François Biltgen au sujet du Code de déontologie pour les mmebres du gouvernement et de différents autres aspects de ses attributions

Pia Oppel: Dat lescht Joer huet hei am Land eng Affaire déi aner gejot, No Wickreng-Léiweng koum d'Cargolux, dann d'Geheimdéngschtaffaire. Bonjour Här Biltgen, huet d'Land an Ären Aen eng akut Skandalitis?

François Biltgen: Bonjour Madame Oppel. Ech mengen, datt een ëmmer muss kucken d'Saachen auserneen ze halen.

Et ass natierlech kloer, an d'Press spillt do och eng Roll, an et ass och hir Roll, fir ëmmer no vermeintlech Skandaler ze sichen, dat anert ass, wat dem Justizminister um Häerz ass, dat ass ëmmer den Ënnerscheed ze maachen, wat ass juristesch. A wa juristesch Saache falsch gelaf sinn, da muss d'Justiz hire Wee goen. Déi ass a villen Affairen am gaang hire Wee ze goen.

Dat ass eng politesch Affaire. Politesch Ausenanersetzunge gehéieren nämlech och do wou se higehéieren, nämlech an d'Chamber. Wat ech e bësselche vermësst hunn: ech huelen zum Beispill d'Affaire Wickreng-Léiweng, dat ass, datt e bëssen dat eent mat deem anere vermëscht gouf. D’politesch Ausenanersetzungen, mat de Justizfroen. An där Debatt sinn ech och deemools selwer opgestanen an ech hu gesot, et kann een och net einfach als Deputéierte soen, Chantage, Korruptioun, ouni sech mat de Wierder hannendru mol auserneen ze setze wat dat heescht. Wann Indicen do sinn, da muss d'Justiz befaasst sinn. An där doter Affaire huet jo och dunn d'Justiz sech befaasst, awer gesot, mir hunn iwwerhaapt keen Indice vu Korruptioun fonnt. Wat Chantage ubelaangt, war do just déi Ausenanersetzung tëschent den Häre Bausch a Meisch, engersäits, [inaudible] den Här Meisch an dem Här Krecké.

Wat mir wéi gesot um Häerz läit dat ass, do wou kënne Saache schifgaange sinn, muss d'Justiz hire Wee maachen. Ech hu selwer ni iwweregens dem Procureur général op Grond vum Artikel 19 gesot, du muss elo eppes maachen. Mä wa mir Saachen zu Ouere komm sinn, notamment an de politeschen Debatten, hunn ech normalerweis d'Parqueten chargéiert fir ze kucken ob eventuell kéint do eppes schifgaange sinn an da muss d'Justiz dat maachen.

Ech wëll dat och hei soen, datt ech fannen, datt mir eng ganz gutt Justiz hunn. Wann ech kucke wéi zum Beispill eng Affaire Luxair iwwert d'Bühn gaangen ass, wou ofgesi vum zivilrechtleche Volet an dach, dat och nëmme wéinst internationale Konventiounsfroen, datt ofgesi vum zivilrechtleche Volet de strofrechtlechen Volet eigentlech iwwerhaapt keen an Appel gaangen ass. Do war vill Press do, et huet sech laang gezunn, mä et ass herno zu engem Uerteel komm wat d'Leit akzeptéiert hunn.

Ech wëll och iwweregens dann zur sougenannte Bommeleeëraffaire soen, datt Äre Kommentator, Äre Kolleg, den Här Wolff dat gëschter mengen ech och op de Punkt bruecht huet. Datt hei d'Justiz hir Aufgab mécht. Wat herno vun Uerteel kënnt, dat musse mir kucken, mä et ass well ee Procureur do war, wéi den Här Biever, well eng Juge d'instruction do war wéi d'Madame Doris Woltz, datt mol iwwerhaapt d'Affaire an d'Séance komm ass. Elo gëtt déi Affaire esou laang wéi et muss sinn ausgibeg an allen Detailer plädéiert an dat och mat Professionalitéit, datt och Publicitéit hei gewäert ass, ech mengen, datt dat mol eppes ass wat mir als Justizminister gutt deet. Hei gëtt näischt justizméisseg ënnert den Teppech gekiert, hei mécht d'Justiz hir Aufgab do wou se ze maachen ass. A meng Aufgab als Justizminister ass, fir datt déi Justiz kann uerdentlech schaffen ouni datt een hir draschwätzt.

Pia Oppel: Wa mir dat awer elo aus dem méi Politesche kucken, eppes wat all déi Affairë vläicht e bësse verbonnen huet ass, datt et ëm Froe vun Transparenz, vun Deontologie gaangen ass. A kéint een net awer e bësse soen, datt lo wou wierklech awer eng Affaire no där anerer kënnt, wou et dee Point commun gëtt, datt et op mannst um politeschen Niveau, um Besoin vun de Bierger eng Wahrnehmung gëtt, wéi wann et do eng Kris vun der Rechtstaatlechkeet awer gëtt um politeschen Niveau.

François Biltgen: Also déi gesinn ech net. Well hei spillt de Rechtsstaat seng Roll. All Kéiers do wou et ëm Justiz geet, wou et ëm Verstéiss geet, eventuell Verstéiss géint d'Gesetzer, gëtt dat weidergedriwwen. Ech kommen nach eng Kéier dann op d'Bommeleeëraffaire zeréck. Et hätt ee jo kënne soen, dat huet esou laang gedauert, da loosse mir dat verjäeren. Dat huet awer d'Justiz hei net gemaach. Hei ass d'Justiz, nämlech de Parquet, respektiv d’Juge d'instruction, sinn hirer Aufgab nogaangen an hu gesot, mir loossen hei näischt verjäeren, mir ginn no a mir bréngen et op de Punkt a mir bréngen et virun d'Geriichter. Elo ass et un de Geriichter ze tranchéieren. An ech mengen, datt een dat mol ëmmer erëm muss gesinn. Hei funktionéiert ee Rechtsstat. Hei ass näischt wou eppes an de Raum gestallt gëtt wou d'Justiz sech géif déniéieren. An dat ass de Rechtsstat, dat ass d'Justiz.

Déi aner Fro, déi mir natierlech an dësem Land muss klären, dat ass déi, wat ass Transparenz an de politeschen Entscheedungsweeër. Awer mir trennen dat mol vläicht eng Kéier vun deem wou et schif geet. Wann ee Politiker sech eppes zu schëllde komme gelooss huet, mä da muss en ugeklot ginn. Ech mengen d'Chamber huet iwweregens ee Wee gaangen, andeems si zum Beispill d'Immunitéit opgehuewen huet. D'Inviolabilitéit stoe gelooss. Inviolabilitéit heescht, datt ee kann op der Chamberstribün, op mannst do, egal wat soe wat ee wëllt, mä d'Immunitéit déi ass opgehuewen, datt wann een eppes komme léisst, datt een da kann ugesicht ginn, ouni datt d'Immunitéit muss opgehuewe ginn. Mir sinn och am gaangen an der Verfassungsreform praktesch Parallelbestëmmungen ze maache wat d'Ministeren ubelaangt.

Mä nach eng Kéier, ech ka mech net hei iergendeppes mir bewosst sinn, wou gesot ginn ass, hei huet d'Justiz, huet déi bewosst eppes net weidergedriwwen oder nach méi schlëmm, an dat hunn ech iwwerhaapt net gesinn, au contraire, datt gesot ginn ass, se sollt eppes net weiderdreiwen.

An dofir solle mir mol déi Justizfro trenne vun där anerer Fro. Transparenz, wéi geet een ëm? Wat ass d'Proximitéit vun deenen engen an deenen aneren? Awer och do musse mir la part des choses maachen. Engersäits si mir ganz houfereg an dësem Land fir ze soen, mir sinn ee Land wou jiddweree jiddweree kennt an et ass à la bonne franquette, a mir sinn ee Land vun de kuerze Weeër. Dat ass déi positiv Säit. Déi negativ Säit ass natierlech dat wat een da kéint nennen Geklüngels. D'Leit kenne sech an esou weider.

Ech hu virun e puer Wochen op enger grousser Table ronde wou et ëm d'Zukunft vun der Press gaangen ass, gesot, datt ech zum Beispill fannen, datt vill zevill oft och Journalisten a Politiker matenee klüngelen. Elo ass dat fir de Politiker oft agréabel an et ass fir de Journalist agréabel. Ass et ëmmer richteg? Dat ass eng aner Fro. An dofir ass et jo och wichteg, datt mir eis mat Froe wéi Deontologie auserneesetzen. Woubäi een och do muss kucke wat ass d'Raison d'être vun der Deontologie.

D'Deontologie ass eppes wat iwwert dem Gesetz steet. Dat heescht de Code de déontologie ass elo net do fir ze soen, wou si mir um Niveau vu Korruptioun, Korruptibilitéit, dat sinn d'Gesetzer. Wann ee bis do ee Feeler gemaach huet, jo da muss ee poursuivéiert ginn. Dofir ass d'Justiz do an dat mécht se och.

