Félix Braz au sujet de ses fonctions ministérielles

"Ech hat jo selwer nach als Deputéierte mat d’Initiativ geholl datt mir e Code de déontologie fir d’Chamber ustoussen. An ech mengen och datt dat um Niveau vum Parlament weider sérieux elo virugefouert gëtt, déi Diskussioun. Well ech mengen datt dat ganz wichteg Froe sinn, net nëmme fir eis Demokratie, net nëmme fir eis Biergerinnen a Bierger, mä fir déi, déi Responsabilitéit hu selwer och."

Jean-Claude Wolff: Félix Braz, et ass eng Première fir Lëtzebuerg, an och eng Première fir Är Partei. 30 Joer no der Grënnung sinn Déi Gréng mat hirer Regierungsparticipatioun, si se elo definitiv am politeschen Establishment ukomm. Kann een dat esou soen?

Félix Braz: Bein, wann ee Verantwortung huet, Matverantwortung huet fir d’Land, da kann een net soen, et hätt een eng Aussesäiterroll.

Jean-Claude Wolff: Dir sidd laang dobäi bei de Gréngen. Viru Joeren hätt ee sech schwéiergedoe fir sech gréng Ministere virzestellen, vläicht en Ëmweltminister, elo ass et awer Realitéit, Dir sidd Justizminister. Wat huet sech elo am meeschte geännert datt et esou wäit koum? Hunn Déi Gréng sech dem Mainstream ugepasst, oder huet d’Politik éischter sech deene Gréngen ugepasst?

Félix Braz: Bein, ech denken, et ass sécher e bësse vun deenen zwee. Mä ech menge wat wierklech geännert huet, ass, wann een d’Entwécklung vun de Grénge kuckt, dat ass d’Participatioun um kommunalen Niveau an der Verantwortung gewiescht, dat war, mengen ech, intern. An ech ka mech gutt un déi Zäiten erënnere wou de Robert Rings zu Suessem als éischte Gréngen an engem Schäfferot vun enger Proporzgemeng war. Dat huet am Selbstverständnis vun de Gréngen villes geännert, net nëmmen ze kritiséieren, net nëmmen aner Virschléi ze maachen, mä selwer och musse Verantwortung dofir ze iwwerhuelen, datt een am Alldag och net alles direkt ka maachen. Datt een also engersäits seng eege Politik développéiert, an anerersäits och muss e bësse Verständnis dofir hunn, datt een net alles an enger Kéier, an net alles direkt ka maachen. An dat huet, mengen ech, bei eis eng Entwécklung lassgetrëppelt, déi schlussendlech och iwwer nach méi grouss Gemengen, wéi d’Stad, wéi Esch, wéi Déifferdeng - wou mir och elo de Buergermeeschter stellen, an ech dem Roberto Traversini eng glécklech Hand dobäi wënschen, an och net drun zweiwelen, datt hien déi wäert hunn. Dat huet mat sech bruecht um Enn datt mir schlussendlech och iergendwou och prett ware fir d’national Verantwortung kënne mat ze iwwerhuelen.

Jean-Claude Wolff: Wann een elo d’Koalitiounsverhandlunge mat rechent an deene jo scho konkret déi Regierungsbildung am Raum stoung, sinn déi Gréng zanter gutt 100 Deeg elo an de Pouvoir integréiert.

Wat huet sech och fir d’Partei, wat huet sech och fir Iech elo als ee vun de Spëtzeleit geännert? Hutt Dir Är Approche zur Politik elo awer missen änneren? Ass dat eng grouss Ëmstellung elo fir Iech, och um nationalpolitesche Plang elo an der Verantwortung ze sinn, quitt datt Dir virdrun eben och als Schäffen zu Esch waart?

Félix Braz: Um nationale Plang ware mir bis haut ëmmer an der Oppositioun, eng Roll déi mir och, mengen ech, mat vill Asaz ausgefëllt hunn. Mä et ass kloer, ab där Sekonn wou een an der Verantwortung ass, ännert sech Mueneches, net nëmmen elo vum, ech soen emol, vum Aarbechtspensum hier, well dat war an der Chamber och schonn net kleng, mä d’Deeg si méi laang ginn trotzdem, d’Woch zitt sech bis an de Weekend eran, d’Aarbechtswoch, an et huet sech natierlech e Bewosstsënn geännert. Wann een Décisioune muss huelen, wann een alles muss assuméieren, och déi Saachen déi een nach net konnt änneren, oder do wou een nach keng Décisioune konnt huelen, dat ass jo de Fall bei deene meeschte Saachen, mä nawell muss ee se alleguer elo schonn assuméieren. An dat huet natierlech eng aner Siichtweis op d’Problematik, wiesentlech méi am Detail och nach wéi virdrun. Et huet een och mat deene perséinlechen Elementer ze dinn, wou ee sech vläicht virdrun nëmme mat der Saach u sech konnt beschäftegen, et ass een also och an der Gestioun ukomm vun engem Ministère, vun enger ganzer Rei Servicer, déi do mat drunhänken, et ass den Inhalt an och d’Gestioun. An dat kennen ech zwar, wéi Dir richteg sot, vun der Gemeng, mä trotzdem ass dat um Niveau vun engem Ministère eng zimlech grouss Aufgab.

Jean-Claude Wolff: Dat heescht, et ass méi Aarbecht elo e Projet de loi ze schreiwe wéi eng Proposition de loi?

Félix Braz: Et ass genee dat. An et ass och déi gesamten, dee gesamten Alldag, déi gesamte Realitéit vum Ministère, a vun der Justiz am allgemengen, déi mat ze géréieren an ze assuméieren, an ech wäert nach eng laang Zäit méi mussen assuméiere vun deem wat viru menger Zäit gemaach ginn ass, wéi vun deem wat ech selwer scho konnt änneren.

Jean-Claude Wolff: Dir sidd um nationale Plang elo mat der sougenannter Gambia-Koalitioun en neie Wee gaangen. Op kommunalpoliteschem Plang ass et eng, zu Déifferdeng elo eng DP-Gréng Koalitioun gewiescht, vun zwou Regierungsparteien déi elo zesummen an der Regierung sinn, déi ass zerbrach. Ass dat elo e schlechten Omen, oder ass dat reng lokal, géing Dir dat reng lokalpolitesch elo bewäerten?

Félix Braz: Ech mengen et ass guer keen Omen, et ass eng lokalpolitesch Situatioun, déi ech perséinlech e bësse bedaueren, well déi Aarbecht déi vun der Koalitioun tëscht dem Roberto Traversini an dem Claude Meisch gemaach ginn ass, awer eng, mengen ech, eng ganz gutt Aarbecht war. Mä aus Grënn, fir déi Déi Gréng elo wierklech net vill kënnen, ass se gebrach. An ech wënschen der neier Koalitioun vu menger Gebuertsstad wierklech vill Gléck. D’Stad Déifferdeng huet eng flott Zukunft fir sech, wa weider vill Efforte gemaach ginn. An ech mengen datt de Roberto Traversini kee Faulen ass, an och keen dee kee Courage huet.

Jean-Claude Wolff: D’Zeitung “De Feierkrop” huet gëscht geschriwwen, Dir, de François Bausch, de Claude Meisch, den Xavier Bettel, Dir hätt versicht de Roberto Traversini zu enger Weiderféierung vun der Blo-Grénger Koalitioun ze iwwerrieden. War dat en Thema an der Regierungskoalitioun, oder kënnt Dir confirméieren, datt do déi Pourparleren do waren?

Félix Braz: Ech hunn dat geliest, mä ech hu mam Roberto Traversini kee Gespréich gefouert an deem do Sënn. Et ass eng lokalpolitesch Décisioun, an déi ass geholl ginn am Gemengerot, wou et mech och iwweregens gefreet huet, datt den neie Buergermeeschter och mat Stëmme vun der Oppositioun ënnerstëtzt ginn ass, och, mengen ech, vun eenzelne Leit vun der DP. Dat stäerkt och e bësse seng Roll fir sech der neier Aufgab ze stellen.

Jean-Claude Wolff: Komme mir zeréck bei d’Regierung, bei d’Regierungsbildung. Dir sidd de Justizminister. War dat vu vireran den Dramjob fir Iech, dat war e Sujet mat deem Dir Iech vill an deene leschte Joeren als Deputéierte beschäftegt hutt.

