kee Politiker dierfen driwwer jugéieren. Et ass kee Verbrieche schwul oder lesbesch ze sinn. Et misst een et emol eng Kéier ëmdréinen, dat heescht, datt déi Homosexuell all Fräiheeten hunn, an datt déi Heterosexuell fir alles musse kämpfen.

Da krute mir awer och SMSen déi an eng ganz aner Richtung ginn. Och do e puer Beispiller. An engem Message steet, ech si kategoresch géint de schwule Mariage, dat soll net sinn, well d’Bestietnes ass fir Mann a Fra reservéiert. De Pacs geet masseg duer. Nach ni an der Geschicht gouf esou en Affront verlaangt. Dësen Nolauschterer hofft, datt et nach Mënsche mat normalem Verstand ginn, wéi hien dat nennt, déi géint d’Bestietnes vu schwulen a lesbesche Koppele sinn.

Et geet déck duer wann Homosexueller duerch de Pacs déi selwecht Rechter kréie wéi Heterosexueller, mengt een, deen och präziséiert, datt hie komplett géint d’Adoptioun ass. Dat wier géint d’Natur a géint d’Ethik. Hie fënnt iwweregens datt déi Gréng déi schlëmmst Befürworter vun deem Gesetzprojet sinn, an datt et der CSV just em méi Stëmme geet.

Dat wéi gesot déi verschidde Meenungen déi eis Nolauschterer eis iwwer SMS erageschéckt hunn.

Frank Kuffer: Merci Dany. Här Biltgen, geet et der CSV just ëm d’Stëmmen?

François Biltgen: Ech géif hei net mengen datt et em d’Stëmme geet, well et éischter géif ech mengen, si Leit déi der CSV nostinn, an ech weess dat och aus perséinlechem Gespréich, déi hei Ängschten hunn.

An ech wëll nach eng Kéier den Ënnerscheed maachen, och an der Diskussioun komm mir trennen d’Bestietnes vun dem Verhältnis mat de Kanner, wou et ëmmer fir eis wichteg ass, soen ech, datt een net e Recht op e Kand huet, mä datt d’Kand Rechter huet. Dat heescht, och wa mir do iwwer Adoption simple, an zur Zäit maache mir näischt anescht wéi dat ze diskutéieren, geet och em d’Recht vum Kand, an net d’Recht op e Kand.

Mä wann Dir all déi SMSe kuckt mat deene verschiddene Situatiounen, déi et haut scho gëtt, muss ech och soen, haut ginn et scho Leit, a mir haten där Beispiller hei op der Antenn, wou zwee Männer, oder zwou Fraen zesumme wunnen, a wou se Kanner hunn, deen deen een aus engem anere Mariage mat erageholl huet. Jo, déi kënnen och haut gehänselt ginn, oder net, an ech kennen, leider gëtt an de Schoule vill gehänselt. Dat ass eng aner Diskussioun, un déi mir sollen erugoen.

Mä ech mengen datt et hei wichteg ass, datt mir déi Ofsécherunge ginn, fir datt d’Leit kënnen zesumme liewen, déi wëllen zesumme liewen.

Frank Kuffer: Et ass eben eng Fro déi gestallt ginn ass virdrun och schonn. Brauch e Kand eng Mamm? E Kand brauch eng Mamm, ass gesot ginn. Jo, den Här Heintz vun Diddeleng ass do bestëmmt anerer Meenung. Gudde Mëtteg Här Heintz.

Här Heintz: Gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Sot eis emol Är Situatioun.

Här Heintz: Also ech soen Iech dat hei. Also ech hunn e Kand, dat huet elo 24 Joer, a meng Fra huet hat sëtze gelooss, et huet et bei der Nopesch ofginn. Vun 13 Méint un hunn ech dat Kand, et huet der haut 24, et ass nach ëmmer bei sengem Papp. Also e Papp kann och e Kand alleng opzéien, egal wéi et ass, ob dat elo Lesbescher sinn, oder Schwuler sinn, et ass egal, mä e Papp kann och no engem Kand kucken. Et brauch net eng Mamm an e Papp.