D'Deontologie ass do fir ze soen, ma komm mir ginn eis verschidde Verhalensregelen, déi évitéieren, datt mir iwwerhaapt an de Ruff komme fir eventuell kënne korrupt ze ginn. Dat heescht, wann ee géint de Code de déontologie géif verstoussen, hätt een net, ech schwätzen elo zum Beispill vun deem ministesch Code de déontologie dee mir gemaach hunn, dann huet een net géint d'Gesetzer verstouss. Mä de Code de déontologie ass net fir ze soen, wann s de dogéint verstéiss, da bass de strofrechtlech haftbar, mä fir ze soen, du muss dech an dengem Bedroen esou bedroen, datt kee ka sech virstellen, datt s de korruptibel wäers. Dat heescht, dat ass eigentlech eng Schutzmassnam déi ee mécht fir net korruptibel ze sinn. An dat maache mir am Code de déontologie eigentlech iwwert zwee Weeër, andeems mir verschidde Verhalensregele fixéieren, andeems mir awer och eng gewëssen Transparenz fixéieren. Andeems mir soen, ma jo wann s du untrëtts als Minister, da solls de mol op den Dësch leeën, wat all deng vergaangen Interessie waren. Dat wëllt net soen, datt s du iergendeppes do schlecht gemaach hues, dat wëllt och net soen, datt s du iergendeppes misst noutgedrongen opginn, mä dat wëllt einfach soen, du lees mol op den Dësch vu wou s de hierkënns, wat s de bass. Dat ass zum Beispill een Element vun Transparenz.

Een anert Element vun Transparent ass dat fir ze soen, ma jo wann s du duerno wëlls, wann s de net méi Minister bass, an d'Privatwirtschaft goen, da frees de de Comité d'éthique dee mir wëlle maachen, da frees du deen ëm en Avis, ob dat compatibel ass mat denger fréierer Aufgab oder net. Dat gëtt dann och, deen Avis gëtt public gemaach. Da bass du nach ëmmer fräi fir kënnen deng Décisioun ze huelen, mä dann hu mir eng gewëssen Transparenz iwwert dat wat s du mëss.

Also Verhalensregelen an Transparenz, dat ass e bësselchen déi zwee Maîtres mots déi mir an deem ministesch Code de déontologie zeréckbehalen hunn an un deem mir elo während Méint dru geschafft hunn. Well och, soen ech do eng Kéier, muss een och kucken, datt een ni d'Kand mam Waasser ausschëtt. Ech hu mir wierklech Froe gestallt, no der ganzer Wickreng-Léiweng Affaire, ob ech nach iergendwéi dierf mat engem schwätzen, dee mech freet wou säin Dossier drun ass. Ob ech dat iwwerhaapt nach dierf a menge Servicen nofroen, wou dem Bierger säin Dossier drun ass. Also mir mussen awer och kucken, datt iergendwéi ee Minister awer och kee politeschen Eunuch ass an datt ee Minister och ka senger Aufgab nogoen an der Transparenz an am Respekt vu kloeren deontologesche Regelen.

Pia Oppel: Do kann ee jo awer op eng Manéier soen, datt d'Bereetschaft fir sech esou ee Code de déontologie ze ginn duerch déi rezent Affairë jo awer staark geklomm ass. Géift Dir mir do Recht ginn oder ass dat, gëtt et do awer schonn ee Lien tëscht deenen zwou Saachen?

François Biltgen: Et ka sinn, datt et ee Lien ass. Ech hunn éischter d'Gefill gehat wann ech mat menge Kollegen diskutéiert hunn, datt just ëmmer erëm d'Angscht komm ass fir ze soen, wa mir dat elo an esou enger Diskussioun maachen, wou jiddereen esou eng Generalsuspektioun ass géint d'Politiker vun alle Säiten, gi mir do net iwwert d'Zil eraus a mir maachen et och esou, datt een herno nach eng Kéier iwwerhaapt net méi kann als Politiker schaffen.

Ech huelen de Wirtschaftsminister. Ee Wirtschaftsminister, deen net Kontakt huet mat Wirtschaftskreeser, jo dee ka schlecht schaffen. Mä natierlech gëtt dann ëmmer gesot, mat wiem war en hei, mat wiem war en do. Et gehéiert awer zu engem Wirtschaftsminister och Wirtschaftskreeser ze kennen.

Pia Oppel: Eng konkret Fro vläicht um Beispill vum Wirtschaftsminister. Eng vun deene Regelungen déi Dir proposéiert ass, datt ebe wann ee Minister war an duerno an d'Privatwirtschaft wiesselt, datt dat net onbedéngt am selwechte Ressort soll sinn, wéi wou ee vläicht sensibel Informatiounen duerch säi Ministerjob huet an déi da géif mat sech huelen. Kann ee Wirtschaftsminister da mat deem Code de déontologie dann an Zukunft nach duerno eng Consultingfirma opmaachen?

François Biltgen: Also Dir schéngt een anere Code de déontologie hei ze kommentéieren, wéi deen deen ech am Numm vun der Regierung mat de Kollegen zesummen ausgeschafft hunn. Et ass e bësse méi komplex wat mir maachen, mä ech wäert déi iwwernächst Woch, Ufanks der iwwernächster Woch an enger Pressekonferenz de Code de déontologie virstellen.

Mir hu manner eis mat der Fro beschäftegt, wat kanns du maachen, mä mat der Fro beschäftegt, datt s du net dat wat s du hues kanns benotzen. Folgend Fro, natierlech mengen ech, datt net d'Fro vun der Consultingsfirma de Problem ass. D'Fro ass, maachen ech Drock op Affairen, déi ech hunn an engem Ressort op mäi Kolleg deen de Ressort iwwerholl huet. Dat ass dat wat een nennt de Pantouflage, an do hu mir eng Dispositioun iwwerholl, an ech wäert déi am Detail virstellen, déi mir iwweregens gekuckt hu bei der europäescher Kommissioun. Et ass also net, datt mir e Berufsverbot maachen.

Et muss ee jo wëssen, am Ausland ass et esou, datt ee Minister deen ophält, deen huet relativ laang, wann net bis zum Schluss a ville Länner, bis zum Schluss, datt e pensionéiert gëtt, huet deen ee fest Akommes, ee feste Statut. Zu Lëtzebuerg ass dat relativ séier eriwwer. Et huet ee während 3 Méint huet een een Trimestre de faveur. Da kritt een nach méi eng kleng Entschiedegung wann een net schafft duerno, mä et huet een net déi Ofsécherung.

Dat heescht, ee Minister deen net virdru Staatsbeamte war an deen am Staat reintegréiert gëtt, dee muss kucken am Privatsecteur ënnerdaach ze kommen. Lo muss ee jo awer kucke mat den deontologesche Regelen, do si mir um Punkt, datt een awer net dem Minister ee Beruffsverbuet mécht. Well soss kréie mir awer an Zukunft nach just Leit an der Politik, déi Staatsbeamte sinn, well si eben do kënnen erëm zeréck an hir Verwaltung goen. Dofir muss ee Minister och kënnen erëm zum Beispill a säi fréiere Beruff zeréckgoen oder eppes Neies maachen. Wat en net dierf maache während enger gewëssener Period, wou mir elo vun 2 Joer schwätzen, well et och eppes mat den Iwwergangsbestëmmungen ze dinn huet, wou ee Minister kann nach ee klengt Wartegehalt kréien, datt mir do soen, du däerfs kee Pantouflage maachen, du dierfs also net mat dengen Affairen elo zeréck an deng Verwaltung kommen an do Drock maachen fir datt dat, wells du fréier de Minister waars, datt dat do geet.

Ech mengen dat ass och Deontologie. Mir dierfen net d'Kand mam Bad ausschëdden, soen, du hues ee Beruffsverbot, mä du dierfs eppes maachen, mä du muss awer elementar Regele respektéieren, nämlech net einfach deng fréier Positioun ausnotze fir elo Privatinteressen ze verfolgen an och nach mat deene Privatinteresse Suen ze verdéngen.

Pia Oppel: Kënnt Dir kuerz erkläre wéi deen Ethikkomitee, deen Dir och schonn erwänt hutt, wéi dee soll zesummegesat ginn, wéi deem seng Onofhängegkeet soll garantéiert sinn?

François Biltgen: D'Iddi déi mir do hunn dat ass, dat wäerte mir an der nächster Zäit maachen, ech maachen eng kleng Klammer op. Elo hu mir ee Code, deen ech da wäert virstellen an da musse mir kucke wéini en a Kraaft trëtt. De Premierminister huet gesot spéitstens den 1. Januar 2014. Mir musse kucke wéi d'Chamber elo weidergeet, déi och schonns sérieux dru geschafft huet un hirem Code. Zum Beispill déi Leit zesummenzeruffen vun deem Ethikkomitee, dat wäert dann eng Aufgab sinn, datt mir do Nimm huelen.

