Weideren Austausch mat de Vertrieder vun der APATE (Association du personnel administratif, technique et éducatif de l’administration pénitentiaire) iwwert d’Aarbechtskonditiounen an eise Prisongen an an der Prisongsverwaltung, awer och iwwert déi aktuell Erausfuerderungen, besonnesch de Besoin u weiderem Personal an adaptéierten Infrastrukturen. Dëse reegelméissegen Dialog ass essenziell fir zesumme konkret Verbesserungen um Terrain auszeschaffen.🤝🏻 Eng modern a gutt funktionéierend Prisongsverwaltung baséiert op engagéierte Mataarbechter, gudden Aarbechtskonditiounen an engem sécheren Aarbechtsëmfeld.