A la Une
Attributions
Les attributions du ministère sont définies par le règlement interne du gouvernement.
Actualités
-
En 2025, 8.223 personnes ont obtenu la nationalité luxembourgeoise
Pendant l'année 2025, un nombre total de 8.223 personnes ont obtenu la nationalité luxembourgeoise à la suite des procédures de naturalisation, d'option et de recouvrement.
-
Elisabeth Margue assiste à la conférence informelle des ministres de la Justice au Conseil de l'Europe à Strasbourg
En ce 10 décembre, Journée internationale des droits humains, la ministre de la Justice a participé à la réunion informelle des ministres de la Justice au Conseil de l'Europe à Strasbourg.
-
Elisabeth Margue a participé au Conseil "Justice et affaires intérieures" à Bruxelles
Une part importante des discussions a été consacrée à la lutte contre l'impunité des crimes commis dans le cadre de la guerre d'agression menée par la Russie contre l'Ukraine.
-
Renforcement de la lutte contre le crime organisé
La lutte contre le crime organisé et la criminalité grave constitue une priorité politique. Pour relever ce défi, les autorités judiciaires doivent disposer non seulement des ressources humaines nécessaires, mais également des outils procéduraux ...
Le ministère sur Facebook
Op der Neijoerschreceptioun vun de Verwaltungsgeriichter huet d'Justizministesch Elisabeth Margue déi gutt Zesummenaarbecht gelueft an dem President vun der Cour administrative Francis Delaporte dofir Merci gesot. D'Haapterausfuerderung bleiwen d‘Delaien um Tribunal administratif. Fir déi Delaien ze reduzéieren an d’Vertrauen an eise Rechtsstaat ze stäerken, soll e.a. en Asyl- an Immigratiounsgeriicht, als eng spezialiséiert Sektioun vum Verwaltungsgeriicht, gegrënnt ginn. De Gesetzesprojet gouf e Freideg vum Regierungsrot adoptéiert. Dës nei Entitéit soll 16 Magistraten hunn, dobäi kommen sechs zousätzlech Poste fir d'Verwaltungsgeriicht an ee fir d'Cour administrative. D’Elisabeth Margue huet dann och e weidere Gesetzesprojet ugekënnegt fir d'Schafe vun enger spezialiséierter Filière fir d'Rekrutéierung vu Magistrate beim Verwaltungsgeriicht.
Um Neijoerschpatt vun de Justizautoritéiten huet d’Justizministesch Elisabeth Margue dem Procureur général d’État, John Petry, an dem President vum Ieweschte Geriichtshaff, Thierry Hoscheit – perséinlech an och stellvertrietend fir hir Ekippen – e grousse Merci fir déi gutt a konstruktiv Zesummenaarbecht am Laf vum leschte Joer ausgedréckt. Zesumme bleift d’Zil fir 2026 kloer: eng Justiz, déi méi séier an effikass schaffe kann – am Déngscht vum Bierger an engem staarke Rechtsstaat. Eng Justiz, déi gutt funktionéiert, brauch déi néideg Moyenen. D’grondleeënd Erausfuerderungen – méi Personal, méi Plaz, méi Tempo bei der Digitaliséierung a bessere Prozeduren – gi bis 2028 konsequent weider ugaangen: ✅ Personal: An de leschte Joren hu mir d’Justiz schonns massiv opgestockt – souwuel bei de Magistraten, wéi beim administrative Personal. Vun 2024 bis 2027 wäert d’Unzuel u Magistraten mat iwwer 100 neie Posten ëm méi wéi 30 % klammen. Den Accès op d’Magistratur hu mir méi breed opgemaach an d’Formatioun gëtt iwwerschafft. ✅ Digitaliséierung: 2025 hu mir fir méi Tempo gesuergt an d’Koordinatioun tëschent de wichtegen Acteuren – Justizautoritéiten, Barreauen, Notairen, Huissieren an dem Ministère – verbessert. ✅ Infrastruktur: Nei Surface fir déi kuerz- a mëttelfristeg Besoine goufe fonnt. 2026 analyséiere mir d’laangfristeg Besoinen am Detail en vue vum Bau vun enger neier Cité judiciaire. ✅ Effikass Prozeduren & Sécherheet: Mir hunn der Justiz nei Instrumenter am Kampf géint organiséiert Kriminalitéit a Gewaltverbrieche ginn an éischt Projeten fir méi séier Prozeduren ëmgesat. 2026 deposéiere mir d’„Procédure accélérée“ a gesi wieder gréisser gesetzlech Fortschrëtter am Kampf géint geschlechtsbaséiert Gewalt vir. Mat dësen Efforte gëtt d’Vertraue vun de Biergerinnen a Bierger an eise Rechtsstaat an eis Justiz gestäerkt. #LëtzebuergStäerken #effikassJustiz #staarkeRechtsstaat ©SCPJ
Dernière modification le