Frank Kuffer: Merci. Elo huele mir nach den Här Lehnert och direkt hannendrun. Dir sidd och där Meenung, mengen ech, Här Lehnert .Gudde Mëtteg. D’Kanner brauchen och e Papp, sot Dir.

Här Lehnert: Jo, dat ass ganz richteg. Ech wollt just eppes soen. Ech hunn näischt dogéint datt déi Dammen an déi Häre sech elo wëllen zesumme bestueden, oder pacsen, a wéi se dat alles do knätschen, oder wéi se dat alles do nennen, dat ass och schäissegal. Mä eent soen ech Iech.

Ech wëllt net hunn datt déi solle Kanner adoptéieren. Well soss geet et dee selwechten Afentheater wéi bei de Scheedungen, wou d’Kanner net wëssen ob se lénks oder rechts solle goen. Wësst Dir dat geet ze wäit. Dat ass meng perséinlech Meenung, a wou ech selwer vill matgemaach hunn an deene Situatiounen, soen ech Iech éierlech, dat géif ech ni dulden.

Frank Kuffer: Merci Här Lehnert. Méi positiv gesäit dat d’Madame Hoffmann. Gudde Mëtteg Madame Hoffmann. Madame Hoffmann? Déi hate mir virdru schonn net kritt. Madame Hoffmann? Déi héiert eis net. Da gi mir nach bei de Guy. De Guy, gudde Mëtteg.

Guy: Jo, gudde Mëtteg. Also ech wëll elo emol eng Kéier soen, bei deem Gesetz do, do denken d’Politiker haaptsächlech emol u Stëmmen déi se vun erwuessene Leit kréien.

Mä datt d’Kanner an der Schoul gehänselt géifen, an datt d’Kanner ënnertenee ganz grausam sinn, dorunner denke se net. Dat do gi Kanner déi am Endeffekt mat Komplexer grouss ginn, an duerno muss d’Gesellschaft kucken datt se domat eens gëtt. An dat kann net sinn.

Frank Kuffer: Jo, de Guy mengt déi Kanner géife Problemer kréie vläicht an der Schoul, oder esou, datt se gehänselt ginn.

François Biltgen: Ech soen, ech kommen nach eng Kéier op déi Situatiounen zeréck, déi mir haut schonn hunn, déi elo e puermol komm sinn, wou zesumme sinn haut. Ech mengen nach eng Kéier, datt hei vill Leit am Kapp hunn [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Do hate mir jo och en Här virdrun, dee gesot huet, dat géife keng Problemer ginn.

François Biltgen: An datt vill Leit am Kapp hunn dat wat eigentlech net haut vun der Chamberkommissioun décidéiert gouf, nämlech ze soen, du kanns einfach als zwee Männer oder zwou Fraen gees de e Kand adoptéieren, fir datt s de dat hues.

Déi Situatioun, déi ugeduecht ass an der Chamberkommissioun ass éischter déi wou een do ass deen en natierleche Papp oder Mamm ass, a wou een zweeten dobäi kënnt, a wou ee kuckt do eng Rumm ze maachen. Dat ass natierlech schwiereg och eriwwer ze bréngen, weess ech, well d’Leit als Adoptioun eigentlech just nëmmen dat anert am Kapp hunn, respektiv dann déi Fäll wou ech soen, datt ech do dogéint sinn, an och d’Regierung sech dogéint ausgeschwat huet, d’Leihmutterschaften an eng ganz Partie Froen.

Mir sinn net dofir datt jiddweree muss d’Recht hunn e Kand ze hunn. Mä wann e Kand do ass, an där Fäll hu mir der elo e puer héieren, déi an enger Situatioun liewen, déi ginn iwweregens och schonn haut gehänselt, ass et awer vläicht besser ze kucke wéi een eng juristesch Rumm bitt fir déi do Fäll.