Wat stelle mir eis do vir? Mir stellen eis do fréier Ministeren, Riichter, Persounen aus dem Liewe vir, déi awer schonn eng gewëssen Distanz dozou hunn an déi eben do mat där Distanz vu bausse kënnen Hëllefstellung ginn. An deem enge Fall, datt si zum Beispill soen, een Avis ginn, dat do ka kompatibel sinn, kann net kompatibel sinn, woubäi d’Décisioun da beim Minister läit. Zum Beispill Regele fixéieren iwwer Kadoen. Dat ass eppes ganz Schwiereges. Dann héieren ech ëmmer, jo wat fir ee Kado, wéi deier däerf de Kado sinn, deen een akzeptéiert? Typesch Kadoen déi ëmmer an deenen Affairë kommen, dat sinn d'Aueren. Also ech si keen Auerfreak, ech hunn eng Auer déi meng Fra mir geschenkt huet fir eis Verlobung, si ass och scho ganz al a mat där sinn ech nach ëmmer ganz frou. A wann ee mir eng Auer schenkt, kann ech Iech net soe wéivill se kascht oder net kascht. Ech hu schonn Auere gesinn, wou ech gemengt hunn dat wär dee leschte Kamelott, ma déi ware schéin deier. Ech hu se awer net geschenkt kritt.

Pia Oppel: Muss een dat dann, wéi ass et dann, muss een dat elo deklaréieren an Zukunft oder?

François Biltgen: Nee, dofir mengen ech maache mir Regelen, maache mir Regelen. Also wat sinn d'Regelen?

Also d'Regel ass mol fir d'éischt, et gi Cadeaux de courtoisie, déi kann een net refuséieren, soss ass ee schlecht drun.

Da ginn et Kadoen effektiv, déi susceptibel sinn dech ze influenzéieren. An do, fir just elo ze soen, méi oder manner, bei engem Minister ass dat ganz schwiereg. Dat kann een, mir hunn an der Fonction publique, do hu mir versicht esou eng Valeur ze fannen. Och do ass et schwiereg. Mä hei soe mir beim Minister, da soll dee Code, wat iwwert d'Courtoisie erausgeet ass am Prinzip ze refuséieren. Mä do kann awer de Comité d'éthique iergendwéi Regelen opstellen un déi ee sech da kann halen. Well et huet och elo kee Wäert, datt ee mat all Bic deen een huet bei de Comité de déontologie geet. Dee Comité de déontologie soll Hëllefstellung ginn. An déi Hëllefstellung ass jo och fir de Minister heiansdo wichteg. Datt de Minister kann zum Beispill soen, elo kritt en iergendeng pharaminéis Invitatioun fir iergendwou hinzegoen. Sou, dat ass net ëmmer einfach, ech soen zum Beispill wann ee mat engem a geschäftleche Verbindungen ass, fir esou eppes ofzelehnen. Wann de Minister awer zum Beispill sech selwer kann och hannert esou ee Code de déontologie verschanzen, fir ze soen, et ass ganz léif datt s du mech invitéiers, mä wann ech nee soen, ass et net fir datt mir hei solle Sträit kréien, mä ass et well mäi Code de déonotologie als Minister mir eigentlech dat dote verbitt.

Dat heescht dee Code de déontologie soll och eng Hëllefstellung sinn, fir d'Ministeren, fir ebe sech kucken esou ze beweegen, datt si awer kënne Minister sinn an datt si kënne schaffen an net just an engem Glashaus sëtzen. An op där anerer Säit awer net och selwer an d'Gefor komme fir eben dobaussen den Androck ze ginn, si wiere korruptibel oder si wären net deontologesch ethesch korrekt.

Pia Oppel: A wéi ass et mat de finanziellen Niewenakommessen duerch Participatiounen an iergendwelleche Gremien oder duerch Virträg déi een hält?

François Biltgen: Also déi Fro ass schonn, déi Fro, déi ass scho laang gekläert bei de Ministeren. D'Ministeren, anescht wéi d'Deputéierte si jo fulltime Ministeren. Ee Minister dee kann näischt aneschters maachen. Wéi ech 1999 Minister gi sinn, ma jo do hat ech de Choix entweder Minister ze ginn oder a menger Étudë ze bleiwen. Ech hunn dunn aus ville Grënn, notamment well ech Aarbechtsminister gouf, well dat fir mech eng grouss Éier war, fir een dee wierklech am Sozial- an am Aarbechtsrecht doheem war, fir kënnen dat mat ze gestalten, du sinn ech Minister ginn. Do hat ech keng Étude méi.

Pia Oppel: Mä wann Dir elo gefrot gitt, fir op enger Uni ee Virtrag ze halen?

François Biltgen: Jo waart mol, fänkt mol vir un, do si mir net an der Deontologie. Wann ech Minister ginn an ech kommen aus engem liberale Beruff, zum Beispill meng Étude, hunn ech déi Étude dee Moment missen opginn. An dofir soll een dat och mol gesinn, datt ee Minister, ass nëmme fulltime Minister, deen ass fulltime Minister, dee ka keng aner Aktivitéiten hunn. An ech mengen dofir ass dat elo net beim Code de déontologie bei de Ministeren deen dat ännert. Dat war och scho virdrun de Fall.

Pia Oppel: Mä dat Beispill elo, wann Dir elo invitéiert gitt fir op enger Uni ee Virtrag ze halen, do komme Ministeren och net, dat kënnt guer net a Fro, datt déi do...

François Biltgen: Ma sécher kënne se Rieden halen, ech halen dauernd Rieden.

Pia Oppel: Dir kritt awer keng Suen dofir?

François Biltgen: Ech kréie keng Suen dofir. Am Ausland ass et ganz oft üblech, datt ee Sue kritt. Ech maachen et dann zum Beispill esou, datt ech hinne soen, ma am Plaz Suen, ech hale vill manner Riede wéi de Premierminister, mä ech ginn awer regelméisseg an d'Ausland invitéiert, zum Beispill bei Europauniounen, fir do Virträg ze halen. Do ass et üblech an Däitschland, datt ech een Honorar kréien. Da soen ech, vergiesst dat Honorar, huelt dat a stëft dat iergendenger Stëftung déi Iech um Häerz läit oder iergendeppes wat Iech um Häerz läit. Also dat sinn Activités accessoires [gëtt ënnerbrach]

Pia Oppel: Ass dat am Code de déontologie virgesinn?

François Biltgen: Mir hunn do eng ganz Partie, mä wéi gesot, elo maachen ech dat a Rou, stellen ech dat alles vir, och an den Detailer, d'Activités accessoires. Wat wichteg ass fir de Minister, dat ass nämlech am Ausland aneschters, datt de Minister net iergendeng regelrecht Aktivitéit, also mir hunn ee Kapitel iwwert wann ee Bicher schreift, wann een Artikele schreift, u Präisser kritt. Dat hu mir alles, stellen ech alles vir. Wichteg ass awer, datt net de Code de déontologie hei eppes Neies bruecht huet beim Minister. Wann ee Minister ass, ass ee fulltime Minister. Am Ausland ass dat oft net de Fall. Am Ausland zum Beispill ass een dann Deputéierten oder et kann ee wéi a Frankräich nach aner Mandaten hunn oder et kann een zum Beispill nach a Verwaltungsréit sinn. Mä hei ass et esou, datt dat net de Fall ass. De Minister huet keng aner Aktivitéiten.

Pia Oppel: Eppes wat mat der Geheimdéngschtaffaire ze dinn huet an och gläichzäiteg mat Deontologie a mat engem Dossier deen Iech da concernéiert als Fonction publique Minister ass de Code de déontologie fir d'Leit déi beim Staat schaffen. Et ass elo an der Enquêtekommissioun bekannt ginn, datt do ee fréiere SREL Mataarbechter war, dee während senger Zäit nach do virgesinn huet fir eng privat Investigatiounsboîte opzemaachen an datt do eventuell och Informatioune matgaange sinn. Wat, wéi gesitt Dir déi dote Saach oder och an engem méi allgemengen an enger méi allgemenger Hisiicht aus der Perspektive vun der Deontologie fir Beamten dann?

François Biltgen: Jo ech mengen Madame Oppel, do braucht Dir nëmmen dee Projet de loi ze liesen iwwert de Staatsbeamtestatut, wou mir do, dee scho jo laang bekannt ass, wou mir op den Avis vum Staatsrot waarden, fir datt mir kënnen an der Chamber dee ganze Pak stëmmen. Do hu mir kloer virgesinn, datt do eng Iwwergangsperiod vun 3 Joer ass. A während deenen 3 Joer muss een do bei dee Comité goen, dee mir do schonn hunn, de Copreco, dat ass de Comité pour la prévention de la corruption. Dat Ganzt ass, also déi ganz Antikorruptiounsbekämpfung ass eng déi mir als Justizminister immens um Häerz läit. Dofir verstitt och, datt ech och als Fonction publique Minister zesumme mat menger Kollegin Octavie Modert och hei wollt kloer Regele fixéieren. Do muss een also deen Avis kréien, vun deem Comité de prévention de la corruption, dat sinn also während 3 Joer wou dat do geschitt. An dann ass et och esou, wann een dogéint géif verstoussen, dee Moment kann een och do eng Amende d'Ordre kréien.