Félix Braz: Ech hu mir déi Fro awer ganz spéit eréischt gestallt. Déi éischt Fro war de Wahlkampf ze bestreiden, an ee méiglechst gutt Resultat erauszeschloen. Dir wësst, datt mir net ganz zefridde ware mat eisem Resultat um Wahlowend.

Dat zweet Zil war, wou mir bis a Koalitiounsverhandlunge waren, déi zu engem positiven Enn ze bréngen. An zimlech spéit hunn ech mir d’Fro gestallt fir wéi e Ressort ech eventuell bereet wier zur Verfügung ze stoen.

An d’Äntwert op Är Fro ass awer jo, et war deen do. Ech war frou datt Déi Gréng probéiert hunn, niewent dem MDDI och de Justizministère ënnert hir Verantwortung ze kréien. An ech perséinlech konnt mir e Wierken an deem do Ministère am beschte virstellen.

Jean-Claude Wolff: Dir hutt elo just ee Ressort. An der Vergaangenheet war de Justizministère dacks bei Äre Virgänger méi oder manner en Niewenjob. War dat fir Iech keen Thema nach en zweete Ressort dobäi ze huelen, oder?

Félix Braz: Ech mengen net datt et en Niewenjob bei hinne war, mä si hu sech mussen deelen, oder opdeelen op zwee oder dräi Ressorten [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Wolff: Beim Här Frieden ass ëmmer e bësse gesot ginn, et wier en Niewenjob gewiescht. En huet selwer, mengen ech, eng Kéier um Geriicht gesot iwwer d’Entravegesetz, en hätt déi Zäit aner Saachen ze di gehat, dofir wier dat emol e puer Méint leie bliwwen. Dat richt jo awer e bëssen esou wéi aner Saache ware méi wichteg?

Félix Braz: Wat mech betrëfft, gesinn ech dat als e Ministère un, deen e fulltime Minister brauch.

An deenen éischte 6, 7 Wochen, wou ech elo do sinn, hat ech nach keen Dag wou ech mat manner wéi 12 oder 13 Stonnen eens gi wier. Dofir, ech mengen et ass genuch Aarbecht do fir e Minister deen dat dee ganzen Dag mécht. Dat ass am Ausland iwweregens och d’Regel.

Jean-Claude Wolff: Op de Justizminister komme grouss Reformen zou, zum Deel Dossieren déi mussen ofgeschloss ginn, wéi Justizreform, Verfassungsreform, déi scho méi laang an der Diskussioun sinn, awer och nei Themen. Am Kapitel Renouveau démocratique am Regierungsprogramm ginn der ugeschnidden. Dann ass natierlech och de Kapitel Gesellschaftspolitik een dee forcément, wat vläicht vill Leit net esou direkt matkréien, awer an Äre Ressort fält, well dat alles juristesch Texter sinn. Wou sinn da bei esou vill Dossieren Är Prioritéiten? Hutt Dir eng Prioritéitelëscht, oder gëtt do op villen Dossiere parallel geschafft? Wéi kann ee sech dat elo virstellen?

Félix Braz: Do gëtt op villen Dossiere parallel geschafft. An et ass jo och keng Aarbecht, déi de Ministère alleng mécht. D’Chamber spillt do eng ganz grouss Roll, dat heescht, wou mir och probéieren net nëmmen op Dossiere parallel ze schaffen, mä och op Dossieren Hand an Hand mat der Chamber ze schaffen.

Déi éischt Prioritéiten dat sinn déi Dossieren, déi elo scho lafen. Do sinn eng ganz Partie Texter, déi schonn an der Chamber leien, déi nach vun der virëschter Regierung déposéiert gi sinn, mä wou dës Regierung muss probéiere mat der Chamber séier ze evakuéieren.

Déi Texter wou mir selwer dru schaffen, dat sinn der natierlech am Beräich vum Familljerecht ganz vill. Dës Woch ass an der juristescher Kommissioun vun der Chamber eng Diskussioun iwwer de Mariage, wou mir dann och dee politeschen Accord, deen et scho virun de Wahle gouf tëscht de gréisste Parteie fir de Mariage homo zu engem Vote an der Plénière ze bréngen, wëlle weiderféieren.

Mir hunn awer nach aner Projeten, déi ganz wichteg sinn, a wou ech och wëll ganz séier e Projet déposéieren, dat ass an der Reform vum Avortementsgesetz, wou mir déi zweet obligatoresch Consultatioun jo net méi wëllen obligatoresch hunn. Deen Text misst kënne relativ geschwënn déposéiert ginn.

Dann hu mir eng ganz Rei aner Reformen. Den Divorce, wou den Text schonn zënter 2003 an der Chamber läit, deen nach ëmmer net zu engem Ofschloss komm ass. Ech wëll mech beméien, datt deen Text ganz séier elo kann zu engem Ofschloss bruecht ginn.

Awer och nach d’Froe vun der Adoptioun, déi deelweis am Mariagegesetz beäntwert ginn, wat déi homosexuell Koppele betrëfft, awer net ganz. Et bleift d’Fro opstoe vun der Adoption plénière, an d’Filiatioun am allgemengen.

Also do sinn eng ganz Partie Projeten, déi am breede Sënn vum Wuert an d’Familljerecht falen, déi fir mech alleguer wierklech prioritär sinn. A si si fir mech prioritär, well se wichteg sinn, well se d’Leit an hirem Alldag perséinlech treffen, perséinlech beréieren. Et ass, fir d’Liewensgestaltung vun de Leit sinn dat fundamental Texter. An dofir si se wichteg, net nëmme fir mech, mä ech denken och fir d’Chamber.

Jean-Claude Wolff: De Premier Xavier Bettel huet och annoncéiert, datt Dir géingt intensiv un deem neie Ministergesetz schaffen. Dat war vläicht en Dossier, dee vläicht wéi d’Regierungsbildung war, elo vläicht net esou akut geschéngt huet wéi en elo duerch d’Diskussioune vun de leschte Woche ginn ass. Wou ass deen Dossier drun? Gesäit een do schonn of wat kënnt do an dat Ministergesetz drastoen? Gëtt et do schonn eng...?

Félix Braz: Also fir mech war et schonn och virdrun, ech wëll net soen akut, mä wichteg, datt een do virukënnt.

Ech hat jo selwer nach als Deputéierte mat d’Initiativ geholl datt mir e Code de déontologie fir d’Chamber ustoussen. An ech mengen och datt dat um Niveau vum Parlament weider sérieux elo virugefouert gëtt, déi Diskussioun. Well ech mengen datt dat ganz wichteg Froe sinn, net nëmme fir eis Demokratie, net nëmme fir eis Biergerinnen a Bierger, mä fir déi, déi Responsabilitéit hu selwer och.

Ech emfanne Regelen, besser Regelen, méi Regele vläicht wéi elo, fannen ech och perséinlech als Schutz, an eng Garantie fir mech. Ech wëll genee wësse wourunner datt ech a menger Aarbecht gemooss ginn, fir déi Critèrë kënnen ze erfëllen, a mech da menger Aarbecht kënnen zouzewennen, well dofir ass ee jo ugetrueden. Als Minister vun enger Regierung huet een haaptsächlech eng Aufgab, nämlech déi, 5 Joer laang intensiv ze schaffe fir esou vill wéi méiglech sënnvoll a verstänneg Reformen ze maachen.

Wann ech mech de ganzen Dag muss mat deontologesche Froe beschäftegen, an all Dag der Press an der Ëffentlechkeet muss Ried an Äntwert stoen, no Critèren déi net festgeluegt ginn, no perséinlechen Aschätzungen, no perséinleche Moralvirstellungen och nach vun deem engen oder deem aneren, da ginn ech net fäerdeg domat. Dofir hätt ech gären, datt mir e kloere Corpus kréie vu Regelen, déi fir mech bindend sinn, an déi fir mech och d’Diskussioun clôturéieren, datt ech mech enger Aarbecht, an enger Missioun kann zouwennen, well dat ass dat éischt wat vu mir erwaart gëtt. Dofir waren déi Regele fir mech och virdru scho wichteg. Dofir stounge se och am Koalitiounsaccord. Dofir si se och vun eis virun de Wahle schonn thematiséiert ginn. Mir brauchen déi Regele fir besser kënnen ze schaffen, fir d’Autoritéit vum Pouvoir politique kënnen ze stäerken, an net ze fragiliséieren, a fir d’Legitimitéit vun eisen Décisiounen inébranlabel ze maachen.