Frank Kuffer: D’Madame Arensdorff dann nach vu Gaasperech. Dir sidd och der Meenung datt e Kand onbedéngt Mamm a Papp brauch?

Madame Arensdorff: Jo, ganz genee, also där Meenung sinn ech. Ech mengen ech zweiwelen net drun datt Gläichgeschlechtlecher deem Kand kënnten e gutt Liewe ginn, oder eng gutt Erzéiung ginn, mä datt just, wéi vill Leit och gesot hunn, spéiderhin an der Gesellschaft, wat gëtt aus deene Kanner, an déi kleng Kanner déi an de Schoulen, déi kënne ganz béis sinn. Dann heescht et wou ass deng Mamm, déi aner Säit wou ass däi Papp? Okay, et gi Situatiounen, Ausname bei Gläichgeschlechtlechen déi do ganz gutt Erfahrung gemaach hunn mat Kanner Situatiounen, awer och schlecht Erfahrunge bei Heteroen, wou et mat Kanner net gutt ausgaangen ass. Mä dat si kleng Beispiller, also net klenger, awer net allzevill Beispiller.

Mä ech menge wou komme mir an der Gesellschaft hin? Mir Heteroe ginn elo geschwënn als, wéi soll ech soen, als Aussätzeg dohinner gestallt, an d’Gesellschaft geet drop zou, datt dann elo déi aner elo vir héichgestallt ginn. Also ech weess net ob et gutt ass, datt d’Politiker sech e bësse wäit erausleeën aus der Fënster.

Frank Kuffer: Ech mengen an déi Direktioun geet et net, datt elo déi Homosexuell, datt iergendee soll iwwer déi aner gestallt ginn?

François Biltgen: Neen, dat sécher net. Ech mengen dat ass och net ugestrieft. Dat beweist awer, déi do Reaktioun beweist awer datt et wichteg ass, datt eng Rei onopgereegt weider diskutéiert, datt een erkläert wat ass, wat net ass.

Dofir soen ech, ech mierken dat ëmmer datt een, dat ass natierlech, an dat ass normal, d’Bestietnes selwer mat Adoptiouns- an aner Froe mateneen diskutéiert gëtt, heiansdo och matenee vermëscht ginn, an ech mengen dofir ass et wichteg datt eng weider Opklärung an der Debatt geschitt. An d’Debatt ass ëmmer wichteg. Mä si muss roueg gefouert ginn.

An an deem Sënn soen ech, sinn ech awer nach eng Kéier frou datt hei d’politesch Parteie bereet sinn déi Debatt ze féieren, well d’Meenunge gi jo auserneen. Déi Gréng Partei huet jo eng aner Vue iwwer Adoptioune wéi zum Beispill d’CSV eng Vue huet iwwer d’Adoptiounen. Wat awer wichteg ass, datt hei d’Parteien awer versichen e brenzelegen, heikle Sujet, deen d’Mënsche betrëfft, awer esou unzegoen datt mir dat mat engem Konsens kënne maachen, an datt mir och kënnen, menger Ansiicht no, vill Leit am Land mathuelen.

Frank Kuffer: Zwee Nolauschterer wëlle mir nach kuerz zu Wuert komme loossen. Dat ass d’Solange fir d’éischt. Gudde Mëtteg Solange. Je pense que vous parlez français, c’est çà?

Solange: Jo, jo, ech schwätzen net vill Lëtzebuergesch, donc je m’en excuse.

Frank Kuffer: Wéi ass Är Meenung dann?

Solange: Je vie déjà depuis quelques années donc à Luxembourg avec ma copine luxembourgeoise, aussi avec ma fille qui est donc née en Belgique. Et je trouve dommage que pour le moment elle est encore à l’école, parce que sinon elle aurait pu parler pour elle-même.