Pia Oppel: Mä dat gëllt da réischt vu wahrscheinlech nächstem Joer un, 2014 un?

François Biltgen: Ech wär frou wa mir den Timing kënnten halen, datt déi ganz grouss Gehälterreform déi wierklech ee Paradigmewiessel ass wéi d'Fonction publique hei soll fonctionnéieren an Zukunft, datt dee ka fir den 1. Januar 2014 a Kraaft trieden. Déi zoustänneg Chamberkommissioun déi fonctionnéiert do ganz intensiv, kënnt déi do zesummen. De Rapporteur Norbert Haupert, deen huet sech an all Detail ageschafft. Ech ginn dovunner aus, datt an den nächste Méint misst esouwuel den Avis komme vun der Staatsbeamtekummer, wéi och dee vum Staatsrot an ech mengen, da kéinte mir goen. Et ass voluminös, mä et ass wierklech eng Revolutioun hei am Staat, fir datt dee Staat ka méi efficace schaffen. An dat doten ass een Element dovun. Et ass ee klengt Element, mä et ass eent. Iwwert d'Fonction publique Reform kéinte mir Stonne schwätzen, do sinn immens vill Aspekter dran. Leider gëtt dobaussen ëmmer nëmme vun de Staatsbeamtegehälter geschwat, awer net vun deem wat se schaffen a vun deem wat mir brauche fir gutt Staatsbeamten ze hunn, fir datt dëse Staat iwwerhaapt ka fonctionnéieren.

Pia Oppel: Ech kommen awer nach eng Kéier zeréck op de Geheimdéngscht an op een anere Volet, deen Iech och concernéiert als Justizminister eventuell. Et geet do ëm d'Diskussioun vun deene privaten Informatiounsdéngschter, déi jo zu Lëtzebuerg u sech net wierklech reglementéiert sinn, där der anscheinend eng ganz Rëtsch aktiv sinn, notamment an der Wirtschaftsspionage hei op eisem Terrain. De Premier huet do gemengt, et kéint ee vläicht Agrémenten aféieren. Wéi gesitt Dir dat? Kann een do, ass dat sënnvoll do ze reglementéieren? A wéi kéint dat ausgesinn an der Praxis?

François Biltgen: Also éischtens wëll ech soen, datt souwisou jo een neit Gesetz kënnt iwwert de Service de renseignements, wou de Premier och eng ganz Partie vu Froe jo ugekënnegt huet, och do spezifesch ze léisen. Ech hunn Iech elo eng Äntwert ginn, well Dir gesot hutt, wann een aus dem Service de renseignements erausgeet an et mécht een een neien Déngscht, ech hunn Iech gesot wat d'Staatsbeamten, d'zukënftegt Staatsbeamtegesetz souwisou virgesäit. Ech ka mir awer virstellen an dat ass dem Premier säi Wonsch op alle Fall, datt do nach vill méi streng Regele komme wat ebe Leit ubelaangt déi fréier an esou engem Service de renseignements geschafft hunn.

Pia Oppel: Ech hu meng Fro vläicht net präzis genuch gestallt, et geet generell einfach iwwert dee Secteur vu privaten Informatiounsdéngschter, déi jo da quasi e bësse wéi Geheimdetektive schaffen. Et ass ee Secteur deen zu Lëtzebuerg net reglementéiert ass. Där sinn der anscheinend relativ vill hei um Terrain aktiv. D'Fro ass, féiert een een Agrément fir déi an oder wéi gesitt Dir dee Secteur, kann ee vläicht do méi aktiv ginn?

François Biltgen: Also dat ass eng Fro déi ze diskutéieren ass, déi awer ee wäit féiert. Dat, soen ech dann als Justizminister, betrëfft och zum Beispill privat Detekteien, där ginn et der och. Ech mengen net, datt déi ganz räich ginn. Déi si bis elo net agrémentéiert, woufir? Well mir awer de Prinzip nach ëmmer hunn, datt libre Commerce ass a wat een anere Prinzip ass, datt jiddweree sech do muss och u Spillregelen halen.

Well et muss een natierlech kucken, wann een Agrémente wëllt maachen, da kënnt ëmmer d'Fro vu Pflichten a Rechter. Dat heescht et sinn da vläicht exorbitant Pflichten, mä och vläicht exorbitant Rechter. Déi Fro muss een dann diskutéieren. Ech mengen déi soll een ausdiskutéieren. Ech hunn do elo keng virgefaasste Meenung, well ech op där anerer Säit net der Meenung sinn, dofir war ech ëmmer dogéint fir zum Beispill privat Detekteien ze reglementéieren, datt déi da solle besonnesch Virrechter kréien, déi een aneren net hätt.

Et soll nach ëmmer hei kloer sinn, datt do déi staatlech Servicen déi Virrechter hunn fir Informatiounen ze sammelen, déi nëmme staatlech hunn an net anerer. An dofir soen ech, ass dat eng Diskussioun déi ee ka féieren. Fir mech ass eigentlech méi wichteg, déi Fro déi mir virdrun undiskutéiert hunn, datt een net ka virdrun eng Kéier beim Staat gewiescht sinn an dann op eemol mat deem Wësse wat een huet, wat och dann nach als Wëssen eng gewësse Protectioun hat, mat deem Wëssen dann op eemol Sue maachen. Dat kann et net sinn. An dofir mengen ech ass et wichteg, datt mir och déi Diskussioun féieren, déi de Premier jo wëllt féieren a wou hie wëllt ganz wäit goen. Ech mengen dat soll een, hie mécht dat scho mat der zoustänneger Kommissioun an der Chamber, währenddem mir an der Fonction publique souwisou wëlle Basisregele maachen, déi et bis elo effektiv zu Lëtzebuerg nach net gouf. Si goufe laang ugeriet a wéi gesot, leider huet och déi ganz Gehälterreform sech verzögert wéinst allen aneren Diskussiounen déi ronderëm komm sinn. Et ass ee grousse Pak, mä ech menge mir kréien dat och nach duerch.

Pia Oppel: War et Iech da bewosst, datt där Servicer hei am Land esouvill aktiv wieren? Et ass jo och fir d'Finanzplaz vläicht guer keng sou gutt Saach wann där Servicer hei aktiv sinn, déi vläicht fir aner Geheimdéngschter am Optrag schaffen an net reglementéiert sinn.

François Biltgen: Also wësst Dir, nach eng Kéier, ech weess net ob d’Reglementatioun alles léisst. Wat mech interesséiert, dat ass, datt net hei Déngschter operéieren, déi géint d'Lëtzebuerger Gesetzer verstoussen. An deem Sënn soen ech, ass et dofir och wichteg, datt mir ee Service de renseignements hunn, deen eben a senger gewëssener Protectioun ka schaffen, fir erauszefanne wat zu Lëtzebuerg leeft.

An dat ass och do fir mech wichteg, datt mir net och elo hei op eemol soen, wéi ech verschidde Politiker schonns héieren hunn, mir brauche kee Service de renseignements méi. Dach mir brauchen ee Service de renseignements, fir eis z'informéieren iwwert Saachen déi vläicht net direkt géint d'Gesetzer verstoussen, mä wou ee muss kucke wat do geschitt. A wann eppes géint d'Gesetzer verstéisst, datt dat eriwwergeet.

Ech muss och soen, an där Zäit wou ech elo Justizminister sinn, hunn ech festgestallt, dat ass net laang, mä an deenen Zäiten hunn ech festgestallt, datt dat eigentlech ganz gutt fonctionnéiert an ech mengen Dir hutt och de Procureur général héieren, datt do schonn déi néideg Échangë sinn. Wat ech net wéilt hunn, dat ass zum Beispill wat bei Äre Kollege vun RTL de fréieren Ausseminister, den Här Poos gesot huet, als Iddi déi awer ze diskutéieren ass, mä do sinn ech skeptesch, fir ze soen, ma da komm mir setzen einfach de Service de renseignements, setze mir bei d'Polizei. Dat sinn ech zum Beispill retizent. Well dann hu mir herno eng Geheimpolizei. An ech mengen ee Service de renseignements däerf ni eng exekutiv Gewalt hunn. Eng Fro zum Beispill, déi ech mat gär gekläert hätt an den Diskussiounen, dat ass, wann ee Polizist détachéiert gëtt bei de Service de renseignements, sinn ech der Meenung, datt en net méi dierf Officier de police judiciaire sinn, dierf en net eng exekutiv Gewalt mat eriwwerbréngen. Ech halen op, well Är Zäit leeft fort.