Ech hätt also gären um Enn vun där Diskussioun, a vun deene Voten, e gestäerkte Pouvoir politique a kee geschwächten.

Jean-Claude Wolff: Wéi wäit wëllt Dir do goen, oder wéi wäit kënnt Dir do goen? Ech denke jo do geet et net just drëm wéini a mat wat fir enge Plaquen een dierf mam Déngschtauto fueren. Dat ass elo ee Punkt deen den Ament e bësse fokaliséiert ass. Mä wat kann ee sech nach ënnert deene Regelen do, Droits et devoirs des ministres, kënnt een et am Fong nennen, wat kënnt ee sech do nach virstellen?

Félix Braz: Dir erwänt den Auto, mä et ass generell d’Fro vun deem wat een zum Exercice vu senger Fonctioun als Hëllefen zur Verfügung gestallt kritt. Déi Fro ass generell gestallt, an déi solle mir och generell, mengen ech, beäntweren.

Mä doriwwer eraus soll a mengen Aen um Enn vun dësen Aarbechten en Text dobäi erauskommen, dee sech, wéi gesot, net nëmme mat de Flichte vun de Ministere beschäftegt, awer och mat de Rechter. Well fir den Exercice vun der Fonctioun brauch een och Rechter. Et brauch ee kloer Regelen, wéi gesot, déi ee stäerken am Exercice vun der Missioun.

An den Ëmgang mat all deene Froen, dee muss natierlech gekläert ginn. Mir sinn och amgaange schonn um Ministère intensiv drun ze schaffen. Ech krut och schonn eng éischt Note elo nach virun e puer Deeg nëmmen, iwwer e bëssen eng Étude de droit comparé, wou mir eis mat enger ganzer Rei vu Länner beschäftegt hunn, déi hir Regelen an där do Matière schonn opgestallt hunn. Dat ass Länner wéi Kanada, oder Däitschland, Schweden, Finnland, Neiséiland, Australien. Also wierklech e bësse weltwäit probéiere mir bescht Beispiller ze kucken.

Mir wäerten eis awer och nach beschäftege mat de méi direkten Noperen, wéi d’Belsch, oder d’Fransousen, oder d’Hollänner, awer och mat Organisatioune wéi dem GAFI zum Beispill, déi an der OECD, déi awer och am Beräich vun den Anti-Korruptiounsregelen eng ganz Partie Virstellungen hunn, awer och d’Europaparlament, fir de Volet vun der Chamber.

An ech denken, datt mir zu all de Froen Transparenzregelen, Iwwerganksregelen, wann een aus enger Regierung ausscheet, zu all deenen do Froen, mengen ech, solle mir probéiere kloer Regelen opzestellen. Dat ass eng legitim Erwaardungshaltung vun der Opinion publique, awer och, mengen ech, wéi gesot, zum besseren Exercice vun eiser Fonctioun.

Jean-Claude Wolff: Wéi gesot, Dir hutt och ugeschnidde wann een aus dem Amt ausscheet. An Däitschland ass déi grouss Diskussioun amgaangen iwwer d’Karenzzäiten, Affär Pofalla, dat heescht, do hutt Dir och konkret Virstellunge fir dat ze regelen?

Loosse mir soen, de Minister gëtt net méi, oder en Deputéierte gëtt net méi erëmgewielt, iergend eppes muss e jo do maachen. Kann ee sech do awer virstellen, wann e Karenzzäit huet fir verschidde Saachen, datt en dat awer iergendwéi, soe mir indemniséiert, wann en net kann erëm a säi Beruff schaffe goen, datt hien dann awer och dat awer misst entschiedegt kréien, oder wéi?

Félix Braz: Dir stellt d’Fro ganz richteg, an Dir weist och op den Dilemma hin.

Et ass kloer, wann een aus engem Amt erausgeet, an et ass een, et huet ee keen anert Amt, a keen anert Mandat, da muss een natierlech schaffe goen. Wann een da seet, Dir dierft a bestëmmte Beräicher net schaffen, da stellt sech natierlech awer d’Fro, vu wat kënne déi Leit dann am Iwwergank liewen? Dat ass eng Fro déi ee muss diskutéieren.

Ech menge mir sollen déi Froen do beäntweren, mir mussen eis se stellen, an och eng kloer Äntwert ginn, ënnert wéi enge Konditiounen datt een, wéi se an Europa dat nennen, nom cooling-off, wéi een do kann dee cooling-off organiséieren.

Mä do stelle sech prinzipiell Froen, an déi kënne mir net ignoréieren, wëssend, an dat soen ech och ganz kloer, mir kënnen net nëmme weltwäit an all den Texter wou et scho gëtt, an europawäit, eis iwwerall d’maximal Fuerderungen, déi et iergendwou gëtt, erauspicken, a mengen, d’Zesummeleeë vun all deene maximal Fuerderunge géing herno eng praktikabel a verstänneg Léisung erginn.

Mir mussen awer kucke bei all den Experienzen déi et gëtt, net just am Text, mä och an der praktescher Applikatioun herno awer aus all deem e kohärenten Text ze maachen, mat enger duebeler Kohärenz. E kohärenten Text, deen awer op Lëtzebuerg passt, op d’Realitéit vu Lëtzebuerg, mir sinn e klengt Land mat wéineg Leit, wou jiddweree jiddweree kennt, wou jiddweree souwisou alles iwwer jiddweree weess, a mir mussen da Léisunge fannen, déi pertinent si fir eis eege Situatioun.

A mir mussen och nach eng zweet Kohärenz hierstellen, dat ass mat aneren Texter, déi hei zu Lëtzebuerg an nächster Zäit wäerte gemaach ginn. Ech hunn et schonn erwänt, de Code de déontologie fir d’Chamber.

Mir wëllen awer och deontologesch Regele beim Staatsrot festgeluegt gesinn, dat ass och en Element wat am Koalitiounsaccord steet. Mir hätten awer och gäre Regelen, méi wäitgehend Regele fir d’Fonction publique, déi staatlech wéi déi kommunal. Mir hätten awer och gäre Regele fir de kommunale Pouvoir exécutif, an och fir d’Gemengerotsmemberen.

An et kann jo och do erëm net sinn, datt déi Regelen déi mir wäerte festleeën, komplett ausernee lafen, datt se keng Bindung ënnert sech hunn. Mir mussen also och do eng gewësse Kohärenz kréien tëscht de Regelen, dat spezifesch behandele wat spezifesch ass, an dat awer mat engem Fil conducteur behandelen, wat och iergendwou zesumme gehéiert.

An och do soen ech, bei all deene Regelen, déi mir dann herno wäerten hunn, hoffentlech an enger gewëssener Kohärenz an Homogenitéit, solle se ëmmer zum Zil hunn, d’Autoritéit vum Pouvoir politique ze stäerken an net ze fragiliséieren.

Mir sollen net déi Regelen esou wäit dreiwen, datt mir eis am Alldag, am Exercice vun der Fonctioun nëmme Steng an de Wee leeën, oder d’Hürd esou héich leeën, datt kee méi kann driwwer kommen, wou all Mënsch riskéiert all Dag driwwer ze falen. Et musse praktikabel Regele bleiwen, déi exigent sinn, an trotzdem praktikabel, an den Exercice vun der Fonctioun ënnerstëtzen. Dat ass fir mech e ganz wiesentleche Punkt. Mä ech hat et scho gesot.

Jean-Claude Wolff: Voilà, dat ass en Dossier wou Dir, wéi gesot, elo e bësse vläicht onverhofft séier gefuerdert gi sidd duerch déi  [gëtt ënnerbrach]

Félix Braz: Et ass e gewëssenen Drock do, ganz kloer, et ass eng Erwaardungshaltung do, a mir probéieren deen och ze respektéieren.

Jean-Claude Wolff: An ass do schonn ofzegesi wéini, hutt Dir Iech do schonn en Timing gesat?

Félix Braz: Bein, den Timing ass esou séier wéi méiglech, ouni et iwwer de Knéi ze briechen. Et brauch awer e bëssen Zäit, besonnesch wann et dorëms geet net elo fir déi Noten ze maachen, déi, mat enger Étude vun Droit comparatif. Déi Froen déi mussen tranchéiert ginn, déi sinn och relativ séier kloer.