Donc on n’a vraiment pas de problème pour vivre ensemble, ni pré-scolaire, ni au primaire. Maintenant au lycée elle n’a vraiment pas eu des problèmes avec ses copines, donc ça marche vraiment très, très bien.

Et je trouve dommage qu’il y a ici beaucoup de gens qui sont contre, donc parce que même si on ne peut pas se marier, voilà ma fille elle habite chez nous maintenant. Elle voit encore très souvent son papa. Donc si maintenant il y a eu mariage, ou pas eu le mariage, la situation reste la même chose. Donc et moi je suis maintenant très contente qu’il y a une loi qui va changer, et que on peut, j’espère, finalement se marier ici à Luxembourg. Voilà.

Frank Kuffer: Merci Solange. An d’Schlusswuert kritt dann d’Tessy Wies vun Houschtert. Gudde Mëtteg.

Tessy Wies: Jo, gudde Mëtteg. Ech muss soen, ech sinn immens erschreckt iwwer verschidden Aussoen déi hei gemaach ginn, datt eis Gesellschaft nach esou denkt. Also ech verstinn dat einfach net méi. Also [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Dir sidd éischter der Meenung, datt et an déi richteg Richtung geet, wat elo gemaach gëtt?

Tessy Wies: Jo. An ech mengen dat si richteg Wonschkanner, an ech mengen, deene Kanner wäert näischt feelen, an et gëtt einfach Zäit datt eis Gesellschaft muss ëmdenken. An dorunner muss ee schaffen, datt herno déi Kanner keng Problemer hunn, an net elo drop klappen datt déi Kanner et solle méi schlecht hu wéi aner Kanner. Ech mengen do musse mir ëmdenken.

Frank Kuffer: Jo Merci dem Tessy. Jo Här Minister Biltgen, als Schlusswuert ass dat do e bëssen ëmdenken huet d’Madame gesot. Ass et dat wat nach heiansdo e bësse feelt?

François Biltgen: Ech mengen dat ass dat wat mir amgaange sinn ze maachen, ëmdenken. Ech soen awer ëmmer bei ëmdenken zu Lëtzebuerg, ass e klengt Land, ech hunn et d’lescht Woch gesot bei der Nationalitéitendebatt, komm mir gi Schrëtt fir Schrëtt, komm mir kucken d’Aussichsgrënn, komm mir kucken och Leit matzehuelen.

Et gesäit ee jo ganz gutt, Leit déi a verschiddene Situatioune sinn, déi mir haut héieren hunn, déi hunn zum Deel eng aner Approche, et huet een ëmmer op Grond vu senge Kenntnisser déi een huet, an esou weider, reagéiert een.

An alle Fäll, an alle Fäll, wa mir elo géifen den Divorce maachen, géife mir och ganz ënnerschiddlech Meenungen dozou kréien. Wichteg ass dofir, mengen ech, datt ee roueg mat de Leit diskutéiert, an och versicht op d’Argumenter anzegoen, an och Argumenter weider ze entwéckelen.

Ech muss soen als Justizminister sinn ech elo ee vun zwou Wochen eigentlech frou an engem Land ze liewen, wou een op quokelege gesellschaftspolitesche Froen wéi déi vun der Nationalitéit, wéi och déi hei, datt een awer do net Grabenkämpf huet, wou d’Leit géint deng oder déi aner op d’Strooss ginn, a wou d’politesch Parteien, déi nach ëmmer hir Ënnerscheeder hunn, dat ass esou an dat bleift och esou, awer versichen hei sech zesummenzefannen, an eppes ze maachen ouni direkt wëllen hei d’Gesellschaft ze splécken. Dat mécht als Politiker awer nach ëmmer, deet dat gutt.

Frank Kuffer: Här Biltgen, Merci datt Dir Iech Zäit geholl hutt fir eis, a besonnesch fir eis Nolauschterer, a Merci Iech dobaussen datt dir matgemaach hutt.

Dernière mise à jour