Pia Oppel: Genau, et ass bal d'Halschent vun der Emissioun an et ass Zäit fir en Noriichteniwwerbléck

[Noriichteniwwerbléck]

Pia Oppel: All déi Affairen iwwert déi mir um Ufank vun der Emissioun “Riicht eraus�? geschwat hunn an déi d'lescht Joer d'Lëtzebuerger Land an Otem gehalen hunn, hunn all Kéiers och CSV Politiker concernéiert. An der Affaire Wickreng-Léiweng ass bekannt ginn, datt ënnert anerem de Premier Juncker an den Inneminister Halsdorf an engem confidentielle Bréif relativ wäitgoend Engagementer vis-à-vis vu private Promoteuren agaange sinn. An der Affaire Cargolux stoung de Finanzminister Luc Frieden an der Kritik, op eege Fauscht een Deal mat Qatar Airways gemaach ze hunn, deen net am Intérêt vum Land war an elo rezent ass bekannt ginn, datt de Geheimdéngscht joerzéngtelaang innepolitesch Spionage gemaach huet an et nach rezent grave intern Dysfonctionnementer gouf, déi de Premier als politesch Responsabelen, vläicht net konsequent genuch sanktionéiert huet. Huet dat Spueren an Ärer Partei hannerlooss Här Biltgen?

François Biltgen: Fir d'éischt muss ech dat mol rëm an d'riicht Liicht setze wat Dir sot. Wa mir zum Beispill op de SREL zeréckkommen, ass et esou datt ee muss zwou Periode kucken. Déi eng Period ass déi nom Gesetz vun 2004 an dat anert ass vu virdrun.

Nom Gesetz vun 2004, dat ass déi wichtegst Period an dat ass déi effektiv wou de Jean-Claude Juncker jo selwer ee Gesetz proposéiert huet, endlech, well virdru si vill Projete vun och Virgänger vun him net weider poursuivéiert konnte ginn, huet hien ee Gesetz gemaach an d'Fro déi sech elo stellt ass, sinn do Saache schifgaangen, jo oder nee? Wat ass schifgaangen, woufir ass et schifgaangen? Wou sinn eventuell dann erëm eng Kéier Affairë fir d'Justiz an dat ass d'Justiz jo am gaangen ze kucken. A wat soll een do vu Conclusiounen zéien? An dofir géif ech mol déi zwou Saachen auserneesetzen an Dir wësst, datt de Jean-Claude Juncker plus eben d'Kommissioun regelméisseg zesummekommen, fir eben op Grond vun där Erfahrung déi elo gemaach gouf, mat engem Gesetz wat nei war par rapport zu virdrun, fir ze kucke wat kann een an Zukunft besser maachen? An ech mengen dat ass mol déi éischt Affaire.

Wat virdrun dee sougenannten innepolitesche Spionage, dee muss een och erëm an dat riicht Liicht setzen. Dat war eng Zäit vum kale Krich. An do muss een einfach wëssen, wann ech mat menge Kanner schwätzen, déi kënne sech dorun net méi erënneren, well déi si just virun oder no dem Mauerfall gebuer ginn. Dat war eng ganz aner Atmosphär, an da muss een dat och an dat Liicht setzen.

Ech muss éierlech soen, an dat soen ech awer och als Amateurhistoriker, datt ech eigentlech léiwer gehat hätt, mä d'Chamber hëlt hir Décisioun a si steet dofir an, et hätt een engersäits elo nëmmen 2004 gekuckt. All déi Periode vu virdrun an déi kal Krich Periode mat all deem wat dat bedeit, wësst Dir ech sinn och mat 15 Joer sinn ech, well ech russesch geléiert hunn an den Owescoursen, mat den Amitiés belgo-soviétiques an d'Sowjetunioun gefuer. Ech huelen un, datt och do iergendwou eng Karteinotiz war, dat gehäit mech awer net sonnerlech. Ech soen, ech hätt léiwer gehat do wär eng Historikerkommissioun komm, fir déi dote Saachen opzeschaffen, wéi ons de Premierminister dat jo elo virgeschloen huet bei den Affairë vun de Judden am zweete Weltkrich. Dat mol fir dat doten ze soen.

Dofir soen ech, gesinn ech dat heite mat ganz vill Rou un an an der CSV gesi mir dat och mat ganz vill Rou un. Datt déi Affairen oder sougenannt Affairen zum Deel benotzt gi fir d'CSV ze destabiliséieren, vun der Oppositioun, c'est de bonne guerre. Domatter loosse mir eis awer net hei aus der Rou bréngen. Dofir wëll ech och soen, wa mir Wickreng-Léiweng zeréckkommen, do war ech jo an der Regierung dobäi bei deenen Diskussiounen. Wat war de Problem? De Problem war, datt eppes geplangt war zu Wickreng, datt d'Landesplanung an dat war een CSV Minister, gesitt Dir, Dir sëtzt Saachen an d'Welt a wann ee wëllt dat mol an d'riicht Liicht bréngen, dann hutt Dir keng Zäit méi. Da kommen ech do net méi drop zeréck, mä ech wëll just soen, datt mir dat an der CSV ganz geloosse gesinn. Do wou muss eppes opgekläert ginn, gëtt et opgekläert. Do hu mir eis nach ni dogéint verwiert. Op där anerer Säit si mir awer och bestrieft fir ze kucken, datt mir awer och op déi vill Äntweren déi d'Leit hunn, well déi Leit déi mat mir schwätzen, déi schwätze manner Wickreng-Léiweng, mä déi schwätze mat mir iwwert d'Suergen, wat geschitt elo wa mir gläichgeschlechtlech Koppelen hunn, wat geschitt mat der Filiatioun. Déi schwätze mat mir iwwert Froen, wat geschitt mat de Kanner déi op der Uni sinn, kréien déi nach Boursen, kréien déi keng Boursen. Déi schwätze mat mir iwwert eng ganz Partie aner Froen an déi Froe musse mir de Leit och beäntwerten. Kréien eis Kanner nach eng Aarbechtsplaz? Dat ass eng wichteg Fro.

Pia Oppel: Dat ass sécher de Fall. Ech fannen et war awer de Punkt fir eng Kéier Iech als laangjäregen CSV Member déi Fro ze stellen, well et jo awer schonns ee speziellt Joer war an ech hu mir d'Fro gestallt ob dat net an enger Partei och déi entspriechend Diskussiounen ausléist iwwert vläicht Saachen, déi ee geduecht huet déi an dësem Land eben esou géife lafen an déi vläicht an Zukunft missten anescht lafen. Dowéinst hat ech och am Teaser fir dës Sendung déi Fro gestallt, ass et Zäit fir eng nei, bahnt sech mat verschidde Gesetzer net de Moment och, an iwwert den Deontologiecode hu mir jo geschwat, eng nei Transparenzkultur un? An dat war u sech dat wat ech Iech wollt froen, huet d'CSV sech doriwwer och Gedanke gemaach, also no bannen eng Kéier gekuckt?

François Biltgen: Also d'CSV ënnerstëtzt de Justizminister voll mat all deene Reformen déi e mécht an deem dote Sënn. Da ginn ech Iech nach ee Beispill, well ech jo dann och Iech an aneren nolauschteren, da gëtt oft geschwat, elo an der sougenannter Bommeleeëraffaire, datt d'Verteidegung sech op ee Gesetz stützt wat entrave à la justice heescht. Dat ass ee Gesetz wat ech selwer virun 2 Joer op den Instanzewee bruecht hunn, wat seet, wann s du an engem Déngscht schaffs, wou s du selwer dru bedeelegt bass d'Wouerecht un den Dag ze bréngen a wëssentlech gëss du do Saachen net weider, da mëss du dech strofbar.

Wéi ech dat Gesetz an der Chamber bruecht hunn, war dat ganz hefteg diskutéiert. D'DP huet sech do enthalen. Den Här Bettel huet gesot, esou seng Argumenter, ma dat doten, dat kënnt nëmmen op Grond vun der Bommeleeëraffaire, mir brauche sou ee Gesetz net, dat ass ee Generalverdacht.

Ech si frou, datt mir dat Gesetz gestëmmt hunn. Ech hu jo och déi Bedenken net gedeelt vum Här Bettel. Ech stellen elo fest, datt d'Verteidegung an der Bommeleeëraffaire ëmmer erëm seet, ma dat dote Gesetz wäerte mir huelen. Also ass dat schonn ee wichtegt Gesetz war mir bruecht hunn, fir kënnen Saachen ze maachen.

Déi ganz Diskussioun déi mir hunn iwwert déi nei grouss Justizreform déi ech wëll maachen, iwwert de Conseil national de la justice, déi iwweregens de Marc Fischbach scho virun e puer Joer bruecht huet, déi ass och fir ze kucke wéi kënne mir d'Justiz engersäits méi Indépendance ginn, anerersäits och hir intern Verantwortung z'iwwerhuelen. An dat si Saachen déi mir dauernd am gaang sinn ze maachen an ech mengen, datt et och wichteg ass. An och dee Projet de Loi deen och laang gebraucht huet, bis en all Hürde konnt huelen, deen de Premierminister bruecht huet iwwert den Informatiounszougang, ass och ee wichtegen Element an deenen dote Fäll. Also ech menge mir hunn an der CSV, ech si jo nach ëmmer dobäi, schwätze mir eigentlech manner iwwert déi doten Affairen, mä just do wou mussen Initiativë geholl ginn, do huele mir se.