Mä wann ee wëllt en Text schreiwen, wa mir, ech soen emol, fir et einfach ze erklären, wa mir an deem Text géingen am Beräich bleiwe vun den deontologesche Regelen, wou d’Sanktiounen nëmme politescher wieren, een dee sech net un d’Regelen hält, dee verléisst säin Amt oder säi Mandat, dann ass d’Schreiwe méi liicht.

Wa mir awer eriwwer ginn, an dat ass jo eigentlech den Hannergedanken och beim Wuert “Ministeschgesetz”, wa mir op de Wee wëlle goen, datt och kéinte penal Sanktioune fir bestëmmte Feelbehuele virgesi ginn, da gëtt d’Schreiwe vum Gesetz natierlech vill méi kriddeleg, an da muss een dat vill méi fein formuléieren, an dat brauch dann och e bësse méi Zäit.

Dofir, déi éischt Etapp ass d’Questions à trancher kloer festzeleeën, déi mir an der Regierung musse beäntweren. An da kënne mir soen, wat ass do dobäi erauskomm, gëtt et e méi deontologeschen Text mat politesche Sanktiounen, oder gëtt et en Text mat penale Sanktiounen, déi een dann noutgedronge méi Zäit brauch an der Redaktioun.

Jean-Claude Wolff: Aneren Dossier wou Dir och alt ëmmer erëm au fur et à mesure gefuerdert gitt, dat sinn Arrêtéen vun der Cour constitutionnelle. Wéi séier kënnt oder wëllt Dir do reagéieren, wann d’Cour elo feststellt, datt e Gesetz net verfassungskonform ass? Dat si jo och dann Dossieren déi net forcément op d’laang Bänk kënne gedréckt ginn?

Félix Braz: Dat ass eng ganz wichteg Fro, déi zu Lëtzebuerg en fait net beäntwert ass. Et gëtt Beispiller aus dem Ausland, wou gesot gëtt, wann en Arrêt, et ass jo ëmmer an engem bestëmmte Fall, esou ausfält, datt e Gesetz, oder en Artikel, oder e Passus vun engem Artikel fir anti-constitutionnel déclaréiert gëtt, da gëtt en an där Affär net ugewannt. Dat ännert dofir näischt u senger Existenz am Gesetz, well d’Cour ass jo net de Législateur. Do gëtt et eng Kompetenzopdeelung, déi dann direkt beim Parlament läit. Mir hunn dat zu Lëtzebuerg net wierklech tranchéiert.

An et gëtt eng Rei Arrêtéen wou een, jo, wierklech gutt géing doe méi séier kënne virun ze kommen, a mir sinn och amgaangen déi Saachen do duerchzehuele fir eng Prioriséierung kënnen ze maachen. Mä et bleift datt mir keng ad hoc Äntwert kënne ginn, och wann déi eng méi presséiere wéi déi aner.

Mir brauchen nach eng grondsätzlech Äntwert op déi Fro, wat ass de Status vu Gesetzer, oder vun Artikelen, déi fir anti-constitutionnel erkläert ginn. An déi Diskussioun gëtt am Moment och gefouert an der Chamber, wou se och eigentlech higehéiert.

D’Chamber ass amgaangen ze kucken am Kader vun der Verfassungsrevisioun, déi jo méi e groussen Hoff soll ginn, an och dofir nach e bëssen Zäit awer brauch, déi do Fro grondsätzlech ze regelen.

Wann dee Fall sech do stellt, gëtt dat just am lafende Prozess applizéiert, oder setzt dat deen Artikel ausser Kraaft, oder setzt dat carrément dat Gesetz ausser Kraaft, a wa jo, wéi wier dann den Iwwergank ze organiséiere mat eventuell aneren Affären, déi ähnlech gelagert sinn. Dat ass eng prinzipiell Fro, déi d’Chamber amgaangen ass prinzipiell ze beäntweren.

Mir kucken eisersäits eng Prioriséierung ze maache fir ze kucken ob do net awer e puer dobäi sinn, déi ee vläicht dann awer misst méi séier behandelen.

Jean-Claude Wolff: Misst do net eng Kéier generell vläicht e gewëssen Toilettage vun Texter gemaach ginn? Ech hunn elo rezent den Arrêt deen, wou ee vu virera wosst wat géing erauskommen, am Bommeleeër-Prozess ass en Artikel aus dem Code d’instruction criminelle opgefall, deemno Prënze vu keeserlechem Blutt, an de Grand-juge, dat wier an dësem Fall Dir, de Justizminister, net brauche viru Geriicht auszesoen, ausser de Keeser hätt se per Dekret autoriséiert. Do, ech mengen, et läit jo op der Hand, dat sinn nach napoleonesch Artikelen, datt déi net méi an den Text vun haut gehéieren. Do wier jo awer liicht en Toilettage gemaach. Ech mengen, där Saache si wahrscheinlech nach a verschiddene Gesetzbicher, oder?

Félix Braz: Also dat wat d’Cour do gesot huet, deelen ech ganz. Déi Texter si mat Sécherheet iwwerlieft, an et ass och keng Schwieregkeet fir déi ofzeschafen.

Jean-Claude Wolff: Dir hutt elo gesot, och dee ganzen Dossier dat, d’Verfassungsreform, d’Reform vum Justizwiesen, dat sinn Dossieren, déi scho laang am Gespréich sinn. D’Verfassungsreform, do war jo à un certain moment ugeduecht, datt dat nach kéint virun de reguläre Wahlen, wa se dann elo am Juni 2014 gewiescht wieren, datt dat nach do ofgeschloss hätt kënne sinn. Bon, do ass dann natierlech e puer Méint näischt geschitt eben duerch déi politesch Evenementer. Wou ass den Dossier, ech weess et ass en Dossier wou d’Chamber d’Initiativ huet, mä Dir sidd awer och do mat agebonnen, wou ass deen Dossier dann elo drun iwwer d’Verfassungsreform?

Félix Braz: Also ech hu laang op deem Dossier matgeschafft. Dat do huet ugefaangen no de Wahle vun 2004 ganz konkret ze ginn, a mir ware bal 10 Joer an der zoustänneger Institutiounskommissioun mat deem Dossier beschäftegt, an ech selwer als Vertrieder vun de Gréngen an där Kommissioun.

Dir hutt awer ganz Recht wann Dir sot dat do ass net nëmmen eng Matière wou d’Chamber d’Initiativ huet, dat do ass eigentlech eng ureege Matière vun der Chamber, an net vun der Regierung. A mir stinn natierlech ëmmer zur Verfügung als Regierung, a bréngen eis och do an.

E Beispill, wann driwwer diskutéiert gëtt ob ee soll op de Wee goe vun enger Cour suprême hei zu Lëtzebuerg, do gëtt et jo och e Projet, dann huet dat och eng direkt Implicatioun op d’Constitutioun, an natierlech ass dann de Justizminister och do fir seng Vuen der Chamber ze proposéieren. Mä et ass awer d’Opdeelung.

Wou si mir do drun? Majo, mir hunn an der Regierungserklärung kloer gesot, datt mir wëllen am Laf vum Joer 2015, dat ass d’Ambitioun, ob mir se da ganz respektéiert kréien, dat gesi mir dann. Mä vum Timing hier ass et d’Ambitioun am Laf vun 2015 zwee Referenden ze maachen, déi direkt mat der Revisioun vun der Constitutioun ze dinn hunn.

Den éischten, deen éischter soll ufanks 2015 sinn, do géinge mir gären eng Rei méi allgemeng a prinzipiell Froen dem Vote vun de Wielerinnen a Wieler ënnerwäerfen. Mir hunn an der Regierungserklärung 4 Froe genannt, virdru steet awer notamment, dat ass oft iwwersi ginn, datt do steet, notamment - et ass also keng ofgeschlosse Lëscht, a keng exhaustiv Lëscht - do wëlle mir och nach mat deenen anere Parteien aus der Chamber driwwer diskutéieren.

En Fonctioun vun de Voten a vun hirem Ausgang gëtt dann den Text finaliséiert am Laf vum éischten Hallefjoer 2015, fir da kënnen hoffentlech virum Summer 2015 engem éischte constitutionnelle Vote vum Parlament ënnerworf ze ginn.

Den zweete constitutionnelle Vote, dee jo fréistens dräi Méint duerno dierf stattfannen, dee gëtt an eiser Virstellung dann ersat duerch en zweete Referendum, wou dann d’Wielerinnen an d’Wieler alleguer kënne décidéieren ob déi gesamt Revisioun fir si akzeptabel ass oder eben net.

Dat ass wéineg Zäit, do ass nach vill Diskussioun, notamment och eng Diskussioun wierklech mam Vollek fir doriwwer ze féieren, déi musse mir nach organiséieren. Et geet jo net nëmmen duer e Vote ze proposéieren, et muss een och eng Diskussioun virdu kënne mat de Leit féieren. An do leeft d’Zäit eis scho bal fort, géing ech soen, fir déi Diskussioun ze féieren. Dofir musse mir déi ganz séier organiséieren zesumme mam Parlament, déi do awer eigentlech de Lead hunn.

Jean-Claude Wolff: Dat heescht, et gëtt en Kéier thematesch op Schwéierpunkten e Referendum, an eng Kéier dann herno de ganze Pak.

Just fir ze rappeléieren, déi Schwéierpunktthemen, Dir hat gesot, dat ass notamment, dat heescht, wat sinn elo déi kruzial Froen, Auslännerwahlrecht denken ech emol?

Félix Braz: Dat ass eng vun de Froen, déi mir genannt hunn. Mä wéi gesot, mir sinn och do am Gespréich mat deenen anere Parteien a Fraktiounen, well ech och prinzipiell der Meenung sinn datt, eng Verfassung ass näischt wat enger Majoritéit gehéiert.

D’Verfassung ass de Grondkonsens déi e friddlecht Liewen hei zu Lëtzebuerg vun all de Leit erméiglechen. An do soll ee sech beméien net eng Majoritéit vu 50,1% ze hunn, mä et soll ee sech wierklech intensiivst beméie fir eng méiglechst breet Majoritéit am Konsens ze kréien.

Et weess een datt et Punkte gëtt wou een divergenter Meenung ass, mä da muss een déi ausdiskutéieren, a kucken aus deenen Divergenzen esou vill wéi méiglech Gemeinsamkeeten awer erauszeschloen. Dofir wëll ech mech op där Lëscht och net festleeën, dofir ass och an der Regierungserklärung eng Lëscht proposéiert, wou “notamment” dobäi steet, well mir do am Gespréich wierklech mat jiddwerengem wëlle kucken déi Lëscht opzestellen. Dat halen ech fir den eenzeg gangbare Wee wann ee vun enger Ännerung vun eiser Verfassung schwätzt.

Jean-Claude Wolff: Voilà, dobäi si mir elo op der Halschent vun dëser Emissioun ukomm. An dann, mir maachen eng Paus fir den Noriichteniwwerbléck mam Gil Goebbels.

[Noriichteniwwerbléck vum Gil Goebbels]

Jean-Claude Wolff: An domat si mir am zweeten Deel vun der Emissioun “Riicht eraus”. Invité haut ass de Justizminister Félix Braz vun Déi Gréng.

Virun der Paus, virun den Noriichten hate mir den Thema Verfassungsreform undiskutéiert. Zur Verfassungsreform gehéiert och d'Justizreform. Här Braz Dir wëllt de Projet weiderféiere mat enger Cour suprême, virun allem och mat engem Conseil national de la Justice. Dee Punkt war jo awer op d’mannst an der Magistratur laang ëmstridden, well sech Suergen ëm d'Indépendance vun der Justiz gemaach gëtt. Wou sidd Dir mat deene Projeten drun? De Conseil national de la Justice, dat ass awer nach ëmmer eng Ambitioun déi d'Regierung, och déi nei Regierung huet.

Félix Braz: Mir wëllen d'Diskussioune weiderféieren. An der Regierungserklärung ass dat och esou beschriwwen.

Mir wëssen, datt dat zwou ganz wichteg Diskussioune sinn, déi grouss Reforme mat sech bréngen. Wa mir op de Wee vun der Cour suprême ginn, géing dat jo beinhalten, datt dann och am administrativen Ordre eng Cassatioun géing agefouert ginn. Et géing och heeschen, datt d'Cour constitutionnelle, ech soe mol, formal géing ofgeschaf ginn an dat géing ersat ginn duerch e bal generaliséierte Contrôle vun der Verfassungsméissegkeet op all den Niveauen. Dat si grouss Reformen.

An natierlech och de Conseil national de la Justice, wou vill iwwert seng Compositioun diskutéiert gëtt a vläicht net genuch iwwert seng Attributiounen.

Mir wëllen déi Diskussioune weiderféieren. Mir kennen d'Sensibilitéite vun der Magistratur, mä net nëmmen déi. Et gëtt och Sensibilitéiten op der Säit vum Justiciable, deen och eng Erwaardungshaltung huet.

Wat d'Onofhängegkeet vun der Magistratur betrëfft, wëll ech mech engagéieren, datt mir déi nach vervollstännegen. Lëtzebuerg ass sécher eent vun deene Länner wat op deem dote Punkt wéineg attackabel ass. Mir sinn e Rechtsstaat, mir hunn eng onofhängeg Magistratur. An an der Praxis fonctionnéiert dat och esou wéi et an den Texter virgesinn ass. Mä mir hunn awer nach e gewëssene Spillraum fir Verbesserungen an dee wëll ech gären ausreizen.

Notamment ass am Moment nach ëmmer den Nominatiounspouvoir schlussendlech beim Justizminister. Ech ënnerschreiwe lafend Saachen déi mat Nominatiounen an Avancementer an der Magistratur ze dinn hunn. Ech hunn do nach net eng eenzeg Kéier dat net respektéiert wat mir proposéiert ginn ass an dat war och virdrun, mengen ech, de Fall. Sou datt et vläicht eng Formsaach ass, wann ee seet, datt d'Magistratur hei net ganz onofhängeg ass vum Pouvoir politique. Mä trotzdem mengen ech, datt et besser wier, mir géingen dat och formaliséieren. An datt déi Onofhängegkeet wierklech komplett wier, an datt mir also an deem ze schafende Conseil national de la Justice eis iwwert d'Attributioune missten ënnerhalen, déi dann do sollen dra sinn.

Dozou gehéiert fir mech mat Sécherheet och deen dote Volet. Awer och am Beräich vum Disziplinarrecht, firwat net och am budgetäre Beräich, datt de Pouvoir politique, d'Chamber eng Enveloppe géing votéieren, an datt de Conseil national selwer sech géing iwwert d'Verdeele vun der Enveloppe mussen ënnerhalen.

Dat si fir mech déi wiesentlech Froen. Ech hunn do nach net op all de Punkten eng arrêtéiert Meenung. Déi Diskussioun soll gefouert ginn, net nëmme mat der Magistratur, mä och, awer och mam Parlament, fir ze kucke wou mir schlussendlech landen.

An ech mengen, datt mir dat och an där Reiefolleg sollen diskutéieren. Ech wëll am Fong d'Diskussioun iwwert d'Attributiounen als éischt féieren an ofschléissen, datt mir eis drop eens kënne gi wat mir wëlle fir Attributiounen am Conseil national de la Justice hunn. An da fanne mir och eng Zesummesetzung vum Conseil national, déi bei déi Attributioune passt. Well en Fonctioun vun der Ampleur oder net-Ampleur vun den Attributioune kann och d'Compositioun anescht ausgesinn. An ech mengen, datt mir vläicht am Moment e bëssen ze vill iwwert d'Compositioun geschwat hunn an de leschte Méint a Joren, a vläicht net genuch iwwert d'Attributiounen. Déi zwou Froe sinn enk matenee gebonnen. An ech hunn eng Preferenz fir d'Reiefolleg, fir d'éischt d'Attributiounen an da fanne mir och déi passend Compositioun, am Respekt vun der Onofhängegkeet vun der Magistratur, awer och am Respekt vun de legitimen Uspréch vum Justiciable op eng performant Magistratur.