Pia Oppel: Dir hutt d'Informatiounsgesetz erwänt. Wéi ass dat dann als Fonction publique Minister? Kritt Dir do awer net och Suerge matgedeelt vun de Fonctionnairen? Gi sech Suerge gemaach, datt dat iergendwéi och déi ganz Kultur déi an den Administratioune bis elo existéiert huet, datt een déi misst komplett ëmkrämpelen, datt do eppes vu baussen dann ugefrot gëtt, wat een eigentlech da léiwer net wéilt erausginn? Wéi sinn do, wéi ass d'Stëmmung do am Moment?

François Biltgen: Also ech wëll mol soen, datt de Ministère de la fonction publique, elo kënnt Dir klicke goen, surfe goen, deen ass, muss ech soen, deen top ass. Dir fannt alles, Dir fannt all, zum Beispill all Poste beim Staat, och Employés Posten, deen iergendwou do ass, dee fannt Dir op dem Ministère de la Fonction publique erëm, wat jo och wichteg ass. Datt een net wéi fréier seet, do weess ech elo, datt ee Posten ass, do kanns de dech mellen. Jiddweree kann all Dag kucke goen, wat fir eng Poste sinn do an ech mengen. Also mir si scho gewinnt an der Fonction publique ganz vill erauszeginn a ganz vill ass um Internet.

Wéi ech ugetruede sinn als Kommunikatiounsminister, deemools och als Minister mat de Relatioune mam Parlament, hunn ech Legilux mat de Leit vum Service de la législation gemaach. Datt mol d'ganz Gesetzer zougängeg sinn. Dat heescht ganz vill Informatiounen ass schonn do. Elo ass, an dat steet och an deem Gesetz do, elo muss een natierlech oppasse wat een dobausse seet a wat een net seet. Et kann een näischt soe wat eng drëtt Persoun betrëfft. Dat heescht et ka keen elo uruffen, ech huelen elo mol de Service deen ech kenne beim Staat gutt, de Service de l'indigénat, wéi dat nach haut heescht am Justizministère, also do wou ee seng Demande mécht fir Lëtzebuerger ze ginn. Do musse mir natierlech kucken, datt net iergendee vu baussen eppes gewuer gëtt, dat deen dote betrëfft. Dofir dat wat mir an deem Gesetz virgesinn a wat zum Deel bei ganz ville Ministèrë scho geschitt, ass mol all Informatiounen, déi mussen allgemeng zougänglech sinn, datt déi mol zougänglech sinn, datt déi och um Internet sinn.

Ech stellen awer och fest, esouguer bei Journalistekollegen, do ass gesot ginn, wou ass dat, woufir weess ech dat net? Ech sot, Dir braucht nëmme bei eis um Site unzeklicken, et ass ganz vill do. Et ass mol fir d'éischt do, datt ee mol dat transparent mécht wat een transparent muss maachen.

Wat natierlech eng Fro ass, an da kommen ech och op déi Diskussioune wéi zum Beispill Cargolux an esou weider zeréck. Wann de Staat awer och kommerziell a finanziell Interessie fir de Staat ze huelen huet, da kann en awer net dauernd soe mat wiem e wou schwätzt a wou de Präis vun der Verhandlung steet, well wann dat alles bekannt gëtt, jo da kritt een ni méi een uerdentleche Präis weder wann ee wëllt Aktie kafen, déi ee brauch fir de Staat, nach wann ee se wëllt verkafen. Do muss een dann erëm eng Kéier kucken, datt dee Moment wou déi Interessie sinn, datt een déi natierlech net ka public maachen. Datt herno, wann zum Beispill eppes ofgeschloss ass, d'Regierung selbstverständlech op mannst der Chamber Bescheed seet, dat huet eigentlech näischt mam Informatiounszougang ze dinn, dat huet eppes mat der Responsabilitéit ze di vun enger Regierung par rapport zu der Chamber.

Dofir wëll ech och hei rëm soen, an där Debatt, komm mir kucken ëmmer erëm déi verschidde Felder auserneen ze halen: wat ass allgemengen Informatiounszougang, wat ass den Informatiounszougang deen deen Eenzelne muss hu par rapport zu sengen Daten? Dat ass eng aner Diskussioun, wou ech soen, datt ee muss kucken, datt deen Eenzelne méi Zougang kritt. Dofir sinn ech jo och Dateschutzminister an dofir als Justizminister an Europa beméit eng Reform déi d'Madame Reding do wëllt maachen, fir de Bierger méi Rechter wat seng Daten ubelaangt, esouwuel bei de privaten Datekarteien, Datebanke wéi bei de staatlechen, déi ze ginn, datt dat och eng wiesentlech Fro ass. Iwweregens sinn dat och Froe wou ech méi oft vu Leit ugesprach ginn dobausse wann ech ënnert d'Leit kommen, wéi zu de sougenannten Affairen.

Pia Oppel: Een anere Sujet deen och mat dem Stéchwuert Transparenz kann a Verbindung bruecht ginn ass d'Verfassungsreform. De Premier Juncker huet sech fir d'Propose vum LSAP Parteipresident Alex Bodry ausgeschwat, datt ee kéint ee Referendum eventuell maachen iwwert déi verschidde grouss Froen déi sech awer, déi mussen tranchéiert ginn an esou enger neier Verfassung. De President vun der Chamberinstitutiounekommissioun, de Paul-Henri Meyers ass e bësse méi skeptesch wat dat ugeet. Wat mengt Dir? Wéi soll een d'Vollek an déi Décisioun do mat abannen?

François Biltgen: Also ech erënneren un den CSV Wahlprogramm vun 2009, do steet dran, datt d'Verfassung soll engem Referendum ënnerleeë ginn.

Pia Oppel: Ma et geet awer ëm d'Fro ob et zum Schluss vum Prozess ass, wou da gesot gëtt, jo 100% oder nee 100% oder ob een elo en Cours de route seet, ma, et sinn eng Rei Froen déi sinn ëmstridden, mir schwätzen och herno nach driwwer, notamment d'Trennung vu Kierch a Staat, d'Fro vun de Prerogativë vum Grand-Duc och. Do ginn net eng Rei Froen déi een awer nach kéint och dem Bierger elo nach eng Kéier stellen. An dann, dat ass konsultativ oder wéi een dat da wëllt organiséieren, dat muss een da konkret kucken. Mä wäert Dir, dat ass déi Propose déi den Här Bodry jo gemaach huet an den Här Juncker huet gesot e géif déi Iddi gutt fannen, wat sot Dir dozou?

François Biltgen: Also Iddien, ech hunn ni eppes géint Iddien, ech wëll just wësse wat herno konkret erauskënnt. D'Fro ass nämlech dann ëmmer déi: huele mir 5 Froe wou d'Leit jo oder nee äntweren? Maache mir eng Zort Sondage? All déi Froen, déi hu mir nach net, ech ginn nämlech d'Regierung ëmmer vertrieden an d'Verfassungskommissioun, déi si mir nach net ugaangen. All Iddie soll een ëmmer bis zum Schluss duerchdiskutéieren, all Transparenz ass gutt. Ech si mir och bewosst, datt engersäits elo déi Chamberkommissioun ganz gutt schafft. Op där anerer Säit Leit net ëmmer matkréie wat dann dorunner geschafft gëtt. Et muss een also och informéieren, ier datt ee ka consultéieren an ier datt ee kann nofroe muss een informéieren.

Wéi gesot ech sinn nach ëmmer der Meenung, déi hunn ech als Parteipresident déi Iddi, datt wann een eng Verfassung huet, datt et gutt ass wann déi Verfassung een Aval vum Vollek huet. Och dozou wëll ech soen, datt dat eigentlech eng Fro ass, déi ech gemengt hat déi tranchéiert wär, well ech hunn e puer Parteien aus der Oppositioun héiere soen, ees wéi ees géife si ee Referendum iwwert d'Verfassung froen. Et geet jo duer, an eiser aktueller Verfassung, datt eng Minoritéit vun Deputéierten oder vu Bierger ee Referendum freet. Also mengen ech solle mir net laang iwwert déi dote Fro schwätzen, mä mir sollen eng uerdentlech nei Verfassung maachen.

Mir sinn, mir maachen dat ganz gutt, muss ech soen, och zur Éier vun all deene Leit déi an där Kommissioun do sëtzen an der Chamber an zur Éier vun hirem President, dem Paul- Henri Meyers, si mir am gaangen eng Verfassung ze maache wou ee ganz large Konsensus géif kommen an ech mengen da kann een d'Leit och doropper beweegen.

Mä fir d'éischt muss ee mol, ier datt een d'Leit mol eppes freet, muss ee mol d'Leit informéieren iwwert dat wat ee mécht. Dat ass zur Zäit nach net an deem Mooss de Fall gewiescht well et Work in progress ass, well all Dag ginn rëm nei Artikele geännert. D'Chamberkommissioun kënnt ganz gutt weider an ech mengen déi éischt Phase muss mol eng Kéier sinn, wann d'Chamberkommissioun wierklech bal zu engem Enn ass, datt dann effektiv och mol d'Leit informéiert ginn. Mir hunn op alle Fall op eisem Südparteikongress an der CSV décidéiert, datt eis Partei elo mol eng Kéier hir Memberen zesummerifft a se informéiert iwwert all déi eenzel Aspekter vun där Verfassungsreform.