Jean-Claude Wolff: Wa mir Magistratur schwätzen, schwätze mir normalerweis vun der Magistrature assise, wéi een esou schéi seet, dat heescht vun de Riichter. Et gëtt och d'Magistrature debout, de Parquet, deen am Fong geholl formell dem Justizminister wierklech ënnersteet, obschonn dat och an der Vergaangenheet an der Praxis ëmmer trotz allem mat enger gewësser Indépendance gehandelt gouf. Ech mengen, de Justizminister kann dem Procureur Uerder ginn eppes ze poursuivéieren, mä en däerf ëm net den Uerder ginn eppes net ze poursuivéieren, wann ech dat lo gutt esou verstanen hunn.

Ass do net ugeduecht vläicht fir de Parquet, als Ministère public, vläicht do méi eng, och formal gesinn, méi eng Indépendance ze ginn? Well theoretesch ass et de verlängerten Aarm vum Justizminister, awer ëmmer, rechtlech gesinn.

Félix Braz: Dir hutt d'Situatioun ganz richteg beschriwwen, dat war jo och mat eng vun den Argumentatiounen, wou et virun enger Rei Méint dorëms gaangen ass, de Rôle vum deemolege Justizminister an der Bommeleeër-Affär ze diskutéieren. En däerf eppes ustoussen, ma en däerf näischt probéieren ze bremsen. A sou ass et. An ech denken, datt och do d'Onofhängegkeet vum Parquet fir mech an där Verhandlungsmass ass déi mir hunn. Ech si gäre bereet do all Diskussioun ze féieren.

Jean-Claude Wolff: Mir haten och gesot, d'Verfassungsgeriicht, wat eventuell an enger Cour suprême do kéint opgoen, de Moment fonctionnéiert d'Verfassungsgeriicht just iwwert de Wee vu Questions préjudicielles, dat heescht, et ass kee Contrôle préalable méiglech, wéi zum Beispill bei engem däitsche Bundesverfassungsgericht. Dat heescht, hei muss een et wierklech zu engem Prozess komme loossen an dann an deem Fall eng Question préjudicielle zu engem präzise Fall stellen. Mat där Cour suprême, Dir hat lo schonn dat Wuert mengen ech och, den Accès, Dir hat en lo schonn ugesprach. Wéi stellt Dir Iech do de Rôle oder de Fonctionnement vun enger Verfassungsjuridiktioun an Zukunft vir?

Félix Braz: Wann de Projet vun der virrechter Regierung géing sou op en Enn goe wéi e virgesinn ass, mam Schafe vun enger Cour suprême, da géing d'Cour constitutionnelle ofgeschaf ginn, da kéint se also och net méi do si fir virdrun op esou Froen ze äntweren. Dat do ass awer nach net decidéiert. Déi Diskussioun leeft.

Ech wëll och just feststellen, datt déi Diskussioun ronderëm d'Cour suprême eng ass déi vu Regierungssäit deemools ugestouss gi war. Do gouf et keng Demande. Et gouf keng Erwaardungshaltung, kee groussen Drock, fir op deen dote Wee ze goen.

Anescht verhält et sech mam Conseil national de la Kustice. Do gouf et vill méi Diskussioun, vill méi Erwaardungshaltung, ob een net och, wéi an anere Länner, op de Wee vun esou engem Organ sollt goen. Wa mir also musse séier virukommen, dat mengen ech perséinlech och, datt et méi urgent wier op der Fro vum CNJ virunzekommen. Dat anert hätt à la rigueur méi Zäit, wa mir et dann net wéilte schonn an der Verfassungsrevisioun 2015 mat agebonnen hunn. Dann ass och do e gewëssenen Zäitdrock.

Déi Fro hänkt also dovun of, d'Äntwert op Är Fro hänkt also dovun of, ob mir op de Wee gi vun der Cour suprême, oder net. Ënnert anerem och dovun. Mä d'Regierung huet zu där do präziser Fro sech nach net festgeluecht a mir hunn och am Koalitiounsaccord op déi do Fro, an deenen doten Termen, keng Ausso gemaach. Dat gëtt also nach diskutéiert.

Jean-Claude Wolff: Dat do sinn eng ganz Rei wierklech méi grondleeënd Froen, och institutioneller Natur. Am Regierungsprogramm steet awer, geet awer och Rieds vum Afferschutz, dem Droit de la défense, vun der Méiglechkeet Sammelkloen ze maachen. Sinn dat am Fong déi méi kleng Projeten déi Dir do hutt, oder gitt Dir deenen awer och eng grouss Importenz? Dat schéngt jo awer e bësse sou méi kleng Dossieren ze sinn, wann een dat sou kuckt.

Félix Braz: Fir déi Leit an der Justiz ass et esou: fir déi Leit déi betraff sinn, ass et ni e klengen Dossier. An d'Justiz huet bal nëmme Kompetenzen a Beräicher wou d'Leit kënnen individuell dovunner betraff sinn. An déi Leit déi an deem dote Fall sinn, fir déi sinn dat dote keng kleng Dossieren. Ëmmer wann ee Kontakt mat der Justiz kritt, mat hirem Apparat, da fënnt een, datt dat extrem wichteg Dispositioune sinn, well déi hunn en Agrëff op äert Liewen.

Dofir géing ech mat Sécherheet net soen, datt dat kleng Dossiere sinn. Dir hutt mir bis elo haaptsächlech Froen zu deenen anere gestallt. Dir hutt vläicht am Fong méi déi Prioritéit an déi Gewiichtung gemaach wéi ech. Fir mech sinn et wichteg Dossieren.

Ech huele just dat lescht Beispill wat Dir genannt hutt, déi sougenannte Class actions, déi Actions de groupe. Ech mengen, datt dat fir d'Bierger ka vu ganz grousser Bedeitung sinn. Mir sinn e ganz klengt Land, mat, wéi den Alex Bodry mol gesot huet, mat deem gréissten Ausland op der Welt a mir sinn eng ganz oppen Ekonomie, wou praktesch all d'Firmen déi et op der Welt gëtt en zimlech liichten Zougang zu eis hunn. A wa mir eis vergläiche lo, mir zwee eEnzelner als Bierger an eng grouss multinational Firma, da wësse mir, wa mir mat där e Problem hätten, souguer wa mir eis géingen zesummendoen, dann hätte mir Schwieregkeete fir do kënnen d'Stir ze bidden. Einfach och, well Prozesser och Sue kaschten. D'Justiz huet leider och e Präis an och e Coût virun allem, a wann ee sech wëll géint eng Firma wieren, déi eng Arméi vun Affekote ka beschäftegen, wann et muss sinn, dann ass et kloer, datt een do als eenzelne Bierger Schwieregkeeten hätt.

Wat awer näischt drun ännert, datt ee vläicht Recht huet mat sengem Uleies. Da muss een och kënnen zu sengem Recht kommen.

An da muss een dann d'Class action organiséieren. Dofir brauche mir dat. Et ass Iech och net entgaangen, datt dës Regierung ee Verbraucherschutzministère geschafen huet, an et ass haaptsächlech am Beräich vum Verbraucherschutz wou mir déi doten Dispositioune wäerte gebrauchen. Et ass also fir mech kee klengen Dossier, an ech wäert do och an enker Zesummenaarbecht mam Kolleg Fernand Etgen aus der Regierung dat doten diskutéieren.

Wat mir och generell maachen. Ech hu fir eng ganz Rei vun deene Froen, déi Dir virdru scho gestallt hutt, och scho Reunioune gehat mat anere Kollegen aus der Regierung, notamment mat der Madame Mutsch, notamment op enger Rei Froen déi och Santés-Implikatioune kënnen hunn. Well mir dat wat de Premier gesot huet, als Equipe ze schaffen, wierklech wëlle fleegen. Mir sinn net méi déi Regierung wou jiddwereen a sengem Silo schafft an enger vertikaler Beweegung vun uewen no ënnen. Ma mir probéieren, eng Transversalitéit dran ze kréien, déi d'Aarbecht vun der Regierung an d'Qualitéit vun der Aarbecht, mengen ech, wäerte verbesseren. Dat do ass ee Beispill wou ech et mam Kolleg Etgen wëll applizéieren.

Jean-Claude Wolff: Wéi gesot, do kënnt och, Dir hutt et gesot, d'Justiz ass am Fong déi Instanz, oder dee Justizministère ass dee Ressort deen am Fong de Kader setzt fir politesch Akzenter déi awer vläicht an anere Ressorten leien. Ech denken do och u gesellschaftspolitesch Froen. Zum Beispill, ech denken do un d'Scheedungsgesetz, wou Dir scho virdru gesot hutt, wat zanter iwwer 10 Joer schonn an der Chamber hin an hir geeschtert, muss ee scho bal soen, ouni datt bis lo nach iergendwéi de Sak konnt zougemaach ginn. Do ass jo och familljepolitesch Iwwerleeungen, oder familljen-ideologesch Iwwerleeungen, déi do matspillen.