Pia Oppel: Ee wichtege Volet, ech hat en och scho virdrun erwänt, ass d'Verhältnis vu Staat a Reliounsgemeinschaften, wou Dir jo zoustänneg sidd. Am Oktober ass een Experterapport presentéiert ginn, d'Consultatiounsphase sollt bis Enn November lafen, d'Parteien hunn hir Avisen eraginn. Wat fir eng Conclusioune kann een an Ären Aen dann elo schonn zéien.

François Biltgen: Mir sinn am gaang dat ze maachen, op deene verschiddenen Niveauen. Den nächste Mëttwoch, wann ech dat gutt am Kapp hunn, kommen déi Experten op Lëtzebuerg, wou si dann zesummekommen, mat net de Parteien dës Kéier, mä mat all deenen anere Partie prenantes, dat heescht esouwuel de Reliounsgemeinschafte wéi de laizistesche Kreeser, also all déi déi se virdru gesinn hunn, fir iwwert déi Debatt, iwwert dee Rapport ze debattéieren. Ech mengen dat ass een Échange de vue, datt all déi Leit mol eng Kéier déi sech dru bedeelegt hunn zesummen do sëtzen, mat den Experten do d'Iddien, d'Froen échangéieren, vläicht Äntwerte kréien, vläicht ginn duerno och d'Experte mir Compléments de vue iwwert déi verschidde Froen déi komm sinn, well dee Rapport d'expertises deen ass public, jiddweree kann e liesen. D'Stellungnahme sinn och public op eisem Site vun der Regierung, dat ka jiddweree liesen. Mä esou een Échange de vue an deem Sënn war nach net do. Dat heescht, do waarden ech och mol of, ier datt ech meng Conclusiounen definitiv zéien, waarden ech och mol déi doten Debatte den nächste Mëttwoch of. Wou mir iwweregens och d'Press invitéiert hunn, esou datt deen Exercice och eng Publicitéitscouverture kritt.

Dann ass et esou, datt mir den 20. Mäerz mat den Experten an d'Chamberkommissioun ginn, vun der Verfassungsreform, well jo déi Artikelen och zur Dispositioun stinn, fir geännert ze ginn. An datt eben och do dann d'Chamberkommissioun, an da si mir bei de politesche Parteien, déi Debatt féieren.

De Käersujet ass jo nach ëmmer deen, wéi organiséiere mir an der Verfassung déi Relatiounen tëschent de Reliounsgemeinschaften an dem Staat, wou d'Experte jo net nëmmen déi Konventiounsgeschicht analyséiert hunn, si hunn och déi aner Modeller analyséiert, wou si soen, datt eise System wuel seng Preuve gemaach hätt, datt de System vun de Konventiounen och kéint weiderbehale ginn, datt en allerdéngs enger Partie Iwwerleeungen net Rechnung dréit, wéi zum Beispill d'Égalité de traitement an esou weider. An datt et da scho wierklech interessant wär fir ze kucken, brénge mir et fäerdeg eng Verfassungsmajoritéit an der Chamber ze fannen, fir déi Artikele wéi se elo sinn ze revidéieren. Dofir ass jo déi Debatte den 20.

Dann ass den 3. Volet do, dat ass dee vun de Gemengen. D'Kierchefabrikken op Gemengeplang, d'Kierche selwer op Gemengeplang. Do si mir am gaang ze kucken, mir hu schonn éischt Kontakter gehat, hat ech geholl mam Syvicol, och zesumme mam Inneminister, datt mir nach an enger drëtter Phase och kucken do eng Debatt ze féiere wou d'Experte bei de Syvicol kéinten zum Beispill goen, also d'Gemengevertriedung, fir och doriwwer ze diskutéieren.

Also déi Conclusioune sinn am gaang lues a lues geholl ze ginn. Ech mengen och do bleiwen ech bei där, menger Method trei, datt ech net iergendwéi aus der Hëft wëll schéissen, mä nu mol gär Debatten hätt. A wat déi Debatte méi laang dauert wat ech méi lues a lues zu mengem Schluss kommen an duerno zéien ech Conclusiounen. Dat ass mir gelonge bei der Nationalitéit, ech wëll dat mol hei just eranhuelen, well do wéi ech dat annoncéiert hunn, oh Mamm do war d'Welt ze kleng fir ze soen, wéi kann dee Biltgen dohinnergoen an elo op eemol eng Debatt hei lassléisen. De Fait, datt ech eng Debatt initiéiert hunn, mat de Leit diskutéiert hunn, mat der Chamber diskutéiert hunn, bréngt mech elo dozou, datt ech d'iwwernächst Woch an der Regierung kann een neie Projet déposéieren, dee wahrscheinlech séier ka gestëmmt ginn, iwwert een neit Nationalitéitegesetz, wat fréier ëmmer kontrovers war, wat mir hei elo ee large Konsens hunn an dat ass eng gutt Saach. An ech hoffen, datt eis dat och geléngt bei där dote krokeleger Fro Reliounsgemeinschaften, och aner Gemeinschaften, wann dat soll de Fall sinn als Staat nei Solutiounen ze fannen, déi dëst Land zesummenhalen. Well et geet drëm, datt mir dëst Land zesummenhalen.

Pia Oppel: Ech wollt eng Kéier, ech hat déi Fro nämlech virdru vergiess ze stellen, dat ass nämlech effektiv eng Method déi an de leschte Méint ganz heefeg ugewannt ginn ass bei Dossieren déi Dir traitéiert, fir d'Debatten fir d'éischt ze lancéieren, eng Consultatiounsphase virzegesinn. Beim Code de déontologie fir Ministeren hutt Dir dat awer net gemaach. Firwat?

François Biltgen: Ma jo well ech, natierlech hunn ech déi gemaach, mä ech hu se mat de Ministere gemaach. Et geet hei ëm d'Ministeren. An ech mengen dat war eng Phase déi fir mech net ëmmer ganz einfach war. Well wësst Dir, et ass ëmmer ganz schéin iwwert aner Leit ze diskutéieren, ëmmer ganz schéin ze soe wéi ee sech ee Minister virstellt. Ech géif Iech mol eng Kéier gären invitéiere mol esou ee Schnupperkurs ze maachen, leider ass dat net virgesinn. Datt Dir mol eng Kéier sollt 7 Deeg mol eng Kéier Minister spillen an da mol kucken ob dat wierklech mat allem wat dat dobaussen vun Avantagë schéngt ze hunn, ob dat ëmmer esou einfach ass Minister ze sinn. Dofir mengen ech ass de Code de déontologie ee mat de Ministeren.

Ech hu selbstverständlech, mir hate kontrovers Diskussiounen, jo ech sinn och esou wéi ech sinn, ech war dann och esou, jo, do hate mir kontrovers Diskussiounen. Ech hunn natierlech och versicht d'Lat héich ze halen op Grond vun all deenen Iwwerleeungen, déi ech och als Justizminister maachen an all deenen Debatten, zum Beispill iwwer Korruptioun, wou ech och ganz vill Gesetzer gemaach hunn, de whistle blower Gesetz, anerer kommen nach no, fir d'Lat héich ze halen, mä et muss een ëmmer kucken, wann een dann esou de Code de déontologie liest als Minister an ee seet, kann ech iwwerhaapt elo nach a mengem Liewen, a mengem Privatliewen ee Mënsch sinn? Déi Fro muss ee sech dann awer och stellen. Dofir soen ech, war déi dote Fro Code de déontologie vun de Ministeren, dat ass mol eng déi d'Ministere selwer interesséiert huet. Wéi gi mir mat eis selwer ëm, wéi brénge mir et fäerdeg uerdentlech ze schaffen - dat ass déi Haaptaufgab, dofir kritt ee jo eng Pei als Minister - fir dëst Land. Wéi kënne mir awer nach iergendwéi ee Privatmënsch sinn, deen awer iergendwéi nach ee klengt Liewen huet a wéi brénge mir et awer fäerdeg dobaussen esou opzetrieden, datt mir uerdentlech eriwwerkommen? Dat, dofir dat war eng hefteg Consultatiounsdebatte.

Pia Oppel: Ma jo ech entschëllege mech bei eisen Nolauschterer, datt mir elo an de Sujeten esou sprangen, ech wëll nämlech gär nach eng Kéier zeréckkommen op d'Verfassungsreform an d'Reliounsgemeinschaften. Dir hutt zwar erwänt, datt do elo nach wäert fir d'éischt diskutéiert ginn. D'Fro ass awer a priori fir d'CSV, sidd Dir oppen dofir fir déi Fro vun de Gehälter, wat jo och de Staatsrot a sengem Avis ugedeit huet a wann ech elo de Relevé maache vun de Positioune vun all deenen anere Parteien, ass d'CSV wierklech déi eenzeg déi d'Fro vun de Gehälter op déi Manéier an der Verfassung wëll verankeren an net an engem zweeten Deel dann am Gesetz, datt Konventiounen zwar festgehale sinn an der Verfassung mat de Reliounsgemeinschaften, mä net d'Fro wéi finanzéiere mir dat. Ass d'CSV, deit sech do awer d'Méiglechkeet un, datt een op deem Punkt réckelt?

François Biltgen: Also déi Fro, déi stellt Dir der CSV. Ech hunn hei eng kloer Roll, dat ass déi vum Kultusminister. An ech schwätzen als Kultusminister net fir d'CSV. Ech versichen als Kultusminister hei ze kucken Accorden ze fannen, wann ech da kucken, esouwuel d'Positioun vun der CSV, wéi d'Positioun schrëftlech vun der DP, wéi da verschidden Aussoen déi och aner Parteie gemaach hunn, mengen ech, datt een do kann an der Verfassungskommissioun sech weider zuenee beweegen. Mä dofir sinn ech net, ech sëtzen net an der Verfassungskommissioun als CSV Vertrieder. Ech sëtzen do als Kultusminister. Déi Démarche déi ech hei gemaach hunn, ass ze kucken, brénge mir et fäerdeg, wa mir eis eens sinn, datt de System wou e seng Preuven hat, datt de System awer eng Partie Faillen huet, brénge mir et fäerdeg eng Verfassungsmajoritéit, hei geet et net ëm einfach Majoritéit, brénge mir et fäerdeg eng Verfassungsmajoritéit hei ze bréngen, fir och nei Weeër ze goen? Well wësst Dir, wann d'CSV wéillt hunn, datt näischt geschitt, da kéint d'CSV alles verhënneren. D'CSV huet awer hei eng länger Stellungnahm gemaach, wou si hir Meenung huet, wéi anerer hir och hunn an elo muss een dat zesummen an een Dëppe bréngen an elo muss een doranner réieren. An ech mengen, datt mir dat, wa jiddweree wëlles huet eppes hei uerdentlech ze maachen, nach eng Kéier fir d'Zesummeliewen, et geet och vill ëm Integratioun. Vergiesst net, datt mir haut, d'kathoulesch Kierch een Element ass vu Reliounsgemeinschaften, mä all Reliounsgemeinschaften déi aus anere Kulturkreeser kommen, déi awer wichteg sinn, datt mir déi hei integréieren. Fir nach just ze soen, ma mir wëllen d'Relioun, dat ass just Privatsphär, da maache mir ee Feeler, well da kréie mir reliéis Gemeinschaften déi just da sech privat zeréckzéien, kommunautariséierend sinn an dann och eng Afrostellung mat sech bréngen à la longue vun enger Cohésion sociale zu Lëtzebuerg. Dofir ass et scho wichteg, datt mir déi Debatt hei féieren. Dofir féieren ech déi Debatt eben net wéi aner Parteien, just fir ze soen, kathoulesch Kierch. Nee ech brénge se iwwert d'Zesummeliewen, iwwert d'Gemeinschaften hei, Reliounsgemeinschaften an hire Roll an engem Rechtsstat zu Lëtzebuerg, an engem Staat dee säin Ordre publique kennt, dee seng Valeure kennt, déi iwwergeuerdnet sinn alle Reliounsgemeinschaften. Wéi brénge mir et fäerdeg déi Leit déi hei op Lëtzebuerg wunne kommen, déi aus anere Kulturkreesser kommen, wéi brénge mir et fäerdeg déi och hei, deenen ze soen, Dir sidd hei wëllkomm, mir respektéieren Iech och mat Ärer Relioun, an Dir deelt awer hei eis gemeinsam Valeuren. Dat ass fir mech déi grouss Ausenanersetzung vun där dote Fro an net déi vun de Paschtoueschgehälter.

Pia Oppel: Dir hutt d'Wuert Integratioun do genannt, do kann een direkt uknäppe mat enger anerer Diskussioun, déi och Är Ressorten deels concernéiert an déi an de leschte Woche ganz hefteg gefouert ginn ass, dat ass déi ronderëm d'Auslännerwahlrecht. Wat haalt Dir, wat ass Är Analyse vun där Diskussioun wéi se bis elo gefouert ginn ass?

François Biltgen: Also d'Fro ass jo ëmmer, wat bezweckt een? Lo héieren ech da vu verschidde Leit, déi a verschidde Parteien eben dann aneschters Debatte féiere wéi ech se féieren, mir si fir d'Auslännerwahlrecht. Da géif ech gär soen, woufir sidd Dir fir d'Auslännerwahlrecht a fir wat fir een Auslännerwahlrecht sidd Dir?

D'Äntwert déi kënnt ass ze soen, ma jo mir hunn een Déficit démocratique hei zu Lëtzebuerg. 43% vun deene Leit déi hei wunne si keng Lëtzebuerger, dann hu mir guer net geschwat vun de Frontalieren. Sou. Da gëtt gesot, dofir brauche mir d'Auslännerwahlrecht. Da soen ech, ok wat fir een Auslännerwahlrecht? Da kréien ech geäntwert, ma jo déi Auslänner déi 5 Joer hei wunnen, déi wëlle fräiwëlleg mat wiele goen, déi solle mat wiele goen. Jo dat ass net d'Äntwert op den Déficit démocratique. Ofgesinn dovunner, datt mir erëm d'Frontaliere vergiess hunn, ass dat d'Äntwert net op den Déficit démocratique.

Da soen ech, dann hu mir awer hei eng Debatt, wann dat d'Fro ass fir ze soen, mir huelen den Déficit démocratique, fir ze soe mir maachen een Auslännerwahlrecht fir déi déi fräiwëlleg no 5 Joer hei sinn, dat ass eng falsch Äntwert op déi richteg Fro. Dat heescht déi Fro bleift gestallt. Da soen ech, dann hu mir awer hei erëm eng Kéier ee Lagerdenke provozéiert, well ech spieren dat, datt d'Leit bei ee kommen, bass du dofir, bass du dogéint an dann hu mir net eng uerdentlech Debatt.

Währenddem op där anerer Säit dat neit Nationalitéitegesetz, wat mir an enger Woch op den Instanzewee ginn, souvill erëm méi nei Lëtzebuerger mécht. A wa mir zum Beispill kucke wéivill Auslänner elo scho bei Kommunalwahlen oder bei Europawahle matmaachen a wéivill Leit alleng duerch dat Gesetz vun 2008 Lëtzebuerger gi sinn, ass dat nun awer déi éischt Äntwert fir ze soen, komm mir maachen d'lëtzebuerger Nationalitéit méi op. Dann hu mir déi dote Fro geléist.

An da gi mir op déi richteg Debatt, nämlech net déi vum Auslännerwahlrecht oder net, dat ass een Element vun der richteger Debatt. Komm mir ginn op déi richteg Debatt, wéi brénge mir et fäerdeg, datt Net-Lëtzebuerger déi hei schaffen, liewen, déi eng schaffen a liewen, déi aner schaffen nëmmen hei, ech denken un d'Frontalieren, wéi brénge mir déi mat och an eng Debatt mat eranzeféieren?

D'Chambre des salariés - war ech Aarbechtsminister, wéi ech de Projet de loi, wou mir de Projet de loi op den Instanzewee ginn hunn - do stëmmen d'Frontaliere mat. Wat stelle mir awer fest? Souwuel déi Auslänner déi hei wunnen, wéi d'Frontalieren hu sech wéineg dru bedeelegt. Dat heescht ee Wahlrecht ze ginn, wat een net ausnotzt, ännert och net vill an der Debatt. Dofir komm mir maache mol zum Beispill dat wat an där Debatt den Direkter vun der Chambre de Commerce gesot huet, de Pierre Gramegna, komm mir maache mol Internetforen, komm mir maache mol zu alle politeschen Debatten, kucke mol all déi Leit déi hei schaffen a Liewe mat enger Phase un dat Liewen ze interesséieren an da kann een duerno weiderkucken.

Dofir soen ech nach eng Kéier, mir läit ëmmer d'Qualitéit vun der Debatt um Häerz. Ech haassen Debatten jo an nee. Et gëtt am Liewen net jo an nee, mä et gëtt am Liewen net schwaarz a wäiss. D'Liewen ass gro an ech si frou wann an deem Groen, hell Téin dra sinn. A wann déi hell Téin och nach orange wären, wat meng Parteifaarw ass, da sinn ech ganz besonnesch frou.

Pia Oppel: Da soe mir mol et wär faarweg an dat ass dann och d'Schlusswuert vun dëser Sendung. Leider ass, si mir schonn um Enn vun der Emissioun “Riicht eraus�? fir haut. Merci Här Biltgen datt Dir hei bei eis am Studio waart.

François Biltgen: Ma ech si gäre komm, wéi ëmmer.

Pia Oppel: An eisen Nolauschterer Merci fir den Interessi an nach ee schéine Weekend.

Dernière mise à jour