Wéi gesäit et mam Scheedungsgesetz aus? Meng Dir, datt awer elo, quitt datt deen doten Dossier schonn an der Chamber läit, mä Dir begleet jo awer als Ministère trotzdem och nach deen Dossier. Gëtt dat eng neverending story, oder ass awer lo iergendwéi do Liicht um Horizont ze gesinn?

Félix Braz: Et gëtt mat Sécherheet eng ending story.

Déi Fro déi ech mir stellen ass, ob een op deem bestehenden Text, dee scho sou laang ënnerwee ass, an och eben net zu engem Ofschloss komm ass, ob een op deem soll weiderschaffen, oder ob een net besser hätt deen Text zeréckzezéien an einfach en neie Projet ze schreiwen, dee sech op dat reduzéiert wat wiesentlech ass, an datt mir deen da méi séier kënnen an der Chamber zu engem Ofschloss bréngen.

An der Regierungserklärung gëtt et en Hiwäis dee seet, am Scheedungsrecht solle mir grondsätzlech den Divorce pour faute ofschafen a just nach bestoe loosse fir ganz rar, extrem Fäll, wou Violencë mat am Spill sinn, wou een dann awer den Auteur vun där Violence net komplett aus senger Verantwortung, och am Fal vun der Scheedung, wëll entbannen. Déi Indikatioun ass am Fong geholl kloer. An ech mengen, datt déi eenzeg Fro déi lo muss tranchéiert ginn, relativ séier, déi ass vun engem neien Text oder vum Weiderschaffen nach op deem alen. An dat ass eng Decisioun déi ech awer relativ séier wäert probéiere mat der Chamberskommissioun ze huelen.

Doriwwer eraus hutt Dir ganz Recht wann Dir sot, datt an der Justiz am Fong de Kader gesat gëtt. Ech géing mol net onbedéngt de Kader soen, mä d'Basis. D'Justiz ass keen Haus wat selwer exekutéiert an administréiert, ausser de Fall vun der Exécution des peines, deen ass ënnert menger Kompetenz, an natierlech ënnert där vun de Leit vun der Magistratur a vum Parquet. Mä grondsätzlech ginn an der Justiz Basisrechter a -flichten an Texter verfaasst. D'Ëmsetzung dovun ass oft an aneren Haiser.

Dir hutt d'Beispill genannt vun der Famill, dat ass e gutt Beispill. Awer och vun der Santé an anerer nach, oder och vun der Educatioun. Den ORK ass zum Beispill elo ënnert der direkter Kompetenz vum Educatiounsminister, vum Claude Meisch, wat awer net verhënnert, datt d'Gesetz iwwert d'Protection de la jeunesse och an der Justice weidergeschriwwe gëtt.

D'Justice mécht d'Basistexter mat de Rechter a Pflichten. D'Applicatioun dovu gëtt oft an aneren Haiser gemaach. An dat ënnersträicht nach eng Kéier wéi wichteg et ass, datt méi zesumme geschafft gëtt wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war. Et soll Transversalitéit an dës Regierung kommen an net just jiddwereen op sengem Koup a mat senger Iwwerzeegung a mat senger Autoritéit. Dat ass keng modern Gestioun vun enger Regierung. An de Premier ënnersträicht dat, an ech gleewen dat voll a ganz.

Jean-Claude Wolff: Dir hutt och lo schonn e bëssen ugeschwat, wa mir d'Divorcegesetz huelen, dat geet et och dacks, beim Divorce geet et ëm Kanner, ëm d'Autorité parentale. Déi ass jo vläicht méi liicht beim Divorce pour faute ze definéieren. Wéi stellt Dir Iech do vir déi Regelung? Et ass jo vun enger gemeinsamer Autorité parentale wou Rieds geet. A wat fir eng Richtung wëllt Dir do virgoen?

Félix Braz: D’Richtung ass den Intérêt vum Kand als éischt ze respektéieren. Dat ass den Haaptgrond. Et geet do manner ëm Divorce pour faute oder net pour faute. Et geet dorëms, wat ass dat Bescht am Intérêt vum Kand.

Grondsätzlech gëllt, an dat ass och d'Zil vun der Regierung, datt déi Autorité parentale conjointe d'Regel gëtt. Si gëtt zanter enger Rei Joren, ech soe mol glécklecherweis, och vun de Riichter zum Deel ugewannt. Obwuel et keng sérieux legal Basis zu Lëtzebuerg dofir gëtt. Dat mécht zwar net all Riichter d'selwecht, wat vun den Affekoten och bemängelt gëtt, mä d'Base légale ass och net kloer.

Dofir wëlle mir eng Base légale schafen déi kloer ass op där doter Fro. An eiser Virstellung soll d'Autorité parentale conjointe d'Regel ginn, an d'Ausnam wier da begrënnt mam Intérêt vum Kand. Dat wat also haut zum Deel Praxis ass op de Geriichter soll a menger Virstellung séier d’Realitéit vum Text ginn, dat ass de wuelverstanenen Intérêt vum Kand, an dee wëlle mir verfollegen.

Jean-Claude Wolff: Bleiwe mir bei de Kanner. Do geet et och ëm d'Adoptiounsrecht, do ass jo och net alles ëmmer ganz kloer, notamment och en vue vum gläichgeschlechtleche Mariage. Op wat fir ee Wee wëllt Dir do goen, mat Adoptioune fir gläichgeschlechtlech Koppelen? Dat war bis lo ëmmer sou net majoritär oder net majoritéitsfäeg gewiescht an der Vergaangenheet. Dir gesitt awer lo do den Usaz. Ass dat och Äre Wëlle fir generell de Mariage, de gläichgeschlechtleche Mariage sou anzeféieren, mat alle Rechter a Flichte wéi bei heterosexuelle Koppelen?

Félix Braz: Ech hunn do e bëssen eng aner Aschätzung wéi déi déi Dir lo formuléiert hutt. Mäi Gefill ass, datt mir an der Chamber bal eng Unanimitéit hunn op der Fro, ob ee soll éischtens de Mariage fir gläichgeschlechtlech Koppelen opmaachen an zweetens och dofir, datt si sollen och d'Recht kréien eng Demande ze maache fir d'Adoptioun. Ech wëll dat och eng Kéier präziséieren: kee vun eis huet e Recht op Adoptioun, ausser d'Kanner selwer. Et huet keng hetero-Koppel, et huet keng homo-Koppel oder eenzel Leit – well zu Lëtzebuerg däerf ee jo och scho laang individuell eng Demande stelle fir Adoptioun an do freet keen, wann Dir Jonggesell sidd an Dir wëllt adoptéieren, do freet kee wat Är sexuell Orientatioun ass. Also, et gëtt haut scho bestëmmt Jonggesellen déi zu Lëtzebuerg eng Adoptioun hunn dierfe maachen, déi homosexuell sinn. Et ass also näischt wierklech Neies, wann een éierlech ass mat sengem Text.

Hei geet et dorëms, lo nach wat d'Koppele betrëfft dat propper ze formuléieren. Mä ech soen et nach eng Kéier, et geet ëm d’Rechter vun de Kanner dorop, adoptéiert ze ginn an domatter hir perséinlech Situatioun ze verbesseren. An déi Leit déi se adoptéieren, do soll een ebe keen Ënnerscheed maachen ob et eng Koppel ass déi gläichgeschlechtlech ass oder net gläichgeschlechtlech ass.

An der Chamber hate mir e Konsens doriwwer, datt mir de Mariage, homo-Mariage wëllen opmaachen, en Accord an deem och d'CSV mat dran ass, scho vu virun de Wahlen un. A wou mir och wollten d'Adoption simple direkt an deem Text do mat dramaachen. D'Fro vun der Adoption plénière, well ech mengen do kann et keen Ënnerscheed och ginn. Et kann een d'Koppelen net ënnerschiddlech behandelen, och net bei der Fro vun der Adoption plénière. Mä do ass d'Iddi, fir dat eventuell ze regelen am Kader vun enger gréisserer Reform vun der Adoptioun insgesamt. Woubäi da Froe sech stellen, ob een iwwerhaapt nach soll eng Adoption plénière hunn oder net? Ob een net soll just op d'Adoption simple iwwergoen? Do gëtt et eng Rei Leit déi dat plädéieren, mat den Argumenter aus der Vue vum Kand. Mä et ass eng schwiereg Diskussioun an ech wëll och do kenger Conclusioun virgräifen ier mir do eng sérieux Diskussioun gefouert hunn.

Mä ech si frou, datt mir zu Lëtzebuerg op deenen dote Froen anescht diskutéiere wéi zum Beispill am Moment eis Noperen a Frankräich, wou déi Debatt do e bëssen aus dem Rudder gelaf ass; wou mat homophobe Relanen, fir dat mannst ze soen, mat Momenter an der Opinion publique argumentéiert gëtt. Ech sinn eigentlech houfreg drop, datt mir déi doten Argumentatiounen hei zu Lëtzebuerg sachlech an am Respekt vun de Betraffene bis elo diskutéiert hunn an ech mengen, datt dat och dobäi bleift.

Jean-Claude Wolff: Dir hutt gesot, d'CSV als gréissten Oppositiounspartei ass mat am Boot. Eng Partei ass op d’mannst net mat an deem Boot, dat ass d'ADR. Net méi spéit wéi gëschter huet de Fernand Kartheiser, den Deputéierte vun der ADR, nach vun enger anti-natalistescher Politik, vun enger kannerfeindlecher Politik geschwat an en huet ënnert anerem e Referendum zum gläichgeschlechtleche Mariage gefuerdert. Kënnt Dir Iech dat virstellen, déi Fro engem Referendum ze ënnerstellen, oder ze ënnerwäerfen?

Félix Braz: Ech deelen dem ADR seng Meenung op där do Fro net, och net dem Här Kartheiser seng. Ech hunn do bal op all de Froe meeschtens eng aner Meenung wéi hie selwer, mä ech géing awer mat dofir streiden, datt en d'Recht behält seng Meenung auszedrécken, mir si jo e fräit Land.

Neen, ech mengen, d'Regierung huet sech op deenen dote Froe kloer festgeluecht. Ech denken, datt mir op der Fro vum Mariage homo ganz séier zu engem parlamentaresche Beschloss kommen. Dat ass eng gutt Saach. An ech mengen, datt mir déi ganz séier wäerten hei zu Lëtzebuerg op enger belaaschtbarer legaler Basis stoen hunn, an dat clôturéiert dann och déi Diskussioun.

Jean-Claude Wolff: Ech kommen nach eng Kéier zréck vläicht op d'Adoptiounsrecht. Mat der Adoption simple, der Adoption plénière, déi jo e bëssen a Fro gestallt ass, well do am Fong d'Originë vum Kand, d'Lienen do total gekappt ginn. Lo kollidéiert dat e bësse mam Recht vun de Kanner ze wëssen, hir Originen ze kennen. Kann dat den Ausschlag ginn, datt eventuell d'Adoption plénière an Zukunft carrément ofgeschaf gëtt, ebe fir ze garantéieren, datt all Kand d'Méiglechkeet huet erauszefanne wie seng biologesch Eltere waren?

Félix Braz: D'Diskussioun ass nach méi komplizéiert, well do ka jo och en Element nach erakomme vum Accouchement anonyme. Och dat ass eng Fro déi schwiereg ze tranchéieren ass, op där mir och scho schaffen am Ministère, an och net als Ministère vun der Justiz alleng, mä och do hu mir d'Initiative geholl, anerer mat op den Dësch mat bäizehuelen.

Och do gëtt et e Spannungsfeld tëscht deem wat eng Mamm da mécht, oder zumindest eng Mamm da mécht fir wëllen anonym ze accouchéieren, an da gläichzäiteg dem Recht vu Kanner fir ze wëssen, wat hir Originë sinn.

Bei der Adoption plénière a simple ass et e bëssen anescht gelagert. Bei der Adoption simple bleiwen d'Kanner iergendwou och nach a Reschter an hirer Famille d'origine mat dran. Si sinn en fait an zwou Famillje mat dran, wat hir rechtlech Situatioun betrëfft, notamment bei Ierfschaftsfroen. Bei der Adoption plénière gëtt wierklech all Lien mat de biologeschen Elteren, all juristesche Lien mat de biologeschen Eltere gekappt. Dat heescht net dofir, datt si déi net kennen. Dat kann dat heeschen, mä et muss net dat heeschen. Mä et ass haaptsächlech e juristesche Lien dee komplett gekappt gëtt am Fall vun der Adoption plénière, während am Fall vun der Adoption simple dat net sou de Fall ass.

A voilà, d'Spannungsfeld, Dir hutt et beschriwwen. Et ass den Intérêt vum Kand op d'Connaissance vu sengen Originë géint dat komplett Aliewen an der neier Famill. Mir hunn haut eng Situatioun déi béid Forme kennt. Et gëtt keen Text vun der Regierung dee géing soen, datt mir dat wëllen ofschafen. Mä et ass natierlech eng Diskussioun déi mir wäerte féieren am Kader vun der Reform, der genereller Reform vum Adoptiounsrecht. Do sinn déi dote Froen op der Dagesuerdnung, an do wäerte mir dann och zu enger Conclusioun musse kommen, woubäi ech och do soen, do geet et als alleréischt ëm d'Intérête vum Kand, an dat sinn och déi déi eis do solle guidéieren.

Jean-Claude Wolff: Voilà, mir komme lues mä sécher zum Schluss vun dëser Emissioun. Ech wollt awer nach een Thema uschwätzen, wat och onse Beruffsstand, deem Dir jo och mol ugehéiert hutt, e bësse concernéiert. 

Félix Braz: E féiert zu allem, wann een zur Zäit doraus erauskënnt.

Jean-Claude Wolff: Voilà – an dat ass d'Pressegesetz. Wat lo net direkt an der Kompetenz vum Justizminister läit, och an der Kompetenz vum Kommunikatiounsminister, mä trotz allem ass am Kader vum Bommeleeër-Prozess elo vun engem Journalist kritiséiert ginn, datt de Quelleschutz ze vague formuléiert war. De Marc Thoma, fir en net ze nennen, huet dowéinst refuséiert sech vereedegen ze loossen a gouf alles an allem zu 1.000 Euro Amende veruerteelt. Kokasserweis am Fong déi éischt Condamnatioun iwwerhaapt am Bommeleeër-Dossier.

Kann ee sech virstellen, datt déi Formuléierung vun deem Informanteschutz, deem Quelleschutz, datt dat eng Kéier awer och op de Leescht geholl gëtt, wat jo trotz allem awer am Oflaf och vun engem Prozess, also vum Fonctionnement vun der Justiz, och e bëssen an Ärem Ressort läit? Hutt Dir Iech do scho Gedanken driwwer gemaach, fir do eng Kéier vläicht deen Text ze reformuléieren?

Félix Braz: Ech wäert sécher net e Commentaire doriwwer ofginn, wat d'Riichterin, d'Madame Conter, do decidéiert huet. Si huet bestëmmt hir Grënn fir dat ze maachen.

Wat eng méi allgemeng Fro iwwert de Quelleschutz betrëfft, do muss ech Iech awer leider wierklech bei den zoustännege Minister verweisen. De Kommunikatiounsminister ass de Premier, an dat ass jo net üblech an enger Regierung, datt een an de Kompetenzberäich vu Kollege Commentairen era mécht. Wann awer de Premier mech drop uschwätzt, da soen ech him meng Meenung.

Jean-Claude Wolff: Hutt Dir Iech Är Meenung do scho gemaach?

Félix Braz: Oh, déi géing ech mat him am Gespréich da fäerdeg erörteren.

Jean-Claude Wolff: Voilà, domat si mir um Enn vun dëser Emissioun “Riicht eraus” ukomm. Eisen Invité haut war de Justizminister Félix Braz vun Déi Gréng. Merci fir de Besuch am Studio, Här Braz.

Félix Braz: Merci fir d'Invitatioun.

Jean-Claude Wolff: An den nächste Rendezvous mat der Emissioun “Riicht eraus”, deen hutt Dir dann haut an enger Woch.

Dernière mise à jour